Si gi net gefrot…

Schweden huet laang als dee Modell gegollt, fir Kannerbetreiung. Schweden huet d’Elteren encouragéiert schaffen ze goen an deenen et schwéier gemaach, déi et anescht wollte maachen. Si hunn eis et virgemaach – mat all de Konsequenzen! Konsequenzen, déi, mënschlech gesinn, eng Katastroph ginn ass. A mir? A mir, wëllen per force, ee Modell iwwerhuelen, deen iwwerlieft ass, ee Modell, deen eng grouss Zuel vu Mënschen un d’Verzweiflung bruecht huet. A Schweden gouf et dunn méi Suiciden, méi « tentatives de suicides », méi Depressiounen. D’Psychopharmaka hat bei jonke Fraen säit dem Joer 2000, ëm 400% zougeholl!

Och de Schoul- an de Bildungsniveau vun den schwedesche Schüler ass op eemol drastesch erofgefall.

D’Regierungen an de skandinavesche Länner hunn elo agesinn, dass dee Modell à la longue net kinnt fonktionnéieren an hunn ëmgeduecht.

Schweden, Norwegen, Finnland hunn virun enger Zäit, e Betreiungsgeld agefouert, wann d’Kand doheem versuergt gëtt, bis dass et 3 Joer huet: « Eines der wichtigsten Argumente für das Betreuungsgeld, war in allen drei Ländern die Entscheidungsfreiheit für Eltern » (Dr Annelise Ellingsaeter).

Entscheidungsfreiheit: dat ass dat wat mir ëmmer nees froen. Sou muss Demokratie ausgesinn. An net, dass all Kand an dat selwecht Schema gedrängt gëtt.

« Einer Gelbbauch-Unke wird von den Grünen mehr Respekt entgegengebracht, als einem weinenden Kleinkind oder einer Mutter, die gern und mit ganzer Seele Mutter ist… ein einjähriges Kind braucht kein Bildungsprogramm, sondern ein Bindungsprogramm »sot déi gréng Politikerin, Lena Kürschner, an engem Bréif… un déi Gréng).

D’Elterenaufgab ass eng vun deene wichtegsten, wann net déi wichtegst Aufgab, déi eis uvertraut gëtt. An domadden däerf net gespillt ginn:  » Sie bringen einem der wenigen, Ihnen voll und ganz anvertrauten Menschen bei, zu lachen, zu lernen und zu lieben. Etwas noch Wertvolleres werden Sie nie wieder in Ihrem Leben tun. « *

Keng Mamm däerf als nëtzlos ugesi ginn, wann hir éischt Prioritéit ass, sech ëm hir Kanner ze këmmeren, hinnen de Stress vun enger Friembetreiung ze erspueren, wann se spiert, d’Kand gëtt nëmmen ongécklech dobäi. „Erspuert de Kanner dach esou gutt et geet, den Drock a Stess (resp., eng konstant Erhéijung vum Kortisolwäert), dee bekanntlech Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir ass…“ sou sot et d’Sarah Bock, op dësem Site.

Wann d’Tanja, eng jonk Mamm, op dësem Site seet: « Neen, ech well net, datt meng Kanner all Dag d’Oueren an de Kapp wéi hunn, well esou vill Kamédi ass », muss si duerfir diskriminéiert ginn?

D’Familljeministech hat eng Kéier, um Neijooschpatt vun der DP gesot: « D’DP mécht eng Politik fir deene Leit d’Liewen méi einfach ze maachen, déi all Moies opstinn fir schaffen ze goen. » Si mer wierklech an eiser Gesellschaft ukomm, wou nëmmen déi Mënschen respektéiert ginn, déi schaffen « ginn »? Aarbecht dobaussen, virun dem Mënsch?

Fir déi Leit, déi wëlle schaffe goen, ass et jo gutt, dass et Strukturen ginn. Fir déi Leit, déi hiren Beruff gären ausüben, ass et berouegend ze wëssen, dass hir Kanner a gudden Hänn sinn.

An di aner Elteren? Elteren sinn, ass dat keng Aarbecht? Méi wéi eng Mamm ass och schonn an Depressioune gefall, well se gemengt huet, hir Aarbecht wär näischt Wäert. Elteren sinn, ass fir all Elteren eng grouss Verantwortung an all Elteren musse kënne begleet ginn a gehollef kréien. A net eréischt wann et ze spéit ass.

* (Aus dem Buch: Lieben, lachen und erziehen » vun Steve und Shaaron Biddulph, Heyne Verlag).

Isabelle Schmit-Mines

09.07.2018

Liest och an dësem Kontext :

Modell Schweden

Daddy at home, en Temoignage vum Jérôme

Vater Mutter Staat

Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir vum Sarah Bock

Mir ënnerstëtzen och d‘Petitioun Nr 1024 fir dass di steierlech Ongerechtegkeet fir Familles monoparentales, soll endlech ophéieren

an d’Petitioun 1049: Für die Einführung eines sich an der Armutsgrenze orientierendem BEDINGUNGSLOSEN GRUNDEINKOMMENS (BGE) zur Förderung des freien, bewusstseinsfördernden, individuellen Denkens und der sozialen Zukunft Luxemburgs.

www.chd.lu

 

Agenda

 

Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat : dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren

Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindes nei Artikelen

 Liens utiles :

Initiativ Liewensufank: www.liewensufank.lu

Association pour la vie naissante: http://www.vienaissante.lu/

FAPEL: http://www.fapel.lu/

(dës Lëscht kann gären completéiert ginn, sot eis Bescheed).

 

Répondre à Suzanne Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

254 thoughts on “Si gi net gefrot…

  • 17 avril 2018 à 17 h 24 min
    Permalink

    Ech spillen lo mol einfach « Lieschen Müller » a proposéieren eng Léisung: Wann déi Persoun, déi hier Kanner doheem betreit, géing als beruffstäteg ugesin géif ginn a géing eppes verdéngen mat däer Arabecht, da kéinten déi Meescht sech et leeschten, doheem ze bleiwen an déi Meescht géingen dat och maachen. Da géinge jo Milliarde gespuert kënne ginn, déi lo a « Strukturen » gestach ginn. Et ass jo schliesslech e Beruf (an net ze knapps). Vu, dass hautdesdaags awer déi Meescht zu 2 MUSSE schaffe goen, well si soss net iwwert d’Ronne kommen, leeft alles kromm hei. Dëslescht hun ech ënner engem aaneren Artikel gelies: Elteren menge jo sie MISSTEN zu 2 schaffe goen . Ech behaapte mol, dat sinn déi mannst. Mäi Rot un d’Politik: Maacht einfach aus Mamm/Papp e Beruff. Selbstverständlech mat Pflichten a Rechter. Gittt deem, deen dëse Beruff ausübt, eng Paie. Dat géif vill méi bëlleg ginn an et wier vill besser fir d’Kanner!

    Répondre
    • 31 mai 2018 à 13 h 21 min
      Permalink

      Dozou kann ech nemmen soen « RICHTEG ESOU »

      Répondre
  • 19 avril 2018 à 18 h 27 min
    Permalink

    Mir verkafen Liewenszäit géint Geld ouni ze wëssen wat Geld ass a wéi et funktionéiert. Mir probéieren mat Konsum Gléck ze produzéieren ouni ze wëssen, wat ons glécklech mécht. Mir glorifizéieren d’Demokratien ouni ze wëssen wat dat Wuert iwwerhapt heescht. Firwat gëtt an de Medien e Bild vun der moderner Fra verkaaft, déi schaffe geet? Firwat gëtt de Mann an der Werbung nach just als Hampelmann presentéiert? Firwat gi Kanner, déi méi aktiv am Denken sinn mat Drogen konform gemaach? Kann dee beschten Erzéier, e Papp oder eng Mamm ersetzen? Wat sollen di Erzéier vermëttlen an wien entscheed dat? Firwat ënnerstëtzt all Regierung an Europa e System, wou d’Famill mat hiren ursprénglëchsten Fonktiounen zerstéiert gëtt? Geet et wierklech ëm d’Kanner oder geet et ëm d’Gesellschaft vu muer, déi haut scho geplangt ass? Et läit bei ons, ob mir matspillen oder nei Weeër sichen! An, jo, et ginn der!…

    Répondre
    • 31 mai 2018 à 13 h 29 min
      Permalink

      Et ass jo wierklech esou traureg, dass fir dat Materiellt op der Welt, alles
      gemaach gëtt, fir Geld a Muecht, awer fir d`Liewen, fir Kanner, aal Leit, krank Leit,
      an haptsächlech fir d`Familljen als Ganzt, ëmmer manner.
      Eng Fra oder e Mann as näischt Wäert, wann e wëll bei senge Kanner sinn,
      an se net nëmmen a Friembetreiung wëll ginn, Wirtschaft, Wirtschaft, dat muss
      fluppen, et ass einfach traureg…………….

      Répondre
  • 24 avril 2018 à 14 h 17 min
    Permalink

    Ech kennen ganz vill Kanner, an di sinn am léifsten bei hiren Elteren (ech weess dat), suguer, deels meng Teenien am Lycée. Si hu sech deels esou eleng doheem gefillt (well d’Elteren zu 2 schaffen) dass se fräiwëlleg bei maer an der Schoul bliwwen sinn, wann ech no 2 Auer nach do eppes ze knëschelen hat. An déi hunn hier Elteren esou vermësst! Traureg eigentlech! Ech woar gär an der Schoul, awer gefreet hunn ech mech fir heem, wann se eriwwer war, wou ech wousst dass een do war, deen ËMMER en oppent Ouer hat fir meng Problemer, nämlech meng gutt Mamm. Wat e Luxus, a wéi schued, dass dat an esou engem räiche Land wi Lëtzebuerg, haut e Luxus ass.

    Répondre
  • 29 avril 2018 à 12 h 20 min
    Permalink

    Ëmmer méi eng grouss Offerte vun Kannerstrukturen, Maison relais an Crêchen, dat ass dee falschen Wee. Wat se do alles sollen léieren, kréien se méi flott an einfach an den Sportvereiner an Musékschoulen an léieren do, mat aneren Kanner all Sproochen di se brauchen, vum selwen.

    1. Elteren kréien net mé mat, wéi hier Kanner sin
    2. Sportvereiner kréien keng Kanner zu normalen Zäiten an hier sou wichtig Aktivitéiten; Strukturen bréngen Kanner net a schränkt Vereiner extrem an, an hieren Organisatiounen.
    3. Den Musékunterricht leid och enorm, dat Kanner ze vill an Strukturen sinn; si kënnen hiert Instrument guer net, üben iwwert d’Woch an de Weekend ass Rou:). Mëttesstonn konnten mir ëmmer Musékcoursen halen; ass elo doduerch, datt d’Schoul riecht duerch bis 14.30 oder 15.30, Schoul hunn onméiglech ginn an Zäit duerno ass enorm ageschränkt ginn.
    4. Och Samsdes hun nach Kanner am Eisleck Schoul; si sinn net all dispo fir aner Aktivitéiten.

    Well se net méi genuch sech selwer kënnen beschäftigen mat Sport a Musék huelen Agressivitéiten och zou, well nëmmen nach méi « agespaart » sinn an den Maison relais an Crêchen, dat soll Noutléisung bleiwen!!

    Répondre
  • 1 mai 2018 à 7 h 04 min
    Permalink

    Et ass effektiv esou, dass an der lescht mer vill Leit an eisem Ëmfeld erzielt hunn, wéi midd hir Kanner sinn, dass se kräischen, well se net méi (sou vill) an d’maison relais wëllen. Leit, déi virdrun awer ëmmer fonnt hunn, dass dat jo flott ass fir d’Kanner an och gutt fir se ass. Mat der Zäit fänkt e Kand un sech ze « wieren ». Et kann dat oft net verbal (an oft gëtt de Kanner net nogelauschtert!). Dofir äussert sech dat ënnert enger anerer Form: si sinn wibbeleg, midd, traureg, aggressiv, onmitivéiert, onkonzentréiert, hunn Schoulschwieregkeeten…
    An elo ass et awer esou, dass d’Elteren, déi dat elo mierken an verstin, et änneren WËLLEN mee net onbedingt KËNNEN! De Patron accordéiert net, Stonnenreduzéierung. An genau DO misst eis Regierung eppes maachen. Deelzäitaarbecht misst accordéiert ginn! Ech schwätzen do net an engem Zäitraum, bis Kanner 18 Joër hunn, ma villait fir Kanner ënner 8 Joer. Dat wier jo mol een Léisungsusaatz. Well och wann Leit sech et finanziell kinnten leeschten manner ze schaffen, kënnen se sech et awer net leeschten, ze riskéieren hir Aarbecht ze verléieren.

    Répondre
  • 9 mai 2018 à 12 h 24 min
    Permalink

    Et wär dach alles sou einfach! De Staat bräicht nëmmen déiselwecht Somme un déi Elteren ze ginn, déi wëllen déi éischt 3 Joer doheem bei hire Kanner bleiwen, mat der Bedingung, datt se gingen hiren Bäitrag an d’Pensiounskeess bezuelen, a schonns wieren se ofgeséchert !

    Répondre
  • 21 mai 2018 à 18 h 36 min
    Permalink

    « On valorise trop les choix rationnels,,,. On ment à l’homme: on lui fait croire que sa grandeur, c’est d’être intelligent et rationnel, alors que la vie est plus compliquée et qu’il y a des choses qui sont supérieures à la raison. » (Charles Pépin, philosophe)

    Répondre
  • 24 mai 2018 à 11 h 30 min
    Permalink

    „Wer unter Druck und Stress steht, wird auch in seinen Beziehungen eher trockene Rationen austeilen, Stress ist nun einmal ein sehr effektiver Beziehungskiller. Und deshalb wird sich niemand wundern, dass auch das Klima in der Gesellschaft einen Einfluss darauf hat, welche »Kinderbilder« gerade im Angebot sind. Wo die Erwachsenen unter Stress stehen, sich fürchten oder in ihrem Selbstwertgefühl beschädigt sind, dominieren auch in Bezug auf die Kinder, eher die harten, pessimistischen Töne. (Dr Herbert Renz-Polster)

    Répondre
  • 29 mai 2018 à 13 h 13 min
    Permalink

    Bei der ADR steet d’Kand , seng Bedürfnisser an seng Rechter wierklech am Mëttelpunkt, an dat net nëmmen um Pabeier.
    Si fuerdert och fir déi Elteren doheem, déi hir Kanner wëllen déi éischt Joren selwer erzéien, déiselwecht Ennerstëtzung wéi fir déi, déi wëllen schaffen goen,
    a si trëtt bei allem an fir den fräie Choix.

    Répondre
  • 30 mai 2018 à 17 h 07 min
    Permalink

    Et ass effektiv esou, dass an der lescht mer vill Leit an eisem Ëmfeld erzielt hunn, wéi midd hir Kanner sinn, dass se kräischen, well se net méi (sou vill) an d’maison relais wëllen. Leit, déi virdrun awer ëmmer fonnt hunn, dass dat jo flott ass fir d’Kanner an och gutt fir se ass. Mat der Zäit fänkt e Kand un sech ze « wieren ». Et kann dat oft net verbal (an oft gëtt de Kanner net nogelauschtert!). Dofir äussert sech dat ënnert enger anerer Form: si sinn wibbeleg, midd, traureg, aggressiv, onmitivéiert, onkonzentréiert, hunn Schoulschwieregkeeten…
    An elo ass et awer esou, dass d’Elteren, déi dat elo mierken an verstin, et änneren WËLLEN mee net onbedingt KËNNEN! De Patron accordéiert net, Stonnenreduzéierung. An genau DO misst eis Regierung eppes maachen. Deelzäitaarbecht misst accordéiert ginn! Ech schwätzen do net an engem Zäitraum, bis Kanner 18 Joër hunn, ma villait fir Kanner ënner 8 Joer. Dat wier jo mol een Léisungsusaatz. Well och wann Leit sech et finanziell kinnten leeschten manner ze schaffen, kënnen se sech et awer net leeschten, ze riskéieren hir Aarbecht ze verléieren.

    Répondre
  • 24 juin 2018 à 11 h 40 min
    Permalink

    Wann d’Kanner an der Schoul solle matkommen, ass d’Léisung net, per force an der Crèche, Franséisch ze léieren, mä et ass all Dag, wou se an der Schoul solle matkommen, d’Hausaufgaben maachen, liesen a verstoen, wat se léieren. A wann d’Elteren sech interesséieren fir dat, wat se an der Schoul léieren, sinn se op der gewonnener Säit.

    Répondre
  • 4 juillet 2018 à 11 h 59 min
    Permalink

    « L’oiseveté est mère de tous les vices »

    Répondre
  • 11 juillet 2018 à 12 h 36 min
    Permalink

    Komme grad aus Schweden an Dänemark. Do gesäit een vill Elteren, di sech décidéiert hunn bei de Kanner ze bleiwen bis se an d’Schoul ginn. Et as cool ze gesinn 🙂!!! Konsequenz: d’Spillplazen an Caféen, Bäckereien, Stroossen, si gefëllt mat sozialem Liewen 😉 Mammen a Pappen, di sech austauschen oder de Kanner nolafen, Kanner di hier Rascht am Buggy halen, Elteren di op de Spillplazen, Mëttes mat de Kiddies picknicken etc. Wow! « Way to go », hu mer hei….

    Répondre