Hir Zukunft läit an onsen Hänn…

Et gëtt een dem Gefill net lass, dass di immens Recherchen, déi am Sënn vun der klenger Kandheet gemaach gi sinn, lénks leie gelooss ginn.

All di Wëssenschaftler, Pediatren, Psychologen, Pedagogen wëssen genee, wat fir e Kand wichteg ass. Mä d’Economie, d’Finanzwelt an als Konsequenz, d’Politik, gesinn d’Kanner mat aneren Aen. An dat Schéint, dat Wäertvollt, wat e Kand an sech dréit, kann esou, bemol zerbriechen.

Dobäi geet et jo awer, ëm kleng Wiesen, kleng Wiesen, déi esou vill brauchen, déi sech net kënne wieren, déi e riesegt Potenzial hunn, dat séier zerstéiert ka ginn, wann et net adequat ëmgesat gëtt.

Op eisem Site si schonn vill Wëssenschaftler zu Wuert komm, déi regelmässeg virun enger Katastroph warnen, wa mer de Kanner net méi Versteeste-mech entgéint bréngen. Et muss nees agesi ginn, dass d’Kanner hiren eegene Rhythmus hunn an dass dat, wat fir dat eent gutt ass, et net onbedéngt fir dat anert ass.

Chantal Weis : « Och aus menger Siicht vun der Stëllberoderin ass et katastrophal fir Mamm a Puppelchen sou fréi ze trennen. D’WHO recommandéiert, och fir Lëtzebuerg, en ausschliesslecht Stëllen bis de Puppelchen 6 Méint huet, an dann, niewt adaptéierter Beikost e Weiderstëllen bis d’Kand min 2 Joer huet. Vill Etuden hu bewisen, dass d’Stëllrate extrem ofhëllt, wann d’Mammen bis rëm schaffe ginn. »

Dr Herbert Renz-Polster: « Um dieses Fundament des Lebens aufzubauen, braucht es also mehr als pädagogische Angebote… Diese Agenda der Kinderjahre kann – anders als die Erweiterung des Zahlenraums – in keinem späteren Lebensabschnitt nachgeholt werden.«  An aner Wierder : Mathematik, kann e Kand nach spéiderhinn léieren, d’Gesetzer vun der Natur och. Mä, wat en ni méi ka léieren, dat sinn e puer Fähegkeeten, déi en als Bebé an als klengt Kand iwwerliwwert kritt, iwwer de Wee vun der Affectioun, wéi z.B., spéiderhinn, seng Emotiounen ze kontrolléieren, Empathie, Kreativitéit, asw.

Corinne: «… sinn grad an enger Formatioun, well dat Pflicht ass wann een am sozialen Beräich schafft. Eis gëtt hei gesot, dass d’Fréifërderung mat de Sproochen bei sou klenge Kanner totale Quatsch ass !!» Staark Kanner??

Jutta Lux-Hennecke : « Lasst die Kinder Kinder sein! Ein Kind ist kein kleiner Erwachsener. Jedes Kind hat ein Recht auf Eltern, auf Fürsorge und auf Wertschätzung. Es liegt in unserer Hand, das entsprechende Umfeld für eine positive Entwicklung zu schaffen. Dem Staat obliegt es, die Familien entsprechend zu unterstützen, denn die Kinder sind die Zukunft unserer Gesellschaft. « 

Prof. Dr. Claude Muller:  « Stellt Iech vir, do ass e Kand, dat doheem, 2-sproocheg opwiisst, z.B., portugiesesch a rumänesch. Doheem huet et jo dann schon 2 Sproochen, déi et matkritt. Seng Sproochentwécklung ass a Gefor, wann et an eng Crèche kënnt, zu engem Zäitpunkt, wou seng Mammesprooch nach net gefestegt ass. An d’Mammesprooch ass d’Basis fir aner Sproochen ze léieren. Dann, an der Crèche, léiert et nach Lëtzebuergesch plus Franséisch. Sot mir, wéi dat Kand mat deenen verschiddene Sproochen eens gëtt. Wéi vill Stress muss et matmaachen? » http://www.famill.lu/?page_id=4662

Birgit Kelle: « Dass man uns als Mütter aus dem Haus treiben will, und unsere Kinder als Säuglinge direkt gleich mit, in fremde Hände schickt, ist deswegen ein Angriff auf das, was das Fundament unserer Gesellschaft ausmacht: die Familie. Es ist die Axt, die an die Wurzel angesetzt wird.« D’Politik léisst d’Mammen eleng, well fir si, d’Fra nach just als Aarbechtskraft gesi gëtt.

Jesper Juul: « Die Kinderbetreuung ist zu wichtig, um sie allein den Politikern zu überlassen.«

Huele mer di däitsch Familljeministesch, Manuela Schwesig. Kann et sinn, dass si, aus der DDR stamend kaum versteet wat eng Elteren-Kand Bezéiung ass an duerfir sech méi fir Friembetreiung asetzt wéi fir d’Elteren? (sou gesäit et wéinstens den Mathias vun Gersdorff). An esou Leit, hunn dann d’Soen iwwer eis Kanner…

D’Zukunft vun de Kanner, vun där di zukünfteg Gesellschaft ofhängt, ass eng ganz grouss Verantwortung, wou et net duer geet, den Avis vun e puer „Experten“ ze kréien an dann eng fundamental Ännerung an der Kandheet erfir ze ruffen.

Eis Zukunft läit an den Hänn vun de Kanner, déi mar grouss sinn. Wéi eng Kanner, wéi eng Erwuessener wëlle mer?

Isabelle Schmit-Mines

15.01.2018

Liest och eis Bäitreeg:

Lieserbréif vum Petra Stober : « Wie es so kam, wie es kam »: Gedanken zum Artikel am Wort, « Die Abwärtsspirale im Bildungswesen » 

 

Mir ënnerstëtzen och d’Petitioun: Prise en charge plus élevée par la Caisse de Maladie pour les aides visuelles et reconnaissance comme handicap

http://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1062

Agenda :

FAPEL: « Klassenrat und Peer Mediation« , de 24. Januar um 19,30 Auer

FAPEL: « Elternvertreter: Rechte und Pflichten« , de 27. Januar 2018 vun 9 – 12 Auer

FAPEL: « Anregungen für die Kleinsten« , den 3. Februar 2018 vun 9 – 13 Auer

 

FAMILYLAB

 

STEP:

Vie naissante: pour la protection de la vie

Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat : dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren

Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindes nei Artikelen

 Liens utiles :

Initiativ Liewensufank: www.liewensufank.lu

Association pour la vie naissante: http://www.vienaissante.lu/

FAPEL: http://www.fapel.lu/

(dës Lëscht kann gären completéiert ginn, sot eis Bescheed).

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

228 thoughts on “Hir Zukunft läit an onsen Hänn…

  • 3 décembre 2015 à 15 h 33 min
    Permalink

    Ech kann deem Text « fäerdeg mat den Nerven » nemmen zoustëmmen. Ech schaffen an engem sozialen Beräich wou ech souwuel mam Cycle 4.2 schaffen, wei och mat den 2-3 éischten Joeren vum Secondaire. Nach haut den moien hun déi Jugendlech an enger Klass gesoot, das si et normal fannen, dass d’Elteren dei éischt Joeren bei den Kanner bleiwen, an dono wann d’Kand méi aal wier, kéint et jo och ee mol an eng Maison Relais goen oder bei enger Persoun aus der Famill (Tatta, Monni, Grousselteren…). Alleguer waren sech awer eens, dass se léiwer wéilten dass ëmmer een vun den Elteren doheem wier. Déi Jonk fillen sech oft alleng an sichen iwwerall no Sécherheet an Gebuergenheet. Wann een mat vereenzelten méi laang schwätzt, oder, wat nach vill méi wichteg as, hinnen nolauschtert, ginn hier Aen ganz glaseg an d’Tréinen lafen heiansdo d’Backen erof. Mir deed daat wéi bis an d’Séil an mäin Mammenhäerz géing se all am léifsten an den Aerm huelen an hinnen dei Zäit an Opmierksamkeet ginn, déi se verdéngt hun. Ee groussen Problem gesinn ech doduerch och doran, dass déi Jugendlech extrem vill Zäit um Internet verbréngen an an den sozialen Medien, no Halt, Zougehéieregkeet an Acceptanz sichen. Oft mat verheerend Folgen, déi an der Pubertéit unfänken. Kanner a Jugendlecher wëllen a brauchen onkonditionell Léift a sichen se onbewosst am Chatroom, op Facebook, op Säiten déi se schlecht kënnen aschätzen an op deenen se spéider gemobbt ginn, se zefill privates vun sech präiss ginn, an se sech och mol virun der Kamera ausdin! Wat dat vir Auswierkungen kann hun, muss ech wuel net ernimmen! Ech weess net wouhin daat alles hiféiert. Schoulen, Spos’en, éducativt Personal an alleméiglechen Strukturen, sinn iwwerlascht! Jo, och wann se hieren Beruf gäeren machen, wonnert et mech net méi wann ech riets a lénks vun Burn-out héieren. Et as kengem gehollef, net dem Kand/Jugendlechen, net den Elteren, net dem sozialpädagogeschem Personal!! Wou daat hiféiert wees ech net, ech beobachten daat Ganzt schon säit Joeren an et gëtt ëmmer schlëmmer. Kanner sinn eis Zukunft. Wien daat net gesäit, ass mat drun Schold wann eis Gesellschaft fréier oder spéider total aus den Fugen geréit!!

    Répondre
  • 7 décembre 2015 à 20 h 19 min
    Permalink

    « An obwuel d’Wirtschaft et sech zur Aufgab gemaach huet, d’Mënsche vun der Aarbecht ze befreien duerch d’Automatiséierung, ginn déi konservativ Parteie vu ganz lénks bis ganz riets, net mat dem technologesche Fortschrëtt mat, an halen un deene veraalten Traditiounen an Norme fest. Datt haut sollen esou vill wéi méiglech Koppele mat Kanner sollen zu zwee schaffe goen, an hier Kanner sollen a Maison Relais’en ginn, mat all deene katastrofale Folgen, wou dat huet, fir d’Kanner ass keng gesond gesellschaftlech Entwécklung. Do wiisst eng verluere Generatioun an eis Gesellschaft eran, déi eis iergendwann ëm d’Ouere flitt. Méi dozou, hei an e puer kuerzen Video’en… https://www.youtube.com/watch?v=jaGwH63l9vo https://www.youtube.com/watch?v=DEvTOSiFQno https://www.youtube.com/watch?v=veA-qjIJGhc » -

    Répondre
  • 11 janvier 2016 à 15 h 58 min
    Permalink

    Eng vu mengen Frëndinnen wollt hallef Deeg schaffen wéi se hire Bébé krut, mä hire Patron huet refuséiert. Elo muss d’Kand an d’Crèche, obwuel d’Elteren dat net ganz gären hunn. Et ass net nëmmen d’Regierung déi villes falsch mécht, mä d’Patronat misst och emol dene jonken Elteren entgéint kommen. Wären d’Leit ob hirer Aarbecht net och da méi zefridden a géife besser schaffen?

    Répondre
    • 20 septembre 2016 à 6 h 11 min
      Permalink

      Ganz genau. De Patron muss och méi op d’Fanger geklappt kréien. Ech hunn mäin Kand missen 1 Dag méi an Crèche umëllen, wëll et mengem Patron méi wichteg war, Leit ouni Diplôme anzestellen an déi an Ausbildung ze schecken. A wëll déi verschidden Deeg an d’Schoul ginn, mussen anerer zeréckkommen, egal wat virdrun ausgemach ginn war… (Soziale Beräich) Hunn meng Tăche gaeren reduzéiert fir méi Zäit mat mengem Kand ze verbréngen an net fir méi flexibel op der Aarbecht mussen ze sinn!!! Wou steieren mir nëmmen hinn???

      Répondre
  • 18 janvier 2016 à 11 h 41 min
    Permalink

    Ech sin frou dat meng Mini am Alter sin fir an eng Crèche an dat ech mer erlaben kann all Dag 24/24 fir meng Zwee do ze sinn. Ech wees och dat net jidereen daat machen kann well et finanziell net duer geet. Mä meng Jongen weisen mer all Dag, dat et déi richteg Entscheedung war. Ob däer anerer Säit froen ech mech, wou mer all déi Crèchenplazen hier huelen…

    Répondre
  • 20 janvier 2016 à 11 h 51 min
    Permalink

    Déi aktuell Familljepolitik ass eng weider Verschäerfung vun der sozialer Selektivitéit a vun der Fliessbandproduktioun vum systemkonforme Mënsche fir d’Economie.
    An dat ganzt gëtt dann hannert dem Bild vun der moderner Fra, respektiv der moderner Famill verstoppt, enger Fra déi dach gefällegst net méi soll hannert dem Dëppen stoen, déi knaschteg Wäsch maachen oder nach schlëmmer, doheem soll bleiwe fir Kanner ze erzéien.
    An dëser Familljepolitik gëtt praktesch keng Récksiicht geholl, weder op der Famill, nach de Kanner hier Bedierfnisser.
    An dat probéiert eis d’Politik elo ze verkafen als ee moderne Gesellschaftsmodell vun der Fräiheet an der Emanzipatioun.
    De Plang B vun der aktueller Regierung fir déi helleg Kou vum Aarbechtsmaart ze retten zu egal waat fir engem Präis op Käschte vun der sozialer a gesellschaftlecher Entwécklung geet ëmmer méi an déi falsch Richtung.
    Et däerf kee politesche Standardmodell vun der Familljepolitik ginn, dee mat der Erpressung vun der Existenzgrondlag versicht dat vir ze schreiwen.
    Een demokratesche „multiple choice“ Modell ass d’Léisung fir déi modern Famill vun haut, wou si selwer kennen entscheeden, wat fir si an d‘Kand am beschten ass.
    Déi Regierung gesäit an der Famill haaptsächlech eng Fabrik vun ökonomesch verwäertbarem Humankapital, wou ee Kand net méi däerf Kand sinn a schonn ëmmer méi frei soll ëmprogramméiert ginn als ee standardiséierten « homo economicus ».
    Dowéinst däerf deen Familljemodell vun der aktueller Regierung, deen héichgradeg destruktiv ass fir déi folgend Generatiounen, net zur Zukunft ginn.
    Am Numm vun de Kanner, muss dat verhënnert ginn.
    Stors Marco

    Répondre
  • 26 janvier 2016 à 18 h 44 min
    Permalink

     » Il y a de plus en plus de parents qui me contactent, car leur enfant est véritablement en souffrance à l’école. Lorsque toutes les aides proposées par l’institution scolaire ont échoué ou tardent à aboutir, ils sont complètement désespérés. Alors, quand en plus, on leur refuse le homeschooling, c’est la fin de tous les espoirs. Parfois, on commence vraiment à essayer de les aider que lorsqu’ils font une demande d’autorisation d’enseignement à domicile. On dirait que les acteurs scolaires sont complètement débordés et dépassés par des problèmes d’ordre social qu’ils ne maîtrisent pas. Le climat scolaire, semble vraiment être un problème. »
    Katy Zago
    coordinatrice Alli asbl

    Répondre
  • 26 janvier 2016 à 20 h 34 min
    Permalink

    Ech mierken oft un de Blécker vun de Leit, dass si meng Decisioun net kënnen novollzéien. Ech hu mech dofir entscheed, puer Joer doheem bei mengen 3 Kanner ze bleiwen, bis dat jéngst an d’Schoul kann goen. Oft gin ech dann gefrot: wow, sou laang doheem, langweils du dech net? Du frees dech awer sécher, endlech nees schaffen ze kommen?!! « Eraus aus deem Hausfraenliewen »
    Mir hun déi Entscheedung fräiwëlleg getraff, a jiddereen soll sou kënne maachen, wéi hien et fir richteg hällt. Mir mussen eis wuel finanziell bëssen aschränken, mä et geet.
    Och mir hun Respekt fir eis Decisioun verdéngt, wann schon net vun der Politik, da wéinstens vun den aaneren Familljen. Mir respektéiren jo och hier Entscheedung.
    An, jo ech gi wuel gär schaffen, mä am Moment sin ech gär bei menge Butzen, well wann net lo, dann ass et herno ze spéit!!

    Répondre
    • 21 septembre 2016 à 8 h 08 min
      Permalink

      Tip-top! Daat ass gudd a richteg esou!
      Ech hunn opgehal mat schaffen wéi eist éischt Kand op d’Welt koum. Mir hunn der elo 4 an ech sinn nach ëmmer doheem, obwuel eisen Jéngsten elo scho 14 Joër huet. Et muss ee sech vill Kritik gefallen loossen- ech sinn wéi et schéngt Schmarotzer, eng verdommten Hausfra, lidderech…! Dass mir eis mat nëmmen enger Pai arrangéiert hunn, alt heiandsdo hu missten op eppes verzichten, net all Joer eng Vakanz konnte machen daat interresséiert net. Mir hunn de Choix gemach mat allen Konsequenzen an ech stinn och haut nach voll derhannert. Meng Kanner beweisen datt et richteg war. D’Resonnanz op hiert Verhalen gëtt mer Recht. An nach ëmmer sinn si frou wann ech doheem sinn wann si heem kommen. Ech géif soen daat all Zäit déi ee kann oder wëll fir seng Kanner doheem bleiwen nëmmen positif Auswierkungen huet.
      Super Decisioun!!
      yolande

      Répondre
  • 29 janvier 2016 à 10 h 11 min
    Permalink

    Ier een Entscheedungen an engem Beraïch trefft, misst een selwer mol an d’Schlappen vun denen betraffenen Leit eraklammen… Virwaat gëtt de Beruff ‘Mamm oder Papp doheem sin’ esou entwürdegt?
    An eiser Gesellschaft steet dësst oft stellvergläichend fir Liddregkeet, ze faul ze sin fir opzestoen an schaffen ze goen. An dann wëllen sou Leit och nach Suen vum Staat revendiquéieren. Dat géif de ganzen System jo nach méi ënnerhalen an nach vill méi Leit géifen profitéieren, abuséieren…
    Awer een den säin Beruff als Mamm / Papp doheem serieux mécht, dee wees,s wat en Owes gemach huet. Et ass en 24/24 Stonnen Job, 7/7 Deeg, et gëtt keen Feierowend an och kee Congé. Während engem Dag ass een Kach, Botzfra, Wäschfra, Léierin, Educateur, Psychologue, Médiateur, Infirmier, Sportler, Clown, Secretaire, Manager… Den Alldag muss laafen an d’Kanner dierfen net ze kuerz kommen…
    Ech perséinlech ginn 20h/Woch auswärts schaffen. Déi Deeg wou ech mat mengen Kanner doheem sin, sin méi ustrengend wéi déi op menger Aarbecht (an och do sin ech vill ugespaant!) An selten hun ech Zäit op desem Site ze schreiwen…
    Natierlech ginn et Elteren, déi net schaffen gin an awer, duerch déi eng oder aner Ursach, net op dem Kand seng Bedürfnisser kennen agoen. Mä virwat gëtt dat verallgemengert? Grad esou Kanner kéinnten vill vun enger Opfangstruktur profitéieren, mä fir si ginn et meechtens keng Plazen, vu dat d’Elteren net schaffen, sin se net prioritär. Dat ass jo e Paradox… An wat ech ëmmer ërëm schreiwen – wieren manner Kanner an esou Opfangstrukturen kéint eng vill méi wäertvoll Aarbecht geleescht gin!
    Et ass jo wichteg dat d’Kanner e sozialt Liewen hun, mä zevill as zevill. Ouni drop eranzegoën wéi wichteg d’Bindung zu der Mamm/Papp ass fir e klengt Kand, sin ech frou dat och meng méi grouss Kanner net all Daag mussen auswärts betreit gin. Nee, ech sin net d’accord domadder, dat meng Kanner sou oft Ketchup, Kamellen kréien (ech verbidden hinnen et awer och net an der Maison Relais, soss wieren si déi eenzeg um Dësch, déi dat net dierften kréien)… nee ech well net dat meng Kanner all Daag um Iessen geekelt sin well verschidden Kanner sou onmanéierlech iessen, resp. egal waat mam Iessen machen… nee ech well net dat meng Kanner all Daag d’Ouren an de Kapp wéi hun well sou vill Kaméidi ass… Ech wëll dat meng Kanner sech mol kënnen zeréckzéien wann si einfach hier Rou wëllen hunn… Stonneweis ass et jo flott, si kënnen jo och Aktivitéiten ugebueden kréien, déi een de Kanner net onbedéngt doheem ubidden kann wann een e puer Kanner an verschiddenen Alteren huet, resp., d’Kanner freen sech drop mol einfach mat hiren Kollegen kennen ze spillen.
    Ech gin gären schaffen, mäin Beruff mécht mir Freed. Am Moment, mierken ech awer, dat och mat enger halwer Tâche, meng Kanner doheem oft ze kuerz kommen… Bei eis stellt sech d’Fro leider net, mir hun de Choix net, ech kann net mat eisen Kanner doheem bleiwen. Schued, dat verschidden Allocatiounen ewech gefall sin. Bestëmmt konnt keen sech domadder eng gëllen Kroun kaafen, awer fir méi modeste Stéit war dat eng wichteg Hëllef!
    Ze soen, et misst een déi ganz Politik am globalen kucken, de Familljen wier näicht ewech geholl gin – dem kann ech net zoustemmen!
    D’Allocations familiales goufen net gehéicht, et ass d’Additioun vum Kannergeld mam Boni wat een krut beim éichten Kand. De Loyerzuschuss ass nëmmen fir Familljen déi lounen, d’Bonificatioun déi een op engem Logementsprêt krut ass nach just hallef souvill wéi se war… datt och elo den Chèques-services net méi dégressiv nom « Rang de l’enfant » gerechent gëtt, dat mécht e riisegen Ënnerscheed… Do ass awer ville Stéit eppes ewechgeholl gin! An dann stellt sech awer d’Fro, virwat ass dem engen säin Congé parental méi wäert wéi engem aneren säin?
    Ech sin ganz enttäuscht vun der momentaner Familljepolitik, wat a mengen Aen als Mamm, alles anescht wéi familljefrëndlech ass! An wann net e Familljenministère sech fir d’Familljen asetzt, ween mécht et dann?! Am Numm vun de Familljen kann een dach net soen, ‘mir favoriséieren keng Natalitéit, et géifen schon genuch Kanner op der Welt’ an och net, ‘mir machen Politik fir déi Leit déi Moies opstin fir schaffen ze goën’!
    Dofir wëllen ze suergen dat Fraen a Männer onofhängeg sin a bleiwen, och wann si eng Zäit bei de Kanner doheem waren ass jo un sech eng gutt Iddi. Mä dach w.e.g. net op Käschten vun eisen Kanner! Do sin jo schon souvill aner Modeller hei diskutéiert ginn, déi dem och géifen entgéint kommen! Eng richteg Familljepolitik déi all enzelnen Member ennerstëtzt!

    Répondre
  • 4 février 2016 à 20 h 34 min
    Permalink

    Ech hun ëmmer 40 St. gär geschafft. Mä lo säit eist Meedchen do ass gesinn ech wéi wichteg et ass als Elteren fir d’Kanner do ze sinn. Net nëmmen wann se krank sinn. Kanner brauchen Elteren wann se aus der Schoul heemkommen an net eng Maison relais bis owes 6/7 auer. Déi Zäit wou mäi Kand an der Schoul ass well ech gären schaffen goen mä duerno well ech fir hatt do sinn. Ech sinn op der Sich no enger hallef Dag Plaz mä leider sinn déi schwéier ze fannen.

    Répondre
  • 5 février 2016 à 16 h 23 min
    Permalink

    Wann et an der Schoul net geet, leit d’ganz Famill drënner. Ech hunn elo bei mengem klengen « Schüler » gesinn, dass elo, wou hien besser an der Schoul virukënnt, d’Atmosphäre an der Famill vill méi entspaant ass.

    Répondre
  • 9 février 2016 à 20 h 30 min
    Permalink

    Ech erzéien méng 3 Kanner och heiheem. Ginn se net an eng Creche. Sinn léiwer bei ménge Kanner. Ech setzen keng Kanner an d’Welt fir dass aner Leit méng Kanner grouss zillen. Nee, nee..

    Répondre
  • 15 février 2016 à 12 h 37 min
    Permalink

    Duerch all déi Artikelen, Temoignagen, Reflexiounen op dësem Site, kann een sech nees normal fillen an enger Welt, déi entgleist!

    Répondre
  • 15 février 2016 à 21 h 19 min
    Permalink

    Wann emmer méi Kanner friembetreit sollen gin, machen ech mir eeschthaft Suergen em d’Qualitéit déi dann nach ugebueden gëtt! Ech schaffen selwer am socio-edukativen Bereich an och méng Kanner gin an d’Crèche/Maison Relais an ech wees dat leider nët all Persoun déi am edukativen Bereich schafft, dat mat Haerz a Séil mëcht… Schon elo ass eng ganz Partie inkompetent Personal um Terrain – wéi waert ët dann sin wann nach manner Selektioun do waert sin?!

    Répondre
  • 1 mars 2016 à 20 h 07 min
    Permalink

    Näicht ersetzt d’Laachen vun engem Kand. An et huet keen d’Recht hinnen dat Laachen ewechzehuelen.

    Répondre
  • 17 mars 2016 à 12 h 29 min
    Permalink

    « d’Kanner verschwannen einfach an der Mass »: wéi traureg, wann een dat bedenkt. All Kand ass dach individuell an et huet keen Zäit fir sech mat all eenzelt Kand ze beschäftegen. Et gëtt de Kanner ugedoen, wat ee selwer net wéilt hunn.

    Répondre
  • 22 mars 2016 à 11 h 36 min
    Permalink

    Eng Emfro vum Journal confirméiert wat ech an zech Rieden gesot hun a net midd ginn ze soen: Elteren a Kanner brauchen Zäit fireneen!
    Zäit fir hirt Familljeliewen ze gestalten, ze liewen an ze genéissen. Zäit fir d’Famill!! An net deen Drock a Stress, deen hinnen vun der aktueller Regierung operzwongen gëtt!

    Répondre
  • 24 mars 2016 à 20 h 17 min
    Permalink

    Et soll een e Mëttelwee fannen, wann d’Elteren nees prett sin fir schaffen ze goen, sollen se dat maachen, mä net komplett, sou dass se nach Zäit fir hir Kanner fannen!

    Répondre
  • 29 mars 2016 à 10 h 45 min
    Permalink

    … Ech wënschen Iech all méiglechen Erfolleg an Ären Beméiungen, fir de Wahnsinn wéinstens ze bremsen. BG

    Répondre
  • 31 mars 2016 à 14 h 22 min
    Permalink

    « Sidd Dir zefridden mat Ärer Betreiungsméiglechkeet? »
    « Jo, well mer se doheem erzéien kënnen. An dat gesi mer hautdesdaags als ‘Luxus’ , traureg eigentlech. »

    Répondre
  • 5 avril 2016 à 18 h 13 min
    Permalink

    Ass et net traureg, dass esou vill geschwat a geschriwwe gëtt, iwwer dat natierlechst vun der Welt: seng Kanner erzéien, fir seng Kanner, einfach do sinn, hiren Alldag deelen. Esou vill Elteren däerfen dat net méi an do gesi mer wéi traureg, dat Ganzt ass. Ech hoffen et kann eppes bewierkt ginn. Fuert weider mat Ärem Engagement

    Répondre
  • 6 avril 2016 à 11 h 18 min
    Permalink

    Ech wees nach, wéi meng Mamm esou oft gesot huet: « Spare in der Zeit, so hast Du in der Not ». An där Zäit gouf et och nach Zënsen, an do konnt een houfreg sinn, wann een fir seng Kanner konnt eppes ewechleen. Haut ass dat jo bal net méi méiglech. Och en Imprévu ass séier geschitt an dann ass ee frou, wann een nach eppes iwwreg huet. Deene jonken Familljen gëtt et net einfach gemaach, dat ass eng Schan. Wann een näicht kann ewechleen, ass een am Liewen oft schlecht drun. Mä dat ass deenen Finanzexpereten ganz egal.

    Répondre
  • 12 avril 2016 à 12 h 26 min
    Permalink

    Et war e Virus ënnerwee, duerch deen vill Kanner krank gi sinn an och, deelweis d’Elteren. Ech kennen der. Ech wisst emol gären, wéi déi Familljen eens gi wären, wann se net eng Bomi, e Bopa gehat hätten, déi deene jonken Elteren gehollef hätten. Wann d’Grousselteren allen zwee elo och sollen ëmmer an nach ëmmer schaffen, ka kee méi, een vir deen aneren do sinn an asprangen, wa wierklech Nout ass.

    Répondre
  • 12 avril 2016 à 14 h 16 min
    Permalink

    De Rentesplitting aféieren. Sech doheem ëm Kanner a Stot këmmeren fir herno mam RMG oder enger Mindestrent do ze sëtzen, kann et net sinn. Obschonn d’Rent während dem Bestietniss vum Stot abezuelt gëtt, kritt no enger Scheedung just deen se, dee schaffe gaang ass. Den Xavier Bettel hat a senger Ried, den 14.10.2014, gesot : « An Der Pensiounsversécherung mache mir 2016 e Bilan vun der Pensiounsreform an elo scho gi mir e Projet am Beraïch Individualisatioun vun de Pensiounen un, dee sougenannte Splitting. »

    Répondre
  • 26 avril 2016 à 22 h 52 min
    Permalink

    Méi Zäit vir d’Kanner wär schéin awer leider an deser Zäit schwéier, an déi, déi Zäit hätten, ginn se den ganzen Dag of, nit all, awer vill machen daat. Manner Stress ass gutt geschwat, awer och daat ass nit ëmmer dran, zumols wannste eleng bass mat dräi an 40 Stonnen schaffen geess, vir dengen Kanner eppes kënnen ze bidden an nit op dem Staat seng Käschten ze liewen an den Kanner ze weisen, daß een muss schaffen goen vir Geld se hunn an sech eppes leeschten ze kënnen. Bëssen méi Ënnerstëtzung, vir déi Leit, dass se bëssen méi Zäit sech leeschten kënnten, vir mat hiren Kanner ze sinn, respektiv den Alldag besser plangen kënnten, mat manner Stress wär schéin an och am Interessi vun den Kanner. Mä dann misst een och den Patron ënnerstëtzen, well dann Leit manner Stonnen do wären an déi durch anerer ersetzt missten ginn.

    Répondre
  • 28 avril 2016 à 19 h 32 min
    Permalink

    Den Aarbechtsminister huet den Owend am Journal op RTL gesot, hie wär am Ufank vun sengem Mandat bei d’ADEM gaangen, fir nozekucken, ob et do wierklech esou schlëmm wär wéi ëmmer gesot gouf. An dorobber hinn ass vill changéiert. Et wär dann och emol wichteg, dass d’Familljeministesch an den Educatiounsminister mol sollen an d’Crèchen an an d’Maison-relais kucke goen, wéi et de Kanner dann do geet. Da géifen se villäicht emol verstoen, vu wou de Stress, d’Aggressivitéit an d’Onzefriddenheet hirkommen.

    Répondre
  • 3 mai 2016 à 19 h 28 min
    Permalink

    Ech fannen dat super, dass emol Een sech Gedanken iwwer d’Familljepolitik mécht!

    Répondre
  • 9 mai 2016 à 10 h 43 min
    Permalink

    Heainsdo entscheeden just e puer Honnert Euro am Mount doriwwer, ob eng Fra muss schaffe goen oder net, fir datt d’Famill iwwer d’Ronne kennt (ëmmerhinn kascht et jo och vill Geld seng Kanner an d’Crèche oder bei ‘Dagesmamm ze ginn, do ginn also och rem Sue verluer). Pensiounsofsécherungen oder Allocatiounen géifen der enger oder anerer Fra d’Entscheedung doheem ze bleiwen méi liicht maachen (sou wéi dat bis viru kuerzem mat der allocation d’éducation de Fall war). Virun allem geet et awer dorems, wéi wichteg et ass, dass d’Kanner an den éischten 3 Joer an am beschten nach doriwer raus, kënnen a Rou doheem opwuessen. Wat ech aus de Crèchen a Maisons Relais’en héieren a liesen (meeschtens vun Educatricen, déi do schaffen) léisst mer d’Hoer zu Bierg stoen. Et ass fahrlässeg an irresponsabel vum Staat, déi aktuell Richtung bäizebehalen.

    Répondre
  • 23 mai 2016 à 11 h 56 min
    Permalink

    Bemutterung ist out
    Fremdbetreuung ist in.
    Wir bezahlen beinahe jeden
    um nach den Kindern zu schauen
    ausser ihre Mütter
    Peter S. Cook

    Répondre
  • 27 mai 2016 à 21 h 02 min
    Permalink

    Mir hun di lescht Woch gemierkt datt eist Pflegekand Kappleis hat. Mir hun dorobshin d’Crèche informéiert, wou hatt e per Stonnen an der Woch higeet, fir sech un deen System ze gewinnen, éier et dann d’nächst Joer an d’Schoul geet. Déi Responsabel vun der Crèche hunn eng ganz grouss Geschicht doraus gemach, eist Kand huet mol direkt net méi dierfen dohinner goen, an wéi et dun den 1. Daag rëm dohinnergaangen ass, hunn se eis kontaktéiert fir eis ze soen, wéi schlampeg mir seng Hoer traitéiert hätten (just de contraire war de Fall!!) an wollten w¨rssen ob mir dann heiheem alles gebotzt hätten. Mir waren entsaat iwwert déi Ënnerstellungen, an dann nach engem Kand, wat schons en Statut huet deen net einfach ass, sou eppes unzedin. Mä Onmenschlechkeet ass jo do am gréissten, wou een am meeschten Verstees-de-mech a Léift fir d’Kanner geng erwarden.

    Répondre
  • 28 juin 2016 à 8 h 52 min
    Permalink

    Et ass ëmmer dat selwecht wat si seet, datt déi meescht Elteren dat sou wëllen, a vun den betraffenen Kanner geet keng Rieds.
    Dobäi freet si net virwat sou vill musse schaffen goen.
    Jiddenfalls kann si sech net méi ahnungslos stellen, well si duerch eis Ëmfro genau Bescheed weess…

    Répondre
  • 1 juillet 2016 à 11 h 30 min
    Permalink

    Et ass traureg, wann d’Trauer vun de Kanner si kal loossen. Wann een d’Äntwert vun der Ministesch kuckt, geet et just ëm de congé parental, ni ëm d’Kanner, weder ëm di kleng, nach ëm di grouss. An dat mécht mech traureg.

    Répondre
  • 5 juillet 2016 à 11 h 41 min
    Permalink

    Hunn déi Scheiklappen oder wat? Si mierken, dass et dach net esou ka weider goen a fueren stur virun ze promouvéieren, dat wär am Intérêt vun der ganzer Gesellschaft. D’Kanner ginn geopfert fir e Wuelstand à court terme. « Politique de l’autruche », nennt een dat.

    Répondre
    • 19 août 2016 à 7 h 55 min
      Permalink

      Oh nee, d’Politik huet keng Scheiklappen un! Dat alles huet System! D’Politik brauch keng Populatioun di selwer denkt, dofir muss si d’Mënschen vu klengem un, ënnert hir Fittichen huelen, da sinn se henno alleguer Roboteren déi ee liicht ka manipuléieren. Daat eenzegt fir dodergéint unzegoen wier, datt esou vill Familljen wi iergend méiglech domat d’accord wieren, fir ebe mi kleng Bréidercher ze baaken, an hirer Famill emol ërëm Zäit, Léift a Gebuergenheet ze schenken. Zefriddenheet a Gléck si méi Wäert wi all Suen op dëser Welt!

      Répondre
  • 8 juillet 2016 à 14 h 05 min
    Permalink

    Gëschter Owend hun ech mat enger Léierin geschwat, an si gefrot, ob si en Ënnerscheed giff mierken, ob en Kand an der Crêche wor oder nët.
    Si huet mer nees eng Kéier bestätegt, wat ech eigentlech schon wousst, nämlech, dat een dat direkt mierkt.
    Déi Kanner, déi doheem erzun gin, behuelen sech normal an ponderéiert , während déi aner éischter hektesch reagéieren, an oft e grousst Geltungsbedürfnis hunn, also en Mangel un Selbstvertrauen…

    Répondre
  • 12 juillet 2016 à 13 h 07 min
    Permalink

    « Mir wëlle nit méi an d´Maison Relais… » hunn 4 Kanner mir emol an der Schoul erzielt. « Et ass langweileg, d´Iessen ass nit gutt an si meckeren ëmmer mat eis. » An dat soten déi Kanner nit nëmmen eemol….

    Virun enger Vakanz huet e Kand, wat doheem bei senger Mamm ass, gesot: « Ech free mech op d´Vakanz, well da kann ech doheem vill spillen a meng Frëndin kennt och bei mech schlofen. Ech ka méi laang opbleiwen a Moies méi laang schlofen. »
    Een anert d´Kand huet geäntwert: » Ech free mech awer nit op d´Vakanz, ech muss all Dag an d´Maison Relais. »

    Dobäi wees ech, dass dëss Maison Relais eng kleng ass an nach laang nit esou iwwerlaaf wéi aner Maison Relais´en. D´Personal gëtt sech och Méi, mä et ass e Fakt, dass een d´Heemlechkeet, d´Léift an d´Vertrauen wat een zum eegenen Doheem huet, ni kann ersetzen.

    Ech selwer wéilt nit an d´Maison Relais goen. An Frëndinne vu mir, déi an der Maison Relais schaffen, soe selwer, si géifen sech esou arrangéiren, dass hier Kanner sou mann wéi méiglech an d´Maison Relais musse goen, well d´Kanner och nit gäre ginn.

    Als Léierin kann ech alt erëm bestätegen, dass ech genau un dem Behuelen an leider och un den Leeschtungen an der Schoul ka gesinn, wéi e Kand nit oft (oder guer nit) an d´Maison Relais geet an wéi eng Kanner praktesch all Dag bis Owes do sinn.

    Et ass traureg, dass eise Ministère dat nit well agesinn. Dës Generatioun Kanner soll eis herno am Alter ënnerstëtzen, schaffe goen an esou och eis Pensioune bezuelen. Duerch déi ganz Friembetreiung an Massenhaltungen, gëtt den décrochage scolaire emmer méi grouss. Vill Jonker si schonn mat Depressiounen oder Burn Out am fréie Beruffsliewen geplot. An dat nit well si pipesch sinn… neen si sinn an eng Stressgesellschaft eragebuer ginn vum 1ten Dag un… an de Stress begleet eis Bébéen, Kanner, Jugendlecher an Erwuessener vu Moies bis Owes. An Stress ass e Killer. De Stress mécht Bezéiungen vun den Elteren , Bezéiungen tëschent Elteren a Kanner an och Bezéiungen zu gudde Frënn, Noperen an eelere Leit futti.

    Répondre
  • 15 juillet 2016 à 12 h 27 min
    Permalink

    Ech war entsaat wou ech vun dem faméisen Video gehéiert hun! D’Leit gin jo wirklech fir blöd gehaalen. Traureg wéi alles ënnert engem Goldmäntelchen verkaaft gëtt an déi Façade mat allen Moyen’en probéiert gëtt, oprecht ze erhaalen.
    Wat d’finanziell Ënnerstëtzung ugeet, Gottseidank profitéieren mir nach vum aalen Kannergeldsystem, soss kéinten mir eis an eisem Ménage keen Temps partiel leeschten! Leider ass et net méi op gaangen fir d’Allocation d’éducation – schued, mat dem klengen Surplus hätten mir eisen Kanner e puer schéin Aktivitéiten erméiglechen kënnen… Bon, dat ass eng Saach – traureg fir déi Familljen, déi nokommen!
    Mä, datt dës Suen geholl ginn, fir de Kanner z’erméiglechen, ëmmer méi Zait an de Betreiungstrukturen ze verbréngen, dat révoltéiert mech! Ech wëll dat net fir meng Kanner a wann ech meng Kanner froen, si wëllen dat och net!!! Wéi eng Qualitéit vun Aarbecht gëtt do nach ugebueden? Emmer méi onqualifizéiert Personal oder Personal dat villäicht den Diplom huet awer denen een als Elteren NIE sai Kand géif uvertrauen wann een de Choix hätt. Mä vu dat et u Personal iwerall mangelt, fannen dann trauregerweis obemol och esou Leit eng Aarbecht an kréien dat Wäertvolltst uvertraut, wat d’Elteren hunn! An déi Leit ginn Virbilder fir di nächst Generatioun. Leider huet een an Betreiungstrukturen net de Choix, ween däi Kand begleet!
    Wann ech kucken wat aus léiwen onschëllegen Bébéen ginn ass, déi enorm vill Zait an der Crèche an duerno an der Maison Relais verbruecht hun, fannen ech dat ganz alarmant. D’Kanner falen ëmmer méi op duerch en opgedréitent an aggressivt, provokativt Verhalen. Dat kann keen Zoufall sin! (Natirlech ginn et och Kanner déi opfälleg ginn obwuel se doheem grouss ginn an a kenger Opfangstruktur sinn, einfach well d’Konditiounen doheem net stëmmen – mä dat ass just eng Minoritéit… ) Studien vun Experten leien vir, Elteren mellen sech zu Wuert, mä virwat gin d’Aen einfach zou gemat?!

    Répondre
    • 18 août 2016 à 10 h 39 min
      Permalink

      Majo fir dass de Papa Staat di nächst Generatioun ka schéi propper manipuléieren an déi Richtung, di e gär hätt. Dofir hu mer jo och di énorm héich Liewenshaltungskäschten. Daat as extra fir d’Leit ze néidegen, dee Wee, deen d’Politik brauch, ze goen. Daat Ganzt as nach net ausgeräift, mä de Staat schafft drun. Ech mengen, den George Orwell läit guer net esou schlecht mat senger Fictioun « 1984″. An dee beschte Wee fir deem Ganzen Paroli ze bidden, as eise Kanner, deem Wäertvollsten dat de Mënsch huet, eng Kandheet voll Léift a Gebuergenheet ze schenken, an domat e gudde Start an d’Liewen. Léiw Elteren, halt op Är Kanner mat materielle Sâchen ze iwwerheefen, a gitt hinnen dat, wat se wierklech brauchen, an domat och dat Wäertvollst wat Dir ze gin hutt – Är Léift an Är Zäit.

      Répondre
  • 9 août 2016 à 19 h 07 min
    Permalink

    Et gëtt ëmmer besser, domadden net genuch, wat Dir hei geschriwwen hutt. Am Essentiel steet et an et kënnt nach eng drop: de Werbefilm vun der Madame Cahen kascht net 19.000 Euros, mä 93.100 Euros. Mir ginn schéin bei d’Lisette gelooss. Da mussen d’Leit eng Steier vun 0,5% « fir d’Zukunft vun de Kanner » bezuelen, d’Kannergeld geet erof an d’Rentrée scolaire och: dat ass jo esou schlëmm, well d’Schoul kascht enorm. Keng allocation de maternité an d’éducation. Mir kréien gesot et misst gespuert ginn. Majo dann… D’Haaptsaach ass, si kënnen sech weisen. A wat mer och do am Film gewise kréien, kann dach net klappen. Wat denken se sech?

    Répondre
  • 21 août 2016 à 11 h 43 min
    Permalink

    Et geet nëmmen méi ëm eng Saach: Konsum, Konsum, Konsum. Wann d’Tanja, op dësem Site schreift, si wär frou, dass hir Kanner schonn virun der Reform op d’Welt komm sinn, well se soss keen temps partiel kinnt hunn, da mierkt een dass et der Regierung net ëm d’Wuel vum Kand geet. Well, wann am Video, d’Madame Cahen seet, d’Elteren sollen sech Zäit huelen fir hir Kanner, dann kann dat dach zäitlech net opgoen. Also, gëtt einfach finanziellen Drock gemaach, an dat anert ass Theorie..

    Répondre
  • 21 août 2016 à 17 h 12 min
    Permalink

    …ech weess jo net wéi et bei deenen aneren ass, mä ënnert dem Strëch hunn ech dann elo (mat 3 Kanner) 3,2€ Kannergeld MEI de Mount, WOW ! dofir awer 179€ MANNER bei der allocation de rentrée scolaire ! MERCI.

    Répondre
  • 13 septembre 2016 à 11 h 47 min
    Permalink

    Dat Bescht waat ech konnt maan, war no 13 Joer, meng Aarbecht un den Nol ze hänken fir doheem bei mengen Kanner kënnen ze sinn! Hausfra a Mamm.

    Répondre
  • 16 septembre 2016 à 11 h 16 min
    Permalink

    Et ass esou traureg, dass vun uewen erof behaapt gëtt, nëmmen déi Leit, déi schaffen wären eppes Wäert. Wéi vill Talenter ginn developpéiert, doduerger, dass een seng Kanner anstänneg erzitt, oder duerch Benevolat. Wéi vill Suen de Staat do spuert, dovunner gëtt ni geschwat. Wann ech engem Kand bei sengen Hausaufgaben regelmässeg hëllefen, well d’Elteren et net kënnen, da kënnt dat Kand ouni Stress an d’Schoul an et kënnt gutt mat. De Staat soll emol mierken, dass déi Leit, déi sech fir anerer asetzen och hire Wäert hunn an net nëmmen di schaffend Leit. De Rentesplitting wär villäicht d’Léisung.

    Répondre
  • 16 septembre 2016 à 18 h 51 min
    Permalink

    Bénévolat ass och Aarbecht! Souwisou, mussen se sech dach emol endlech eppes afale loossen, well d’Aarbecht gëtt op ville Plazen vun Computeren iwwerholl. Wou soll een dann nach schaffen? Also, soll jiddereen, deen fir en aneren do ass, och eppes zegutt hunn. Villäicht wär d’Iddi vum Bedingungsloses Grundeinkommen net esou schlecht.

    Répondre
  • 20 septembre 2016 à 12 h 39 min
    Permalink

    Datt an der Crèche haaptsäschlech franséisch soll geschwat gin, fannen ech fuerchtbar, ech well dat mäin Kand seng Mammensprooch emol zedeischt richteg kann, an wann ech mäin Kand muss 8 Stonnen an d’Crèche ginn, an et do just franséisch héiert an schwätzt, kann et herno seng Mammensprooch net richteg, hun dat elo schon gesinn, bei engem an der famill, déi e klengt Kand hunn, dat schwätzt franséisch an lëtzebueresch duerchenaner, an versteet mol oft net wat seng Mamm op Letzebuergesch zu him seet ( an der Crèche wou hat ass, get och haaptsäschlech franséisch geschwat), ech fannen dat fuerchtbar an ech empfannen den Projet vum Här Meisch als Frechheet, Frechheet vis à vis vun eiser Mammesprooch, an den Elteren, well déi sollen dat decidéieren, an net hien oder Regierung. Ech sinn frou dat meng Kanner elo grouss sinn an ech esou eppes net méi muss matmachen, mä elo sin ech Boma, an ech machen mir Suergen emt mäin Enkel, an et mecht mech traureg, fir hien an mäin Meedchen, dat sie, ganz kloer aus finanziellen Grënn, net d’Chance hunn, Zäit zesummen ze verbréngen, hatt fir säin Kand kann do sinn, an hien net déi Gebuergenheet vun senger Mamm kann kréien, éei en jo awer bräicht, eis Regierung mecht an dei Richtung guer näicht, an eis Ministesch ass an déi Richtung och komplett immun, wéi ech schonn oft an Kommentarer vun de Leit gesin hunn, dës Familjenpolitik ass an mengen Aen déi schlëmmst, déi mer bis elo haten, egal op et sech em Méiglechkeet eng Zäit doheem ze bleiwe , ënnerstëtzen man se dat jo finanziell schon guer net, oder op dat Schoul ass, Méiglechkeet hallef oder deelzäit ze schaffen…. fir seng Kanner kënnen do sinn, mat hinnen Zäit ze verbréngen an Gebuergenheet ginn, en Lachen an Freed an hieren Aen ze gesinn, ass dat schéinst an wichtegst wat et gëtt.

    Répondre
  • 15 octobre 2016 à 12 h 16 min
    Permalink

    Dat wat an de Crèchen gefuerdert gëtt vum Personal, huet näischt méi mat Qualitéit ze dinn.. mä mat Management, Financement, an Profitgiir… Leider ginn déi net gefrot, iwwert denen hir Käpp decidéiert gëtt. D’Kanner!!! Bescht Gréiss an Merci fir Ären Asatz !

    Répondre
  • 18 octobre 2016 à 11 h 44 min
    Permalink

    Fir d’Rëm-Aféierung vun der Allocation d’éducation

    Ob Mamm oder Papp, all Elterendeel dat sech dofir entscheed, no der
    Gebuert vu sengem Kand während 21 Méint net schaffen ze goen fir sech
    op d’Erzéiung ze konzentréieren, soll rëm an de Genoss vun der
    Allocation d’éducation kommen.
    Duerch d’Rëm-Aféierung vun der Allocation d’éducation soll
    d’Erzéiungsaarbecht vun all Elterendeel, deen no der Gebuert vum Kand
    net schaffe geet, opgewäert ginn.
    http://www.chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=772

    Répondre
  • 19 octobre 2016 à 9 h 13 min
    Permalink

    Wann maer hei am Land en Grondakommes hätten, wier den Mammen vill gehollef.

    Répondre
  • 21 octobre 2016 à 16 h 58 min
    Permalink

    Ech fannen dass dir eng veralter Vue vun enger Famill hutt. Dës Regierung huet bis ewell vill Saachen ëmgesat, déi mir als allengerzéiend Mamm zegutt kommen. Ech si frou, dass ech eng Crèche fonnt hunn an och genuch vum Staat ënnerstëtzt ginn fir dës ze bezuelen. Et kann net jiddreen et sech leeschten doheem beim Kand ze bleiwen. Et ginn och Leit, déi schaffe musse goen fir hirt d’Liewen ze finanzéieren.

    Répondre
  • 21 octobre 2016 à 16 h 58 min
    Permalink

    Et ass schonn keng Aarbecht do, kuckt emol datt fir d’Leit Aarbecht do ass, déi keng hunn, amplatz datt mir eis Kanner, kaum op der Welt an dann an d’Crèche ginn. Sollen d’Kanner spéider zu eis soen: « Wou wars du wéi ech kleng war an Dech gebraucht hätt? Bass Du dann lo meng Mamm oder wen ????? »
    Dofir hunn mäin Mann an ech beschloss, bei eise Kanner ze sinn wéi se kleng waren an si sinn eis haut nach dankbar, datt mir dat esou gemacht hunn an si brauchen net ze soen: « Wou WARS wéi MIR KLENG WAREN »? Mir hun ee ganz gutt Verhältnis zu eise KANNER.

    Répondre
  • 26 octobre 2016 à 18 h 16 min
    Permalink

    Ech si frou, dass eng Petitioun leeft, fir nees d’Aféierung vun der allocation d’éducation. Ech si frou, dass ech nach konnt vun hir profitéieren, wéi ech meng Kanner kritt hunn. Hätt ech missen déi Zäit schaffe goen, hätt et kengem vun eis eppes bruecht. Ech wär depressiv ginn, well ech net gären gehat hätt, d’Kanner wären an enger Crèche. Ech weess net, ob se sech esou gutt entfalt hätten, wéi se sech entfalt hunn. Et wär net gutt fir eist Familljeliewen gewiecht. A wat hätt mäi Patron gesot? Ech wär bestëmmt oft am Krankeschäin gewiescht. Also hoffen ech, dass eppes bewierkt ka ginn.

    Répondre