Ass eise Schoulsystem iwwerlieft?

Läit et un de Kanner oder un der Schoul, wann mer héieren, dass an de Klassen keng Rou ass, vill Kaméidi, an dass, déi Kanner, déi wëllen léieren, sech net konzentréieren kënnen?

Läit et un de Kanner oder un der Schoul, wann mer héieren, d’Kanner si midd, si hu keng Loscht ze léieren, keng Loscht ze liesen?

Leschten Donneschdeg, den 16. Februar, si mer am « Wort«  gewuer ginn, dass am Joer 2015, ëm di 1.600 Schüler, d’Schoul ofgebrach hunn, ouni Diplom an der Täsch, ouni ze wëssen, wat se deen aneren Dag mat hirer Zäit sollen ufänken.

Leie mer net iergendwou falsch? Ass et net esou, dass mer ronderëm de Schoulsystem bastelen ouni wierklech op de Fong ze goen? Ouni wierklech op dem Kand, säin ënnerlecht Wiesen eranzegoen? Et huet een d’Impressioun, et wär eng Angscht do, déifgräifend Reformen ze maachen, ouni déi mer awer wahrscheinlech nach laang musse nokucken, ier all Kand gären an d’Schoul geet.

Wat wären dann déigräifend Reformen? Z.B., a Finnland, leeft an e puer Schoulen e grousse Projet, deen d’Schüler an d’Proffen begeeschtert.

Keng Schoulfächer méi, mä, Themen. A wann een Thema behandelt gëtt, gëtt an engems en anert Thema behandelt. « Ainsi, lorsqu’ils étudieront la seconde guerre mondiale, les étudiants aborderont de l’histoire, de la géographie, et des maths ! »seet Marjo Kyllonen, Chef de département de l’éducation d’Helsinki (Source : Pause Café In).

D’Schüler setzen net a Bänken, een hannert deem aneren, mä si sëtzen a klenge Gruppen beieneen, wou se dann zesummen un engem Thema schaffen.

Eng Atmosphär, wou d’Proffen sech Zäit huelen fir hir Schüler, wou se op hir Schüler eraginn, wat d’Relatioun tëschent de Proffen an de Schüler verstärkt. An: kee Schüler gëtt fale gelooss. Jiddereen ass et Wäert, dass no ëm gekuckt gëtt.

Sou wéi och, d’Caroline Zintz et op eisem Site seet: « La solution, c’est de mettre au centre, l’enfant, le bien-être de l’enfant. Chaque enfant a aussi ses compétences propres à lui, sa manière d’être qui lui est personnelle, c’est aussi autoriser l’enfant à élaborer son identité.»

En anere Projet, dës Kéier a Frankräich, am Collège Banon an den Alpes de Haute Provence:

« Silence, on lit ».  D’Direktesch vum Lycée konnt net méi nokucken, dass d’Schüler, Schwieregkeeten haten, sech ze konzentréieren, an dass vill vun hinnen kee Buch méi ugepackt hunn. De Film « Soleils » vum Olivier Delahaye huet hir d’Iddi ginn: während enger Véierelsstonn, vun 13,30 bis 13,45 Auer, gëtt am ganze Lycée gelies. Vum jéngste Schüler bis zum Direkter, huet jiddereen e Buch am Grapp. Alles ass erlabt, ausser Zeitungen, Zäitschrëften an Internet. D’Resultat ass méi wéi erstaunlech : d’Kanner konzentréieren sech effektiv besser op d’Coursen, si sinn am Allgemengen, méi roueg ginn, si hunn Freed um Liesen, si hunn en anert Jugement, si sinn virwëtzeg. An: d’Relatioun tëschent Proffen a Schüler ass eng ganz aner ginn. Si schwätzen méi mateneen, si recommandéieren sech géigesäiteg dëst oder dat Buch, ze liesen.

Mä, net nëmmen am Ausland, och hei am Land gëtt et Iddien. Sou huet eng Iddi, hire Wee gemaach an ass eng grouss Reussite: de Neie Lycée, wéi en am Ufank geheescht huet – haut, de Lycée Ermesinde.

Den Direkter, de Jeannot Medinger, konnt och net méi nokucken, dass d’Schüler sech an der Schoul langweilen. Fir hien ass et wichteg, dass d’Kanner, Freed hunn un deem wat se léieren, dass hir Talenter gefërdert ginn. Sou proposéiert de Lycée – nieft deenen « normalen«  Fächer, eng ganz Panoplie vun Themen, wou d’Schüler sech eent eraussichen, dat hinnen am meeschten läit. Si realiséieren dann hiren « travail personnel », fir deen se selwer d’Recherchen maachen an léieren och esou, selbststänneg schaffen a kréien, Abléck op vill verschidden Facetten vun hirem Sujet. Si ginn begleet vu Proffen, déi selwer ganz engagéiert sinn.

Eppes schielt sech eraus an all deene Projeten: di gutt Relatioun tëschent dem Enseignant an dem Schüler a, wa méiglech kleng Gruppen, kleng Klassen: wann dat iwwerall esou wär, dann hätte mer eigentlech alles erreecht, well kee Kand däerf fale gelooss ginn.

Isabelle Schmit-Mines

Liest och op eise Säiten :

Ass et haut nach méiglech, Schoul ze halen ? Interview mam Andrée, während 40 Joer, Spillschoulsjoffer

(On) Zefriddenheet an den Impakt op d’Schoul, eng Observatioun vum Isabelle, Léierin

Agenda: mat den Datumer vun : Dagesmamm Service Rasselbande (Reunioun, den 3. März); STEP (d’Coursen ginn de 7. März neess un), Familylab (Mamerhaff) (den 25. Abrëll)

Info :  eng Medizinstudentin sicht fir hire Mémoire, fräiwëlleg Elteren, déi bereet sinn, bei enger Enquête mat ze maachen. Et geet iwwer den Papillovirus, mä et sinn och Froen dobäi iwwer d’Vaccinatioun am allgemengen: 


www.hpvluxembourg.wordpress.com.

Fir méi Informatiounen :stephanie.conter@outlook.com

 

 

Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat : dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren

Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindes nei Artikelen

 Liens utiles :

Initiativ Liewensufank: www.liewensufank.lu

Association pour la vie naissante: http://www.vienaissante.lu/

FAPEL: http://www.fapel.lu/

(dës Lëscht kann gären completéiert ginn, sot eis Bescheed).

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

205 thoughts on “Ass eise Schoulsystem iwwerlieft?

  • 14 novembre 2016 à 12 h 03 min
    Permalink

    Déi Fra schléit eng ganz flott Methode fiir, wéi d’Kanner méi motivéiert a méi effektiv léieren. Liest d’Buch, et ass derwäert!

    Répondre
  • 16 novembre 2016 à 11 h 29 min
    Permalink

    Ech fannen et einfach en Hohn, all Dag liest oder gesäit een nei Etuden, Berichter vun Fuerscher etc, …aaner Länner änneren hire Familljemodell, fir datt d’Kanner nëmmen kennen doheem betreit ginn. Waat mécht eis Regierung: komplett de Géigendeel, Kanner sollen, (oder mussen) geschwënn vun Friemen betreit ginn,…..fir datt Mamm a Papp schaffen. A firwat? Fir de Wuesstum vum Land ze finanzéieren. Um Bockel vun de Generatiounen déi no eis kommen. Wonnerbar!!! Dann brauche mer keng Kanner, wann mer se nit méi gesinn! Komme mer sou lues fir, weé beim Momo, all Freed, all Farwen, all Laachen vun eise Kanner solle mer nit méi matkréien. Alles gëtt gro?! Eist Ländchen fänkt un bizarre ze ginn!!! Wéi wär et dann wann eis Politiker bessi besser géingen matt de Suen haushalten, bessi manner verdingen, an wann jidderen bessi verzicht fir datt mer rëm glécklech Kanner hunn, déi doheem sinn? Oder si glécklech Kanner an Familljen näischt méi Wäert well se kee Profit bréngen? Aaremt Lëtzebuerg!?

    Répondre
  • 20 novembre 2016 à 17 h 32 min
    Permalink

    Sinn och bei menge Kanner heiheem bliwwen an, jo, muss een méi lues machen, mä dat war et mir Wäert. Et muss een net alles hunn, et soll een mat dem zefridden sinn, wat een huet, mä et dréit sech bei ganz ville Leit alles ëm Suen ….

    Répondre
  • 30 novembre 2016 à 13 h 49 min
    Permalink

    Si huelen de Kanner hir Kandheet ewech.

    Répondre
  • 6 décembre 2016 à 18 h 10 min
    Permalink

    Ech verfollegen Är Méi, bleift drun. Weiderhin vill Kraaft an hoffentlech Erfolleg wënschen ech iech.

    Répondre
  • 7 décembre 2016 à 11 h 43 min
    Permalink

    Ech fannen et ëmmer schlëmm, datt iergendeen aneren fir eis Kanner decidéiert. Firwat freet keen déi Butzen eng Kéier selwer? Wéi se sech fillen, wann se vun engem Friemen betreit gin, an och nach eng friem Sprooch mussen léieren. Et gëtt ëmmer fir eis Kanner decidéiert, an iwwert hire Kapp ewech, Decisiounen geholl, wou kee weess wéi se sech op d’Kanner auswierken!

    Répondre
  • 7 décembre 2016 à 15 h 31 min
    Permalink

    D’Lehrergewerkschaft warnt och virdrun, an der Spillschoul, virun « liichtfankegen Experimenter » an der Spillschoul, déi d’Kanner onnéideg duercherneen bréngen kënnten, an riskéieren Auswierkungen op deen spéideren Sproochenerwerb ze hunn. Lëtzebuergesch soll als gemeinsam Sprooch geléiert gin.

    Répondre
  • 13 décembre 2016 à 13 h 22 min
    Permalink

    « Gestörte Bindung beeinträchtigt auch leider das Erlernen der Sprache und damit später das Lesen und Schreiben » (aus dem Buch: « Kinder brauchen Mütter » vum Hanne K. Götze)

    Répondre
  • 13 décembre 2016 à 18 h 47 min
    Permalink

    Ech fannen et ganz schlëmm, wat haut vun eisen klengen Kanner verlangt gëtt. Si mussen schon kleng Erwuessener sinn an däerfen net méi Kand sinn an dat gëtt dann vun der Politik virdiktéiert an gutt geheescht. Ganz schrecklech sou eppes. Waart emol nach e puer Joer, dann gesitt Där wat Där dovunner hutt !

    Répondre
  • 20 décembre 2016 à 18 h 58 min
    Permalink

    Wënschen Iech, Isabelle, och schéin Feierdeeg, an Merci datt et Famill.lu an « Méi Elteren, manner Staat » gëtt. Eng Säit, extra fir Familjen, an wou een och nach verstaan gëtt. An wou een mateneen diskutéieren kann, an sech austauschen. Weider sou fir 2017! An all de Familjen, Mammen, Pappen an Kanner wonnerschéin Chrëschtdeeg!

    Répondre
  • 3 janvier 2017 à 12 h 15 min
    Permalink

    Wann een d’Buch liest, kann een sech effektiv d’Fro stellen, op mer net schonn um Wee sinn, deen d’DDR deemols ageschloen hat. Et schielt sech wierklech lues a lues eraus, dass dat um Kommen ass. Mat all de Konsequenzen. D’Politiker, di Responabel sollen dat Buch liesen fir sech e Bild ze maachen, wat op eis Gesellschaft duerkënnt wann dëse Wee vun der Friembetreiung esou konsequent duerchgefouert gëtt. Et ass weder schéin fir d’Kanner, nach fir d’Mammen, nach fir d’Pappen. An an e puer Joer gesi mer dann, wat aus Kanner ginn ass, déi dat Essentiellt, wat e Kand brauch, net kritt hunn.

    Répondre
  • 4 janvier 2017 à 12 h 53 min
    Permalink

    Dat Buch do, missten mer dann alleguer als Mammen, déi doheem sinn ënnerschreiwen. An et ganz offiziell, deene Leit iwwerreechen, déi eis « wonnerbar » Familljepolitik maachen!

    Répondre
  • 6 janvier 2017 à 16 h 56 min
    Permalink

    Ee Kand brauch ëmmer een doheem, och nach als Jugendlechen sinn si frou, wann een doheem ass, wan si aus der Schoul kommen, och si erzielen nach gär direkt no der Schoul wéi hieren Schouldag war, oder Erliefnisser mat hieren Kollegen. Ze mengen, et géif duer goen, een Kand no der Maison Relais just nach an d’Bett ze bréngen an den Weekend « High life » mat 100 Aktivitéiten ze hunn oder all materiell Saachen ze kaafen, dat stëmmt menger Erfahrung no nit. Dat gëtt och kengem Kand gerecht. Dat gesinn an héieren ech all Dag, dass vill Kanner mat hirer Situatioun nit zefridden sinn. Vill Kanner oder Jugendlecher, déi 2 schaffend Elterendeeler hunn, sinn onglécklech dass keen doheem ass, wann si aus der Schoul kommen an si den ganzen Dag eleng doheem sinn. Doriwwer sollten sech och mol vill Leit Gedanken man.

    Répondre
  • 23 janvier 2017 à 9 h 36 min
    Permalink

    Zu der Reforme vum Congé parental:
    D’Réforme vum Congé parental gesäit jo no baussen wierklech ganz flott aus. D’Flexibilitéit ass jo ganz sécher e Pluspunkt. Finanziell schéngt en jo och méi attraktiv ze sinn AWER AWER AWER nëmmen fir déi Mammen oder Pappen, déi virum Congé parental à plein-temps geschafft hunn!!! An dovunner schwätzt keen! Huet en dat Joer virdrun schon à temps-partiel geschafft, huet en net de vollen Montant zegutt (sou wéi et soss eben eng prime war wou jiddfereen d’Recht drop hat). Dat mécht, datt sech eng Partie Elteren also guer keen Congé parental méi kënnen leeschten!!!
    Main eegent Bespill wier: Virun méngem Congé hat ech e mi-temps geschafft. Während méngem Congé parental krut ech déi Prime vun 1.778,31€. Mat Prêt an allgemeng fixen Ausgaben war dat enk an während däer Zäit hunn mir als Famill schon op sou munches missten verzichten (wéi sou vill Familljen bei engem Congé parental). Duerno sinn ech mat engem mi-temps zeréck schaffe gaangen. Géif ech dann bei engem weideren Kand ërëm e Congé parental wëllen ufroen, géif ech net emol 1.200€ eraus kréien Dat géif definitif net duer goen!!! Also hätt ech do mol guer keen Choix méi an kéint do mol guer keen Congé parental méi ufroen! An ech hunn studéiert an un sech nach e soi-disant « gudde » Salaire mat engem mi-temps. An eng Mamm oder e Papp, déi à temps-partiel schaffen (als Choix oder och net als Choix!), déi kënnen sech dat jo schon guer net méi leeschten!!! Firwaat gëtt een « bestrooft » wann een à temps-partiel schafft? Firwat ass dem engen säin Congé parental 3.200€ wäert an engem aneren säin 1.900€ (wann en virdrun plein-temps geschafft huet)? Dës Reforme ass sozial NET gerecht. Traureg, an erschreckend zugläich…

    Répondre
  • 24 janvier 2017 à 11 h 10 min
    Permalink

    Ass et dat, wat en se eng Kéier soten: Däitlech méi!? Abee jo! Mir ginn schéin bei d’Lisette gelooss. An d’Leit, dobaussen, déi net matrechnen, mengen wierklech, et wär däitlch méi. Eng schéin Regierung ass dat. Si kënnen sech net virstellen, wéi et bei de Leit ausgesäit, wat se brauchen. Et geet hinnen net ëm d’Wuel vun de Bierger. Et gëtt Zäit, dass d’Wahlen kommen.

    Répondre
  • 4 février 2017 à 18 h 29 min
    Permalink

    42 Joer wor ech « Spillschoulsjoffer », a gär.
    Dëst Joer, well d’Kanner mir gefeelt hunn, hunn ech ugefang, e bësschen während menger Pensioun ersetzen ze goen. Wat ech elo do erliewen, ass grausam.
    Kee Wonner, dass de Niveau vun eise Kanner erofgeet, si sinn esou verwëldert an opgedréint, dass si iwwerhapt net méi fäheg sinn, iergendeppes nozelauschteren. Eis Klassen ginn ëmmer méi grouss, an eis Kanner bräichten bal eng, 1 zu 1 Betreiung, well se déi jo soss néierens méi hunn.
    Déi jonk Schoulmeeschteren a Léierinnen sinn oft mat de Nerven um Enn.
    Leider sinn si an hirer Ausbildung net geléiert ginn, onnéidegen Stress ze vermeiden, an si hu keng Kanner méi do sëtzen, déi lernfäheg sinn.
    Duerfir vertrieden ech och d’Meenung, dass wann déi jonk Elteren méi dozou encouragéiert géifen ginn, hir Kanner bis op d’manst 3 Joer doheem ze versuergen, an duerno lues a lues, zäitweis an de Précoce ze bréngen, an dann ab 9 Auer, a net schonn um 8, da wier eis alleguer gehollef.

    Répondre
  • 9 février 2017 à 17 h 10 min
    Permalink

    D’Mammen solle wëssen, dass se staark sinn an d’Recht hunn, op hiert Häerz an Intuitioun ze lauschteren!

    Répondre