D’Gesellschaft ännert, d’Kanner net

Si spieren sech verlooss

Wann een den Artikel liest, “Eine Gemeinschaft stellt sich infrage – Kaperverdier wollen weitere Auseinandersetzungen zwischen Jugendgruppen verhindern“, vum Steve Remesch an Henrique De Burgo (Luxemburger Wort, 29. Juni 2018) ginn engem d’Schudderen aus. Sou vill kalbliddeg Brutaléitéit, sou vill Haass, an eise Géigenden, dass een et net fir méiglech hält. An awer… wat geschitt mat eise Kanner, mat eise Jugendlecher?

Als Lëtzebuerger kinnt ee soen, dass dat eis jo net betrëfft, dat sinn di aner: Neen, bei eis ass gëtt et och Gewalt an Aggressivitéit. Spéitestens nom Lieserbréif „Et geet hinnen NET gutt“, vum Patricia Heck, wësse mer, dass suguer am Fondamental, d’Kanner ëmmer méi fréi hirer Aggressivitéit musse lass ginn.

« Die Eltern arbeiten den ganzen Tag über, während die Kinder alleine zu Haus bleiben oder ihre Zeit in den Straßen verbringen“, (dat ass d’Ausso vum Maria Gomes, am Artikel am Wort).

Ass net genau dat, vun deem mer schonn oft geschwat hunn?

Müssiggang ist aller Laster Anfang“ seet e Sproch. Wéi oft gesi mer Jugendlecher, déi iergendwéi ouni Ziel durech d’Stroossen ginn? Wéi oft kënnen si esou Banden ausgesat sinn, fir déi Kriminalitéit zum Alldag gehéiert? Oder, eleng doheem, gesinn se och net vill Schéines op der Televisioun oder um Internet, wou sou oft, Gewalt à la une ass. Fir di Kanner a Jugendlechen ass kee Repère méi do, keng Waarmhäerzegkeet, op déi se sech kënnen verloossen. Da spieren se sech verlooss!

Sou sot et och d’Sarah Bock an hirem Bréif: „Ech schreiwen Iech, well ech mer Suergen maan ëm d’Kanner generell, déi hier Elteren quasi dee ganzen Dag net gesinn, an net wierklech eng Bezugspersoun an hirem Alldag hunn. Dat erliewen déi kleng Butzen an de Crèchen, déi ëmmer méi oft iwwerfëllt sinn, mä och meng Schüler déi schonn Teenager sinn, sinn ëfters dee ganzen Dag a Weekends op sech alleng gestallt.“ (D’Einsamkeet vu Jugendlecher)

Sou missten och fir di Jugendlech méi Strukturen organiséiert ginn, wou se e gewëssenen Halt hunn, wou se hir Hausaufgaben kënne maachen, wann d’Elterern wierklech net kënnen no hinne kucken. Well kee Mënsch ass gemaach fir eleng ze sinn!

Eis Gesellschaft huet sech geännert, dat ass e Fait, mä d’Kanner sinn nach ëmmer di selwecht. Mir kënnen net vun hinne verlaangen, sech „verstänneg“ ze behuelen, wann hiert ganz Wiesen, no der Affectioun no der Präsenz vun hirer Mamm, hirem Papp, no enger Vertrauenspersoun jäizt?

D’Regierung, d’Gesellschaft, de Patronat, mussen sech bewosst ginn, dass mer d’Kanner an di Jugendlech an eis Programmer mussen abannen.

D’Elteren mussen méi ënnert d’Äerm gegraff kréien, fir dass se net mussen, sech futti schaffen, fir anstänneg kënnen ze liewen. Wa keng Regierung et bis elo fäerdegbruecht huet, géint di enorm Wunnkäschten eppes z’ënnerhuelen, da muss se d’Elteren doranner méi ënnerstëtzen, wéi dat bis elo de Fall war.

D’Regierung seet jo, et wäre genuch Suen do: „Warum sparen, wenn es dem Land so gut geht », sot de Claude Lamberty (Luxemburger Wort, 27.6.18).

Wéi se ugetruede war, hat se och virgerechent, wéi vill d’Land elo spuert, wann di verschidden Allocatiounen ewechfalen, an elo, wou Suen do sinn, ännert sech trotzdem näischt fir d’Elteren. Wat soll dat ganzt? Obwuel d’Familljeministesch d’Iddi vun engem Congé parental plus huet, geet et hir net drëms, der Mamm, dem Papp, deen sech eng Auszäit wëll huelen, eng kleng Allocatioun ze ginn.

Wéini kommen emol konkret Iddien op den Dësch, fir dass all Famill säi Choix huet, ob se kleng oder grouss Kanner huet?

Eng Indemnitéit, wéi dat beim « aidant informel » de Fall ass, a fir déi di hire Beruff gären hunn, eng 30-Stonnewoch aféieren, temps partiel, travail à domicile, Bedingungloses Grundeinkommen, asw.

Do wou Aggressivitéit ass, ass Frustratioun, ass eng grouss Trauer. An dat däerfe mer net méi laang dulden, wa mer muer nach wëllen eng Gesellschaft hunn, wou en uerdentlecht Zesummeliewen nach méiglech ass.

Isabelle Schmit-Mines

02.07.2018

Gewalt in der Schule, ein Randphänomen? vum Michel A. Mathias

Vogel-Strauß Politik oder die Verantwortung der Eltern, vum Cecilja Lanovic