CaRabA: de Commentaire vum Raquel (1)

CaRabA: de Commentaire vum Raquel (2)

D‘Kanner a Jugendlecher brauche Begleeder a Leit, déi hinnen noläuschteren, déi se an hirem aktuelle Wëssen ënnerstëtzen an se net forcéieren an eng bestëmmten Richtung ze goen. Empathesch Mënschen di de Kanner, hirem Wiesen, an hirer ënnerlecher biologescher Auer vertrauen an hinnen ze verstoe ginn, dass hire Wee genau de richtegen ass egal ob den Aussenstehenden net direkt versteet, wou de Wee dann lo hiféiere soll. 

Wat ginn eis Genien verluer duerch d‘Schoul!

Nei a flott Beruffer géifen bestëmmt entstoen!

Ech sinn der Meenung, dass wann d‘Kanner an d‘Schoul misste goen fir léieren ze schwätzen, goen an Velofueren an nach all di aner wonnerbar Saachen di se vum selwen léieren mat vill Spaass, Begeeschterung an Virwëtz, kéinten et di Meescht am Lycée mol nach net, well d‘Schoul een net fuerdert a bild, mä verréckt mécht an depressiv… 

Zitat vun engem Kand: D‘Schoul ass e Gefängnis wou mer forcéiert ginn ze schaffen!“ Dat seet jo alles…

Wi schéin dogéint am Film gewise gëtt wat aus engem ka ginn wann ee sech fräi entfalen däerf!

Dramberuff? Well d’Schoul ass jo kee Garant eppes geléiert ze hunn. Do gëtt een souwisou just a Kategorien agedeelt (ganz gutt, gutt, manner gutt, guer net gutt an hoffnungslos) an et geet een guer net op di eenzel Talenter an. D‘Kanner di dann an de Schoulsystem passen hunn di gréissten Chancen e gudden Beruff ze kréien.

Mä wat ass iwwerhaapt e gudde Beruff? Zeechent sech e gudde Beruff aus duerch méi Schoul? Bedeit dat, dass e Beruff wou ee vill Schoul brauch méi wichteg ass? Bedeit dat, dass ee méi Kompetenzen huet, well ee laang an d‘Schoul gaangen ass? Bedeit vill Schoul méi Intelligenz? Ass eët all Beruff wichteg deen dem Mënsch an der Gesellschaft notzt?

Wa mir Erwuessener missten fonctionnéieren wi d‘Kanner an der Schoul, dann misste mer jo och alleguer dat selwescht kënnen an eis fir dat selwescht interesséieren. 

Als Erwuessener hu mer och verschidden Interessien a verhalen dat wat eis interesséiert an de Rescht vergiesse mer. Leider ware mer och Kanner di an d’Schoul gaange sinn an also och vergiess hunn, wien mer wirklech sinn. Da gi mer oft schaffen a Beräicher di eis guer nët zousoën, well mer halt mussen Suen verdingen an et eisen Dramberuff nët gëtt oder mer domadden nët iwwerliewe kënnen. Wann een d‘Leit freet ob se hiren Dramberuff maachen, ass d‘Äentwert oft NEE. Wi traureg!

Mir läuschteren net op eis a liewen net, mä fonctionnéieren an engem System deen mer sou acceptéieren a virgelieft kréien. 

De ganzen System ass awer leider faul a fir eppes ze bewierken, bréngt et näischt sech iwwer den System opzereegen an ze hoffen, dass deen sech ännert, mä vill méi géif et eppes bréngen domadden unzefänken seng Kanner „ganz einfach“ nët méi an d’Schoul ze schécken, well se sech dann fräi entfale kënnen mat all den positiven Konsequenzen. Natierlech ass dat nëmmen machbar (sou eng Zukunftsvisioun wi am Film) wann nach vill aner Saachen sech änneren, well et hänkt ALLES zesummen

Raquel

11. November 2019

Kleng Remarque: Am Film gëtt dat Wuert Kand net gäeren benotzt, well et eng negativ Konnotatioun huet, an deem Sënn, dass direkt mol viräusgesat gët, dass e Kand nët all Rechter huet wi en Erwuessenen an och gesot muss kréien wéi e Wee et anzeschloën huet.


Liest och de Leitartikel vum Michèle Gantenbein: Der Elefant im Raum

(Luxemburger Wort, den 11. November 2019)

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *