Interview mam Sarah Bock, Professer

Famill.lu: Wat géift Der den Elteren soen, fir dass hir Kanner an der Schoul an an der Gesellschaft weiderkommen?

Sarah Bock: Ech roden den Elteren esou vill fir hier Kanner do ze sinn wéi méiglech. Allerdéngs erlaabt hier finanziell Situatioun et hinnen net, méi Zäit fir hier Kanner ze hunn. Ech fannen dat tragesch! Fir dass e Kand spéiderhin gutt léiert, an och als Teenager säi Wee meescht, brauch d’Kand eng Bezugspersoun, déi him de Wee weist. D’Kand brauch eng emotional Bindung zu enger Bezugspersoun, an et muss wëssen, dass seng schoulesch Leeschtungen net egal sinn. Als Teenager léiert een nach net fir sech. Do léiert een och nach fir seng Elteren. D’Frënn däerfen schlussendlech net méi e groussen Afloss hunn wéi d’Elteren, well dat net ëmmer dee Beschten ass. Normalerweis ass et och esou, dass d’Elteren, wann se do sinn, schlussendlech ëmmer Iwwerhand behaalen, waat di schoulesch Leeschtungen uginn wann se sech fir hirem Kand seng schoulesch Leeschtungen interesséieren an am Alldag esou vill wéi méiglech do sinn. Do ginn et Statistiken, déi dat beleeën, an och ech kann dat wat ech an deem Kontext am Lycée erliewen, nëmmen bezeien.
Ech weess net op d’Regierung wierklech um Wuel vun de Schüler als Mënschen interesséiert ass, oder méi un de Käschten, déi e Schüler de Staat kascht wann en redoubléiert? An deem Kontext giff ech
virschloen dass maer als Gesellschaft ewech mussen vun dësem Kompetitivitéitsdenken géigeniwwer aneren Länner. Esou en Denken féiert schlussendlech zu näischt, ausser vlait Krich, Gier, Misère, an der Zerstéierung vun eiser Ëmwelt. An daat ass schlussendlech eppes waat d’Majoritéit vun de Leit bestëmmt net well. Och musse mer ewech vun der stänneger Polemik iwwer Geld an erëm méi mënschlech ginn! A villen Hisiichten. Natierlech dee Moment och a punkto Kannererzéiung, wou een net kann vun den Elteren verlaangen hiert Kand quasi no der Gebuert an enger Kannerbetreiungsanstalt ofzeliwweren.
Maer mussen de Kanner déi
Mënschlechkeet virliewen, well de Mënsch ass nunmol e soziaalt Liewewiesen matt Gefiller. Vill Schüler soen sech: ’ Firwat soll ech léieren? Ass et fir spéiderhin keng Zäit méi ze hunn fir déi Saachen, déi am Liewen wierklech wichteg sinn, an ee glécklech maan wei d’Famill an d’Frënn? Vill Schüler gesinn, dass hier Elteren Dag an, Dag aus, gestresst heem kommen, séier eppes iessen an an d’Bett faalen fir dee folgenden Dag rëm daat Selwescht ze widderhuelen. Ech wëll domat sécher net de Sënn vun dem Beruff allgméng ënnergruewen, mee ech kloen d’Tatsaach unn, dass d’Leit kéng gesond ‘work-life balance’ méi fannen, an daat wierkt sech schlussendlech op eis Kanner aus. Am Alldag ginn déi tëschemenschlech Relatiounen absolut ënnergruewen, alleng well kee méi Zäit huet. Mee as d’Zäit dann net dat Wäertvollst iwwerhaapt wat de Mënsch huet ?
D’Kanner brauchen en Doheem. Mee wee brauch schonn en Doheem wou kee Mënsch ass ? An dat ass hautdesdaags vir vill Kanner de Fall. Se stinn am Wee. D’Elteren musse Geld verdéngen, an d’Kanner ginn an d’Crèche. An d’Kanner spieren dat. Dat ass wahrscheinlech kee schéint Gefill. E Gefill dat vill Erwuessener net kennen, well doheem eng Mamm oder e Papp am Alldag woar deen no hinnen gekuckt huet. Ech schwätzen an deem Sënn net vun de Leit déi hier Kanner heiansdo e puer Stonnen am Dag an eng Crèche ginn, mee ech schwätze vun de Kanner, déi hier Elteren nëmmen de Weekend gesinn, an dat matt vill Chance. An dat däerf net sinn. Oder?
An enger Welt wou et méiglech ass op de Mound ze fléien a soss Energie fir aner Saachen opzebréngen wéi z.B. Krich, ass dës
lamentabel Situatioun einfach net drobar. An deem Sënn kéint een sech och mol d’Fro stellen, firwat d’Suizidrat bei de Jugendlech stäteg klëmmt. Ech mengen einfach, dass vill Schüler a Mënschen allgemeng, sech immens alleng a verlooss fillen, well scheinbar kee méi Zäit huet fir se. Wa se kleng sinn, stinn d’Kanner am Wee, an am Lycée bréngen se dann och nach net déi erwënschte Leeschtung fir an eiser Konsumgesellschaft hire finanzielle Beitrag ze leeschten. Ech froe mech ëmmer: ‘Ma wou wëlle mer als Mënschen dann hin? Maer sinn dach hei fir ze liewen, d.h. net nëmmen ze otmen an ze funktionéieren, mee fir eist Liewen selwer an d’Hand ze huelen, ze erschafen, ze kreéieren, aktiv deelzehuelen an eis net nëmmen leeden ze loossen. Leider, wëssen d’Schüler hautdesdaags dass och en Unisdiplom kee Garant fir dës Fräiheet ass.
Schlussendlech, mengen ech dass d’Schüler esou wei d’Elteren sech vun der Regierung entmuendegt fillen. ‘Ech hunn dach net wierklech e Choix’, sou denkt sech e Schüler, dee keen Virbild huet a punkto en Handwierk léieren an och finanziell, net déi néideg Ënnerstëtzung kritt, an och d’Elteren, déi wéilte fir hier Kanner do sinn, et finanziell awer net méiglech ass. Am Sënn vun der Mënschlechkeet an der Organisatioun ’Mei Elteren, manner Staat’ fannen ech, dass een den
Elteren dee Choix, op se wëllen fir hier Kanner do sinn, oder net, muss zeréck ginn, duerch eng finanziell Ënnerstëtzung. Ech si mer bal sécher, dass et eiser Gesellschaft laangfristeg sécher ze Gutt kënnt. Nëmmen dann kréien d’Elteren en Deel Autonomie zeréck dat hinnen net méi gehéiert.
An Zäiten wou d’Sklaverei leider nach en place woar,
hunn d’Sklaven och hier Kanner missten no der Gebuert ewechginn, ech fannen eng Parallel ze zéien tëscht deemools an haut, a punkto Kannerbetreiung ass net esou verkéiert wann een als Elterendeel net de Choix huet…Wat mengt daer?

16.11.2014

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “Wee brauch schonn een Doheem, wou kee Mënsch ass?

  • 23 février 2016 à 19 h 01 min
    Permalink

    Wa keen vun den Elteren doheem ass, laueren och vill Geforen ob di jonk Leit. Wee bréngen se mat heem? Wat machen se? Och léif Kanner, kënnen heiandso mat komesche Leit ze dinn hunn, déi vun hinne wëllen profitéieren. Duerfir fannen ech et wichteg, dass den travail à domicile géif gefördert ginn. Da kann een sech e Bild vun de Kollegen machen an awer och senger Aarbecht nogoen. Hautdesdags, mat deenen neien Technologien misst dat dach ëmmer besser z’organiséieren sinn.

    Répondre