Si gi net gefrot…

Schweden huet laang als dee Modell gegollt, fir Kannerbetreiung. Schweden huet d’Elteren encouragéiert schaffen ze goen an deenen et schwéier gemaach, déi et anescht wollte maachen. Si hunn eis et virgemaach – mat all de Konsequenzen! Konsequenzen, déi, mënschlech gesinn, eng Katastroph ginn ass. A mir? A mir, wëllen per force, ee Modell iwwerhuelen, deen iwwerlieft ass, ee Modell, deen eng grouss Zuel vu Mënschen un d’Verzweiflung bruecht huet. A Schweden gouf et dunn méi Suiciden, méi « tentatives de suicides », méi Depressiounen. D’Psychopharmaka hat bei jonke Fraen säit dem Joer 2000, ëm 400% zougeholl!

Och de Schoul- an de Bildungsniveau vun den schwedesche Schüler ass op eemol drastesch erofgefall.

D’Regierungen an de skandinavesche Länner hunn agesinn, dass dee Modell à la longue net kinnt fonktionnéieren an hunn ëmgeduecht.

Schweden, Norwegen, Finnland hunn virun enger Zäit, e Betreiungsgeld agefouert, wann d’Kand doheem versuergt gëtt, bis dass et 3 Joer huet: « Eines der wichtigsten Argumente für das Betreuungsgeld, war in allen drei Ländern die Entscheidungsfreiheit für Eltern » (Dr Annelise Ellingsaeter).

Entscheidungsfreiheit: dat ass dat wat mir ëmmer nees froen. Sou muss Demokratie ausgesinn. An net, dass all Kand an dat selwecht Schema gedrängt gëtt.

« Einer Gelbbauch-Unke wird von den Grünen mehr Respekt entgegengebracht, als einem weinenden Kleinkind oder einer Mutter, die gern und mit ganzer Seele Mutter ist… ein einjähriges Kind braucht kein Bildungsprogramm, sondern ein Bindungsprogramm »sot déi gréng Politikerin, Lena Kürschner, an engem Bréif… un déi Gréng).

D’Elterenaufgab ass eng vun deene wichtegsten, wann net déi wichtegst Aufgab, déi eis uvertraut gëtt. An domadden däerf net gespillt ginn:  » Sie bringen einem der wenigen, Ihnen voll und ganz anvertrauten Menschen bei, zu lachen, zu lernen und zu lieben. Etwas noch Wertvolleres werden Sie nie wieder in Ihrem Leben tun. « *

Keng Mamm däerf als nëtzlos ugesi ginn, wann hir éischt Prioritéit ass, sech ëm hir Kanner ze këmmeren, hinnen de Stress vun enger Friembetreiung ze erspueren, wann se spiert, d’Kand gëtt nëmmen ongécklech dobäi. „Erspuert de Kanner dach esou gutt et geet, den Drock a Stess (resp., eng konstant Erhéijung vum Kortisolwäert), dee bekanntlech Gëft fir d’Entwécklung vum Gehiir ass…“ sou sot et d’Sarah Bock, op dësem Site.

Wann d’Tanja, eng jonk Mamm, op dësem Site seet: « Neen, ech well net, datt meng Kanner all Dag d’Oueren an de Kapp wéi hunn, well esou vill Kamédi ass », muss si duerfir diskriminéiert ginn?

D’Familljeministech hat eng Kéier, um Neijooschpatt vun der DP gesot: « D’DP mécht eng Politik fir deene Leit d’Liewen méi einfach ze maachen, déi all Moies opstinn fir schaffen ze goen. »

Si mer wierklech an eiser Gesellschaft ukomm, wou nëmmen déi Mënschen respektéiert ginn, déi schaffen « ginn »? Aarbecht dobaussen, virun dem Mënsch?

Fir déi Leit, déi wëlle schaffe goen, ass et jo gutt, dass et Strukturen ginn. Fir déi Leit, déi hiren Beruff gären ausüben, ass et berouegend ze wëssen, dass hir Kanner a gudden Hänn sinn.

An di aner Elteren? Elteren sinn, ass dat keng Aarbecht?

Méi wéi eng Mamm ass och schonn an Depressioune gefall, well se gemengt huet, hir Aarbecht wär näischt Wäert.

Elteren sinn, ass fir all Elteren eng grouss Verantwortung an all Elteren musse kënne begleet ginn a gehollef kréien. A net eréischt wann et ze spéit ass.

* (Aus dem Buch: Lieben, lachen und erziehen » vun Steve und Shaaron Biddulph, Heyne Verlag).

Isabelle Schmit-Mines

09.07.2018

Liest och an dësem Kontext :

Modell Schweden

Daddy at home, en Temoignage vum Jérôme

Vater Mutter Staat

Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir vum Sarah Bock

Mir ënnerstëtzen och d‘Petitioun Nr 1024 fir dass di steierlech Ongerechtegkeet fir Familles monoparentales, soll endlech ophéieren

an d’Petitioun 1049: Für die Einführung eines sich an der Armutsgrenze orientierendem BEDINGUNGSLOSEN GRUNDEINKOMMENS (BGE) zur Förderung des freien, bewusstseinsfördernden, individuellen Denkens und der sozialen Zukunft Luxemburgs.

www.chd.lu

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *