Hir Zukunft läit an onsen Hänn…

Et gëtt een dem Gefill net lass, dass di immens Recherchen, déi am Sënn vun der klenger Kandheet gemaach gi sinn, lénks leie gelooss ginn.

All di Wëssenschaftler, Pediatren, Psychologen, Pedagogen wëssen genee, wat fir e Kand wichteg ass. Mä d’Economie, d’Finanzwelt an als Konsequenz, d’Politik, gesinn d’Kanner mat aneren Aen. An dat Schéint, dat Wäertvollt, wat e Kand an sech dréit, kann esou, bemol zerbriechen.

Dobäi geet et jo awer, ëm kleng Wiesen, kleng Wiesen, déi esou vill brauchen, déi sech net kënne wieren, déi e riesegt Potenzial hunn, dat séier zerstéiert ka ginn, wann et net adequat ëmgesat gëtt.

Op eisem Site si schonn vill Wëssenschaftler zu Wuert komm, déi regelmässeg virun enger Katastroph warnen, wa mer de Kanner net méi Versteeste-mech entgéint bréngen. Et muss nees agesi ginn, dass d’Kanner hiren eegene Rhythmus hunn an dass dat, wat fir dat eent gutt ass, et net onbedéngt fir dat anert ass.

Chantal Weis : « Och aus menger Siicht vun der Stëllberoderin ass et katastrophal fir Mamm a Puppelchen sou fréi ze trennen. D’WHO recommandéiert, och fir Lëtzebuerg, en ausschliesslecht Stëllen bis de Puppelchen 6 Méint huet, an dann, niewt adaptéierter Beikost e Weiderstëllen bis d’Kand min 2 Joer huet. Vill Etuden hu bewisen, dass d’Stëllrate extrem ofhëllt, wann d’Mammen bis rëm schaffe ginn. »

Dr Herbert Renz-Polster: « Um dieses Fundament des Lebens aufzubauen, braucht es also mehr als pädagogische Angebote… Diese Agenda der Kinderjahre kann – anders als die Erweiterung des Zahlenraums – in keinem späteren Lebensabschnitt nachgeholt werden.«  An aner Wierder : Mathematik, kann e Kand nach spéiderhinn léieren, d’Gesetzer vun der Natur och. Mä, wat en ni méi ka léieren, dat sinn e puer Fähegkeeten, déi en als Bebé an als klengt Kand iwwerliwwert kritt, iwwer de Wee vun der Affectioun, wéi z.B., spéiderhinn, seng Emotiounen ze kontrolléieren, Empathie, Kreativitéit, asw.

Corinne: «… sinn grad an enger Formatioun, well dat Pflicht ass wann een am sozialen Beräich schafft. Eis gëtt hei gesot, dass d’Fréifërderung mat de Sproochen bei sou klenge Kanner totale Quatsch ass !!» Staark Kanner??

Jutta Lux-Hennecke : « Lasst die Kinder Kinder sein! Ein Kind ist kein kleiner Erwachsener. Jedes Kind hat ein Recht auf Eltern, auf Fürsorge und auf Wertschätzung. Es liegt in unserer Hand, das entsprechende Umfeld für eine positive Entwicklung zu schaffen. Dem Staat obliegt es, die Familien entsprechend zu unterstützen, denn die Kinder sind die Zukunft unserer Gesellschaft. « 

Prof. Dr. Claude Muller:  « Stellt Iech vir, do ass e Kand, dat doheem, 2-sproocheg opwiisst, z.B., portugiesesch a rumänesch. Doheem huet et jo dann schon 2 Sproochen, déi et matkritt. Seng Sproochentwécklung ass a Gefor, wann et an eng Crèche kënnt, zu engem Zäitpunkt, wou seng Mammesprooch nach net gefestegt ass. An d’Mammesprooch ass d’Basis fir aner Sproochen ze léieren. Dann, an der Crèche, léiert et nach Lëtzebuergesch plus Franséisch. Sot mir, wéi dat Kand mat deenen verschiddene Sproochen eens gëtt. Wéi vill Stress muss et matmaachen? » http://www.famill.lu/?page_id=4662

Birgit Kelle: « Dass man uns als Mütter aus dem Haus treiben will, und unsere Kinder als Säuglinge direkt gleich mit, in fremde Hände schickt, ist deswegen ein Angriff auf das, was das Fundament unserer Gesellschaft ausmacht: die Familie. Es ist die Axt, die an die Wurzel angesetzt wird.« D’Politik léisst d’Mammen eleng, well fir si, d’Fra nach just als Aarbechtskraft gesi gëtt.

Jesper Juul: « Die Kinderbetreuung ist zu wichtig, um sie allein den Politikern zu überlassen.«

Huele mer di däitsch Familljeministesch, Manuela Schwesig. Kann et sinn, dass si, aus der DDR stamend kaum versteet wat eng Elteren-Kand Bezéiung ass an duerfir sech méi fir Friembetreiung asetzt wéi fir d’Elteren? (sou gesäit et wéinstens den Mathias vun Gersdorff). An esou Leit, hunn dann d’Soen iwwer eis Kanner…

D’Zukunft vun de Kanner, vun där di zukünfteg Gesellschaft ofhängt, ass eng ganz grouss Verantwortung, wou et net duer geet, den Avis vun e puer „Experten“ ze kréien an dann eng fundamental Ännerung an der Kandheet erfir ze ruffen.

Eis Zukunft läit an den Hänn vun de Kanner, déi mar grouss sinn. Wéi eng Kanner, wéi eng Erwuessener wëlle mer?

Isabelle Schmit-Mines

15.01.2018

Liest och eis Bäitreeg:

Lieserbréif vum Petra Stober : « Wie es so kam, wie es kam »: Gedanken zum Artikel am Wort, « Die Abwärtsspirale im Bildungswesen » 

 

Mir ënnerstëtzen och d’Petitioun: Prise en charge plus élevée par la Caisse de Maladie pour les aides visuelles et reconnaissance comme handicap

http://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1062

Agenda :

FAPEL: « Klassenrat und Peer Mediation« , de 24. Januar um 19,30 Auer

FAPEL: « Elternvertreter: Rechte und Pflichten« , de 27. Januar 2018 vun 9 – 12 Auer

FAPEL: « Anregungen für die Kleinsten« , den 3. Februar 2018 vun 9 – 13 Auer

 

FAMILYLAB

 

STEP:

Vie naissante: pour la protection de la vie

Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat : dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren

Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindes nei Artikelen

 Liens utiles :

Initiativ Liewensufank: www.liewensufank.lu

Association pour la vie naissante: http://www.vienaissante.lu/

FAPEL: http://www.fapel.lu/

(dës Lëscht kann gären completéiert ginn, sot eis Bescheed).

 

Répondre à Tanja Annuler la réponse.

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

228 thoughts on “Hir Zukunft läit an onsen Hänn…

  • 14 novembre 2016 à 12 h 03 min
    Permalink

    Déi Fra schléit eng ganz flott Methode fiir, wéi d’Kanner méi motivéiert a méi effektiv léieren. Liest d’Buch, et ass derwäert!

    Répondre
  • 16 novembre 2016 à 11 h 29 min
    Permalink

    Ech fannen et einfach en Hohn, all Dag liest oder gesäit een nei Etuden, Berichter vun Fuerscher etc, …aaner Länner änneren hire Familljemodell, fir datt d’Kanner nëmmen kennen doheem betreit ginn. Waat mécht eis Regierung: komplett de Géigendeel, Kanner sollen, (oder mussen) geschwënn vun Friemen betreit ginn,…..fir datt Mamm a Papp schaffen. A firwat? Fir de Wuesstum vum Land ze finanzéieren. Um Bockel vun de Generatiounen déi no eis kommen. Wonnerbar!!! Dann brauche mer keng Kanner, wann mer se nit méi gesinn! Komme mer sou lues fir, weé beim Momo, all Freed, all Farwen, all Laachen vun eise Kanner solle mer nit méi matkréien. Alles gëtt gro?! Eist Ländchen fänkt un bizarre ze ginn!!! Wéi wär et dann wann eis Politiker bessi besser géingen matt de Suen haushalten, bessi manner verdingen, an wann jidderen bessi verzicht fir datt mer rëm glécklech Kanner hunn, déi doheem sinn? Oder si glécklech Kanner an Familljen näischt méi Wäert well se kee Profit bréngen? Aaremt Lëtzebuerg!?

    Répondre
  • 20 novembre 2016 à 17 h 32 min
    Permalink

    Sinn och bei menge Kanner heiheem bliwwen an, jo, muss een méi lues machen, mä dat war et mir Wäert. Et muss een net alles hunn, et soll een mat dem zefridden sinn, wat een huet, mä et dréit sech bei ganz ville Leit alles ëm Suen ….

    Répondre
  • 30 novembre 2016 à 13 h 49 min
    Permalink

    Si huelen de Kanner hir Kandheet ewech.

    Répondre
  • 6 décembre 2016 à 18 h 10 min
    Permalink

    Ech verfollegen Är Méi, bleift drun. Weiderhin vill Kraaft an hoffentlech Erfolleg wënschen ech iech.

    Répondre
  • 7 décembre 2016 à 11 h 43 min
    Permalink

    Ech fannen et ëmmer schlëmm, datt iergendeen aneren fir eis Kanner decidéiert. Firwat freet keen déi Butzen eng Kéier selwer? Wéi se sech fillen, wann se vun engem Friemen betreit gin, an och nach eng friem Sprooch mussen léieren. Et gëtt ëmmer fir eis Kanner decidéiert, an iwwert hire Kapp ewech, Decisiounen geholl, wou kee weess wéi se sech op d’Kanner auswierken!

    Répondre
  • 7 décembre 2016 à 15 h 31 min
    Permalink

    D’Lehrergewerkschaft warnt och virdrun, an der Spillschoul, virun « liichtfankegen Experimenter » an der Spillschoul, déi d’Kanner onnéideg duercherneen bréngen kënnten, an riskéieren Auswierkungen op deen spéideren Sproochenerwerb ze hunn. Lëtzebuergesch soll als gemeinsam Sprooch geléiert gin.

    Répondre
  • 13 décembre 2016 à 13 h 22 min
    Permalink

    « Gestörte Bindung beeinträchtigt auch leider das Erlernen der Sprache und damit später das Lesen und Schreiben » (aus dem Buch: « Kinder brauchen Mütter » vum Hanne K. Götze)

    Répondre
  • 13 décembre 2016 à 18 h 47 min
    Permalink

    Ech fannen et ganz schlëmm, wat haut vun eisen klengen Kanner verlangt gëtt. Si mussen schon kleng Erwuessener sinn an däerfen net méi Kand sinn an dat gëtt dann vun der Politik virdiktéiert an gutt geheescht. Ganz schrecklech sou eppes. Waart emol nach e puer Joer, dann gesitt Där wat Där dovunner hutt !

    Répondre
  • 20 décembre 2016 à 18 h 58 min
    Permalink

    Wënschen Iech, Isabelle, och schéin Feierdeeg, an Merci datt et Famill.lu an « Méi Elteren, manner Staat » gëtt. Eng Säit, extra fir Familjen, an wou een och nach verstaan gëtt. An wou een mateneen diskutéieren kann, an sech austauschen. Weider sou fir 2017! An all de Familjen, Mammen, Pappen an Kanner wonnerschéin Chrëschtdeeg!

    Répondre
  • 3 janvier 2017 à 12 h 15 min
    Permalink

    Wann een d’Buch liest, kann een sech effektiv d’Fro stellen, op mer net schonn um Wee sinn, deen d’DDR deemols ageschloen hat. Et schielt sech wierklech lues a lues eraus, dass dat um Kommen ass. Mat all de Konsequenzen. D’Politiker, di Responabel sollen dat Buch liesen fir sech e Bild ze maachen, wat op eis Gesellschaft duerkënnt wann dëse Wee vun der Friembetreiung esou konsequent duerchgefouert gëtt. Et ass weder schéin fir d’Kanner, nach fir d’Mammen, nach fir d’Pappen. An an e puer Joer gesi mer dann, wat aus Kanner ginn ass, déi dat Essentiellt, wat e Kand brauch, net kritt hunn.

    Répondre
  • 4 janvier 2017 à 12 h 53 min
    Permalink

    Dat Buch do, missten mer dann alleguer als Mammen, déi doheem sinn ënnerschreiwen. An et ganz offiziell, deene Leit iwwerreechen, déi eis « wonnerbar » Familljepolitik maachen!

    Répondre
  • 6 janvier 2017 à 16 h 56 min
    Permalink

    Ee Kand brauch ëmmer een doheem, och nach als Jugendlechen sinn si frou, wann een doheem ass, wan si aus der Schoul kommen, och si erzielen nach gär direkt no der Schoul wéi hieren Schouldag war, oder Erliefnisser mat hieren Kollegen. Ze mengen, et géif duer goen, een Kand no der Maison Relais just nach an d’Bett ze bréngen an den Weekend « High life » mat 100 Aktivitéiten ze hunn oder all materiell Saachen ze kaafen, dat stëmmt menger Erfahrung no nit. Dat gëtt och kengem Kand gerecht. Dat gesinn an héieren ech all Dag, dass vill Kanner mat hirer Situatioun nit zefridden sinn. Vill Kanner oder Jugendlecher, déi 2 schaffend Elterendeeler hunn, sinn onglécklech dass keen doheem ass, wann si aus der Schoul kommen an si den ganzen Dag eleng doheem sinn. Doriwwer sollten sech och mol vill Leit Gedanken man.

    Répondre
  • 23 janvier 2017 à 9 h 36 min
    Permalink

    Zu der Reforme vum Congé parental:
    D’Réforme vum Congé parental gesäit jo no baussen wierklech ganz flott aus. D’Flexibilitéit ass jo ganz sécher e Pluspunkt. Finanziell schéngt en jo och méi attraktiv ze sinn AWER AWER AWER nëmmen fir déi Mammen oder Pappen, déi virum Congé parental à plein-temps geschafft hunn!!! An dovunner schwätzt keen! Huet en dat Joer virdrun schon à temps-partiel geschafft, huet en net de vollen Montant zegutt (sou wéi et soss eben eng prime war wou jiddfereen d’Recht drop hat). Dat mécht, datt sech eng Partie Elteren also guer keen Congé parental méi kënnen leeschten!!!
    Main eegent Bespill wier: Virun méngem Congé hat ech e mi-temps geschafft. Während méngem Congé parental krut ech déi Prime vun 1.778,31€. Mat Prêt an allgemeng fixen Ausgaben war dat enk an während däer Zäit hunn mir als Famill schon op sou munches missten verzichten (wéi sou vill Familljen bei engem Congé parental). Duerno sinn ech mat engem mi-temps zeréck schaffe gaangen. Géif ech dann bei engem weideren Kand ërëm e Congé parental wëllen ufroen, géif ech net emol 1.200€ eraus kréien Dat géif definitif net duer goen!!! Also hätt ech do mol guer keen Choix méi an kéint do mol guer keen Congé parental méi ufroen! An ech hunn studéiert an un sech nach e soi-disant « gudde » Salaire mat engem mi-temps. An eng Mamm oder e Papp, déi à temps-partiel schaffen (als Choix oder och net als Choix!), déi kënnen sech dat jo schon guer net méi leeschten!!! Firwaat gëtt een « bestrooft » wann een à temps-partiel schafft? Firwat ass dem engen säin Congé parental 3.200€ wäert an engem aneren säin 1.900€ (wann en virdrun plein-temps geschafft huet)? Dës Reforme ass sozial NET gerecht. Traureg, an erschreckend zugläich…

    Répondre
  • 24 janvier 2017 à 11 h 10 min
    Permalink

    Ass et dat, wat en se eng Kéier soten: Däitlech méi!? Abee jo! Mir ginn schéin bei d’Lisette gelooss. An d’Leit, dobaussen, déi net matrechnen, mengen wierklech, et wär däitlch méi. Eng schéin Regierung ass dat. Si kënnen sech net virstellen, wéi et bei de Leit ausgesäit, wat se brauchen. Et geet hinnen net ëm d’Wuel vun de Bierger. Et gëtt Zäit, dass d’Wahlen kommen.

    Répondre
  • 4 février 2017 à 18 h 29 min
    Permalink

    42 Joer wor ech « Spillschoulsjoffer », a gär.
    Dëst Joer, well d’Kanner mir gefeelt hunn, hunn ech ugefang, e bësschen während menger Pensioun ersetzen ze goen. Wat ech elo do erliewen, ass grausam.
    Kee Wonner, dass de Niveau vun eise Kanner erofgeet, si sinn esou verwëldert an opgedréint, dass si iwwerhapt net méi fäheg sinn, iergendeppes nozelauschteren. Eis Klassen ginn ëmmer méi grouss, an eis Kanner bräichten bal eng, 1 zu 1 Betreiung, well se déi jo soss néierens méi hunn.
    Déi jonk Schoulmeeschteren a Léierinnen sinn oft mat de Nerven um Enn.
    Leider sinn si an hirer Ausbildung net geléiert ginn, onnéidegen Stress ze vermeiden, an si hu keng Kanner méi do sëtzen, déi lernfäheg sinn.
    Duerfir vertrieden ech och d’Meenung, dass wann déi jonk Elteren méi dozou encouragéiert géifen ginn, hir Kanner bis op d’manst 3 Joer doheem ze versuergen, an duerno lues a lues, zäitweis an de Précoce ze bréngen, an dann ab 9 Auer, a net schonn um 8, da wier eis alleguer gehollef.

    Répondre
  • 9 février 2017 à 17 h 10 min
    Permalink

    D’Mammen solle wëssen, dass se staark sinn an d’Recht hunn, op hiert Häerz an Intuitioun ze lauschteren!

    Répondre
  • 8 mars 2017 à 13 h 08 min
    Permalink

    Gordon Neufeld: « …haltet an euren Kindern fest, nehmt den angemessenen Platz in ihrem Leben ein! Eltern bleiben die beste Antwort auf den Beziehungsbedarf der Kinder. »

    Répondre
  • 9 mars 2017 à 16 h 16 min
    Permalink

    Steve Jobs: “Diejenigen, die verrückt genug sind zu denken, sie könnten die Welt verändern, tun es auch.”

    Répondre
  • 29 mars 2017 à 14 h 20 min
    Permalink

    Ech verfollegen di ganz Entwécklung mat äusserst groussem Bedenken !! Ech gesinn Stress bei de Kanner, Stress an Iwwerbelaaschtung bei den Elteren, schlecht Gefill bei den Educatricen.
    Ech werfen just zwee Punkten an d’Ronn:
    Ass et normal, dass 2jähreg Kanner, Moies um 7 Auer schlofend um Arm vun der Mamm an d’Crèche kommen mussen ?
    Ass et normal, dass Mammen beim Personal kräischen a vu Stress, Iwwerfuerderung, a schlecht Gewëssen schwätzen ?
    Anscheinend fannen eis Regierung, eis Politiker dat ganz normal…
    Stellt Iech selwer d’Fro a gitt Iech selwer d’Äntwert…
    Merci

    Répondre
  • 2 mai 2017 à 14 h 07 min
    Permalink

    Virun allem mussen och Patronen matschaffen an do läit oft dee gréissten Problem wann e Kand krank ass. Ass et krank, basta, do gëtt et näischt ze diskutéieren, do muss wéinstens een vun den Elteren kënnen goen, wann d’Schoul urifft oder Schicht muss wiesselen oder Vakanzen sinn, an een muss Congé hunn etc. Ech kéint elo nach eng laaaaaaaang Lëscht maachen vun all de Problemer, déi Elteren hunn wann se zu zwee schaffen ginn an am schlëmmsten, trëfft et, elengerzéiend Mammen. Et ass net nëmmen de Bildungssystem oder Betreiuungsstruktur wou Problemer sinn, mä eis ganz Gesellschaft! Ech soen nach ëmmer, fir all déi Mammen, déi trotz Kanner hiren Beruff kënnen halen, all Respekt, mä ech soen awer och, dass net all Mamm oder Kand dee Wee packt an do muss gehollef ginn, an eng Léisung wier, a Form vun enger Mammerent, egal wéi, et muss enger Mamm och kënnen fräistoen, selwer ze entscheeden ob si eng Zäit beim Kand wëll bleiwen, mä duerch dat Finanziellt gezwongen ass, weider ze schaffen, an dat kann et net sinn! Net all Kand gëtt mat der Situatioun eens, ech schwätzen do aus Erfahrung, an e klengt Kand, dat permanent traureg an depressiv eriwwer kënnt kann net gesond fir de Butz sinn!

    Répondre
  • 16 mai 2017 à 11 h 03 min
    Permalink

    Ech sinn ëmmer ërëm erstaunt, wann ech gesinn, wéi et deem Kand elo geet, deem ech Nohëllefstonne ginn. Zënter, dass seng Mamm sech méi vun hirer Aarbecht konnt fräi maachen, ënnerhëllt se vill méi mat him, huet méi Zäit fir hien. An hien ass esou vill méi zefridden, wissbegiereg, fläisseg. Et ass en Ënnerscheed vun Dag a Nuecht, vis-à-vis vun där Zäit virdrun. Di regelmässeg Presenz vun den Elteren ass enorm wichteg, och wann d’Kanner méi grouss sinn.

    Répondre
  • 31 mai 2017 à 19 h 27 min
    Permalink

    Ech schaffen an enger Maison relais. Ech fannen et schlecht wann Kanner esou kleng nach eng Sprooch musse léieren, et wier vill méi gescheit, datt si emol richteg lëtzebuergesch léieren. Mir brauchen eng Eenheetssprooch. D’Kanner schwätzen schlecht lëtzebuergesch. Suguer ons Lëtzebuerger Kanner machen vill grammatesch Feeler. Kanner sollen Kanner sinn. Grouss sinn se nach laang genuch. Si sollen sech kënnen an enger gemeinsamer Sprooch verstännegen kënnen. Duerno hunn si nach genuch Zäit franséich ze léieren. Et ass och net fair vis-à-vis vun aneren Nationalitéiten.

    Répondre
  • 6 juin 2017 à 15 h 02 min
    Permalink

    Suguer kleng Kanner lauschteren méi no wéi gewëssen Leit aus dem Educatiounsministère. « Etuden hu gewisen »…..
    Weisen dann Etuden och, wéi Spätfolgen sinn vun – Iwwerfuerderung
    Iwwerbelaaschtung, Burn-out bei de Kanner?
    Majo nee: Et gëtt iwwer hire Kapp decidéiert , si ginn ouni hire Wëllen an eng Schinn gedréckt an den Elteren gëtt eppes opgezwongen, schéingeschwaat .
    Mä, entschëllegt ! Kand sinn – Kand bleiwen … Wou sinn d’Rechter vum Kand?
    Ah jooo … Et sinn jo Etuden gemaach ginn!

    Répondre
  • 13 juin 2017 à 11 h 38 min
    Permalink

    Hei an Italien hunn ech eng jonk Koppel bewonnert, déi en total handikapéiert Meedchen hunn.
    Hatt ass un de Rollstull gefesselt an huet eng Sonde fir erniert ze ginn.
    Mä et versteet villes a seng Elteren këmmeren sech rührend an mat immenser Léift ëm et, an huelen et iwerall matt.

    Et gëtt an eisem Hotel och eng Grupp handikapéiert a mongoloïd Leit. Si sin ganz glécklech an amuséieren sech köstlech am Mier.
    Dat ass genau den Contraire vun dem wat eis Gesellschaft eis haut wëllt gleewen don, nämlech dat esou en Liewen nët liewenswärt wier !!

    Répondre
  • 27 juin 2017 à 11 h 32 min
    Permalink

    Den Gilbert Pregno hat schonn am November 2014 op RTL gesoot: « Ech hun Problemer mat deem Ausmooss, déi d’Friembetreiung kritt. D’Elteren sinn fir d’Kanner ganz wichteg. Ech fäerten, dass mer an enger Gesellschaft sinn, wou ëmmer manner no de Bedürfnisser vun de Kanner gekuckt gëtt ».

    Répondre
  • 24 août 2017 à 11 h 01 min
    Permalink

    Frauen neigen zum Kümmern. Oder sagen wir besser: zum Bemuttern.
    Das ist kein Minus auf der menschlichen Skala, sondern das grosse Plus in einer zunehmend beziehungsarmen Gesellschaft.
    (Birgit Kelle, « Muttertier »)

    Répondre
  • 14 septembre 2017 à 17 h 19 min
    Permalink

    « Das Leben beginnt vor der Geburt », hat ech am däitschen « Baiabong », « Lesebuch für das 5. Schuljahr », aus dem Joer 1998, gelies. Ech hunn d’Buch erëmfonnt, wéi ech de Mëtteg geraumt hat. Jo, déi Zäit kruten d’Kanner nach de Respekt virum Liewen matgedeelt an konnten och nach d’Wonner doranner gesinn.

    Répondre
  • 19 septembre 2017 à 12 h 22 min
    Permalink

    « Es ist einfacher, starke Kinder zu bilden, als gebrochene Erwachsene zu reparieren » (F. Douglass). Wéi einfach kinnt et sinn!

    Répondre
  • 22 septembre 2017 à 10 h 34 min
    Permalink

    L’ institutrice m’a dit: « Mais Madame, je ne comprends pas. Votre fils joue quand même avec tout le monde, même s´il n´a pas été au Précoce, c´est quand même bon signe.. » (et bien OUI mon fils n´est pas ASOCIAL juste parce qu´il n´a pas été à votre Précoce, ou bien JUSTEMENT parce qu´il n´y a pas été, même si moi étant sa mère, j´ai dû me justifier devant le ministère pourquoi je ne l´y envoyais pas, même si ce n´était pas du tout obligatoire!).

    Répondre
    • 27 septembre 2017 à 12 h 28 min
      Permalink

      Ech kann dat ënnerschreiwen, wat d’Carmen seet. Meng Kanner waren och net am Précoce oder der Crèche (just 2 Hallefdeeg d’Woch an enger Bëschcrèche). Och ech krut e Rappel deemools, dass ech meng Kanner nach net an de Précoce ageschriwwen hätt – mee dat ass jo awer keng Mussesaach. Et kann ganz flott sinn mä soll op kee Fall obligatoresch ginn!
      Ech krut bis elo zu menge Kanner ëmmer positiven Feedback: si wiere ganz sozial, géife Konflikter verbal ausdroen, sinn motoresch gutt an sproochlech och an an der Schoul geet et bis elo mol gutt – ech wees natierlech net wat nach alles kënnt, mee ech hoffen, dass ech soumat zu enger positiver Schoulastellung bäigedroen hunn, an dat een immens wichtegen Facteur ass.
      Als Léierin kann ech awer och soen, dass et oft – wann net souguer virun allem, déi Kanner « opfälleg » sinn, déi de ganzen Dag a vu klengem un an Crèchen oder Maison relais’ën sëtzen. Si sinn oft (natierlech net all an net ëmmer!) net sou sozial, deels aggressiv, oft och ganz wibbeleg, midd, net konzentréiert a motivéiert, motoresch oder sproochlech opfälleg. Firwat, dat wees ech natierlech net zu 100%, mee sinn iwwerzeegt, dass d’Kanner hautesdaags emotional iwwerfuerdert sinn. Ech betounen hei awer nach eemol, dass dat net op ALL Kand aus enger Crèche oder MR zoutrëfft, mee fir et anescht auszedrécken: di meescht opfälleg Kanner sinn « Crèchekanner » mee net all « Crèchekand » ass opfälleg!

      Répondre
  • 11 octobre 2017 à 11 h 14 min
    Permalink

    « Den Menschenkindern wird in der Schule nicht beigebracht zu lieben, sie verlernen es dort. Um am Ende dem Geld zu dienen, statt der Welt. » (Mathias Lubos)

    Répondre
  • 31 octobre 2017 à 12 h 08 min
    Permalink

    D’Liesen misst vill méi an der Schoul gefërdert ginn. Ech gesinn, wéi d’Kanner kee richtegen Zougang zu de Bicher kréien. Villäicht liesen se net genuch an der Schoul. Oder, hängt dat vum Léierpersonal of?

    Répondre
  • 14 novembre 2017 à 16 h 43 min
    Permalink

    Die Regierungsmitglieder schalten so langsam in den Wahlkampf-Modus: Minister Meisch tourt durch’s Land, um den Leuten seine Vision von « staark Kanner » zu erklären. Anscheinend sollen auch die Letzten überzeugt werden, dass Fremdbetreuung und frühzeitiger Schuldrill das Beste für unsere Kinder sind und dass das Ganze ja großzügig finanziert wird.
    Keine Rede davon, dass Kinder nur stark werden, wenn sie eine frühe Bindung zu ihren Eltern aufbauen können, wenn sie genügend Freiraum und Ruhe für ihre Entwicklung finden, wenn sie « ihren » Rhythmus leben können (und nicht den der Erwachsenen) und wenn sie nicht ständig überfordert werden (bis hin zu den Schulzeiten in der Grundschule). Keine Rede davon, dass unser Schulsystem im europäischen Vergleich ganz schlecht abschneidet, dass die Bildung auf der Strecke bleibt, dass viel zu viele Lehrer fehlen, dass Verhaltensauffälligkeiten und Schulunlust bei den Schülern und Schülerinnen stetig zunehmen. Wann ändern wir endlich etwas daran?

    Répondre
  • 29 novembre 2017 à 18 h 48 min
    Permalink

    « La perte d’une certaine pudeur, comme la perte de la pureté, sont les causes profondes de la déchéance du monde » (Mère Teresa)

    Répondre
  • 11 décembre 2017 à 20 h 38 min
    Permalink

    net nëmmen dat d’Elteren kaum nach Zäit fir hir Kanner hunn, eis Gesetzgeber wëllen hinnen suguer duerch deen neien Gesetzprojet 6568A d’Recht op Mamm a Papp huelen, dat hinnen duerch déi international Kannerrechtskonventioun Artikel 7 garantéiert gëtt…

    Répondre
  • 14 décembre 2017 à 13 h 28 min
    Permalink

    Nach haut hunn ech vun engem Kand gehéiert, dat am Cycle 4.1 ass. Seng Mamm huet mussen vill schaffen, war net ganz oft doheem an d’Schoul huet drënner gelidden. D’Kand hat vill Problemer, sech ze konzentréieren. Elo, wou d’Mamm nees méi doheem ass, geet et besser, mee ech mengen schonn, dass an sengem Gehir doduerger eppes geschitt ass.

    Répondre
  • 16 décembre 2017 à 18 h 12 min
    Permalink

    Gudden Moien, ech hunn elo just d’Ried vun der Mme Cahen hei op Facebook gesinn an héieren iwwer den neien Pappencongé. Dozou wëll ech iech elo eppes klenges zielen wat dës Woche hei bei eis Thema am Haus war, besonnesch fir mäin 17 jähregt Meedchen, wat op der PS Klasse am ALR ass. Mäin Meedchen huet elo dës Woche ee Stage am Altersheim gemeet (vun der Schoul aus) an do war 1 Dag, wou eng Crèche mat den Kanner do war, fir mat den aalen Leit Kichelcher ze baken an ze sangen. Owes, wéi ech mäin Meedchen sichen war, huet hatt mir voller Entsetzen gezielt, dass do, Kanner engem Educateur nogelaf sinn an hien dauernd « Pappa » geruff hunn. Ass dat nit traureg? Mäin Meedchen, mat baal 18 Joër war schockéiert doriwwer an huet Owes zou mir gesoot: « Gottseidank waren mir ni an enger Crèche an hu gemengt dass een Educateur eisen Papp oder eng Educatrice eis Mamm wier. Déi Kanner hu mir esou leed gedoue, Mamm. Merci, dass du ëmmer bei eis heeheem wars an bass. » Dat waren seng Wierder an ech war sou geréiert dovun, dass ech dat hei wollt zielen.

    Répondre
  • 10 janvier 2018 à 19 h 27 min
    Permalink

    All Pädagog wees a seet dat selwecht: De Grondsteen fir dem Mënsch seng Entwécklung gëtt an der klenger Kandheet geluecht; d.h. am Alter vu 0-4 Joer. « Bonding » nennt een an der Pädagogie de Begrëff, vun där Zäit wou d’Kand vun der Mamm (oder e n g e r anerer Bezugspersoun) betreit soll ginn, an ouni dat, d’Basis fir eng ausgeglachen Perséinlechkeet selten zustaane kënnt.
    Kanner déi schon als Puppelche keng Bezugspersoun haten si spéider och net bezugsfäheg, an dat ass ganz bestëmmt kee Virdeel, weder fir d’Kanner, nach fir d’zukünftig Gesellschaft!!

    Répondre