Wat ass dann fir d’Elteren virgesinn?

D’Regierung war ugetrueden, et misst onbedéngt gespuert ginn, fir dass di nächst Generatiounen net sollen, duerch d’Scholden, déi elo gamaach ginn, ze vill belaascht ginn.

Zu hirem Spuerprogramm huet gehéiert, dass keng allocation de maternité, keng allocation d’éducation méi géifen bezuelt ginn (zwar mat der Ausso, fir keng falsch Akzenter ze setzen, mä trotzdem…), d’Kannergeld ass vum zweeten Kand un erofgesat ginn, an d’Rentrée scolaire och. De neie Congé parental ass och net dat, wat d’Elteren sech erwaart haten. Besonnesch, wann een vun den Elteren wëll hallef Deeg schaffen, fir méi Zäit ze hunn bei de Kanner ze sinn, an obwuel, d’Regierung eis selwer gesot hat, dat wär eng ideal Léisung!

Haut, bemol, huet d’Regierung sech d’Saach anescht iwwerluecht a geet fläisseg Suen léinen fir z’investéieren.

Suen sinn elo do, vun Investissementer gëtt geschwat: awer, een Investissement gëtt nees vergiess: d’Investissement an d’Kand, an d’Gebuergenheet vum Kand. Suguer de groussen Economist, Nobelpräis, Prof op der Uni zu Chicago, den James Heckmann seet: « De Mammen soll gehollef ginn, gutt Mammen ze sinn, well dat wat e Staat elo an d’Familljen investéiert, huet en e puer Joer duerno gespuert.«  (Dat bescht Investissement http://www.famill.lu/?page_id=1619)

Hat d’Madame Ministesch, net suguer eng Kéier gesot: « All Mamm wëllt fir hiert Kand dat Bescht. » Wat fir eng Bedeitung huet dann nach dee Saz, wann eng Mamm net däerf Mamm sinn, wéi si sech et wënscht, wann si weess, wat fir hiert Kand dat Bescht ass an him dat net däerf ginn? Wann se muss schaffe goen, well et soss, vir an hannen net duergeet?

Eng jonk Mamm hat dësläscht zu mer gesot, firwat misst si nom Congé parental, op enger friemer Plaz schaffen, wou se doheem eng wichteg Aarbechtsplaz hätt. Doheem géif se méi gebraucht ginn wéi bei engem Patron. Si kinnt dach hirem Kand méi ginn wéi eng Educatrice, déi et villäicht gutt mengt, awer ni déi Léift hirem Kand ka ginn, wéi si selwer!

Et ass d’Léift, déi d’Basis ass vun all Léierprogramm. Et ass emol fir d’alleréischt dat, wat e Kand brauch, ier et ka Wëssen ophuelen. Mä deen Aspekt gëtt ze vill oft ignoréiert.

An esou eng jonk Mamm, gëtt dann net eecht geholl.

An der Newsletter vun « Verantwortung für die Familie«  stong: « Einzelne Menschen mögen sehr fürsorglich sein, aber Liebe ist das eine Ding auf der Welt, das eine Firma nicht liefern kann. Heute ist Kinderbetreuung ein Geschäft, die Kunden sind die Eltern, nicht die Kinder.« 

D’Betreiungsstrukturen sollten eigentlech eng Alternativ sinn, wann di zwee Elteren hir Aarbecht gären hunn an wëssen, hir Kanner si gutt betreit. Mä, nimools sollen se den Zweck hunn, d’Kanner vun hiren Elteren ze trennen, wann se net prett dofir sinn. Wa jiddereen de Choix hätt, da géif et di Massebetreiung vun eise Kanner net ginn an d’Educatricen kinnten sech Zäit huelen fir op all Kand eranzegoen an hinnen Vertrauen a Sécherheet entgéint bréngen.

Suguer, de Marco Schank, Deputéiert, war eng Zäit Hausmann fir seng 3 Kanner. Well, fir hien a seng Fra war kloer, ee vun hinnen géif bei de Kanner bleiwen. Dat sot en am Interview am Télécran: « Daher würde ich die Entscheidung wieder treffen, trotz aller Widerstände…. Hausmann zu sein bedeutet finanzielle Einschnitte, die sich infolge der aktuellen Regierungspolitik etwa beim Kindergeld verstärken. » (« Hier kommen die Hausmänner »; Télécran vum leschten 22. Oktober )

An obwuel, d’Chambre des Salariés, d’Caritas an nach Organisatiounen ëmmer nees soen, d’Familljen mat Kanner wären gefährdet fir an d’Aarmut ze falen, si keng Investissementer fir si virgesinn.

Sinn si net wichteg genuch?

Isabelle Schmit-Mines

14.11.2016

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *