E groussen Dilemmna

Veronsécherung an Angscht

« E Grashalm wiisst och net méi séier well een un ëm zitt » heescht et!

Dat ass awer genee dat, wat probéiert gëtt ze maachen, wa mer de Kanner hire Rhythmus net respektéieren, de Puppelchen ze fréi vun senger Mamm, sengem Papp trennen. Engem klenge Kand schonn e ganze Fërderprogramm presentéieren, him friem Sproochen bäibréngen, wou en seng Mammeprooch nach net beherrscht.

An d’Elteren sinn am Moment esou veronséchert, dass se fäerten eppes Falsches ze maachen, wann se hire Puppelchen net mat Zäit en eng Crèche bréngen.

Si hunn Angscht, d’Kand géif eppes verpassen, si hunn Angscht, et géif net nokommen, spéiderhin an der Schoul. De Minister seet et jo och ganz houfreg, dass mat dem sproochlechen Fréifërderungsprogramm, d’Kanner staark ginn an dass se fir d’Zukunft gewappnet sinn.

A wat sinn d’Konsequenzen? Dass d’Elteren onséscher, nervös an ängschtlech ginn. Dass se d’Impressioun hunn, hire Rôle wär net esou wichteg. Dass se net méi op hiert Häerz lauschteren. An dat ass de sprangende Punkt: eng Mamm weess ganz genee, wann hiert Këndchen prett ass fir hir Hand e bessi méi lass ze loossen. Eng Mamm spiert ganz genee, wéi se gebraucht gëtt vun hirem Puppelchen. A mat e puer Informatiounscampagnen gëtt vermëttelt, dat Wichtegst fir d’Kand wären Fréfërderung, Chancegläichheet, Sozialisatioun.

Wéi seet d’Caroline Zintz, Psychotherapeutin : « Notre époque se caractérise par le « forcing » pédagogique au nom d’une idéologie portée par la volonté de performance élitiste intellectuelle… Un enfant marchera plus vite qu’un autre, un autre enfant parlera plus tôt qu’un autre. Et alors ? C’est son rythme, propre à lui. Et ce qu’on demande aux enfants, n’a plus rien à voir avec leur propre individualité. Ainsi, dans les crèches on met les enfants dans un moule, comme s’ils étaient tous pareils, comme s’ils s’intéressaient tous aux mêmes choses, au même moment. Comme s’ils étaient prêts à apprendre les mêmes choses au même moment. »

Dat ass d’Kand reduzéiert op e rationellt Wiesen, deem mer eppes antriichteren an da menge mer, alles wär an der Rei. Neen, e Kand ass vill méi, de Mënsch ass vill méi. E klengt Kand brauch virun allem eng zolitt Bezéiung, eng Relatioun mat zwee, dräi Mënschen, déi him dee wichtegste Message vermëttlen: « Du bass fir mech wichteg ». « Bindung ist alles », seet den Dr Gerald Hüther.

Et kënnen Gesetzer a Gesetzer geschriwwen ginn, Reformen op Reformen: dat alles bréngt näischt, wann d’Kand sech net wuel spiert, wann d’Kand sech net op senger Plaz spiert. Et ass un den Elteren ze decidéieren, wéini hir Kanner sollen friembetreit ginn, et ass net un der Regierung. Fir eng Regierung sollen all d’Elteren d’selwecht Wäert sinn. Hat d’Familljeministech et net suguer gesot: « All Kand ass ei d’selwecht Wärt »!? Also…

«Eltern, Lehrer und Schüler sind einem ständigen Druck ausgesetzt, der sie fest umklammert, ein seltsames Gemisch aus Leistungsdruck und Zukunftsangst.», sou sot et dMichèle Gantenbein an hirem Leitartkel am Wort, den 12. Juni 2018 >>>

Deem Drock, deen d’Elteren an d’Kanner elo ausgesat sinn, hëllefen weder deem engen nach deem aneren fir d’Zukunft ze preparéieren. Mir wëssen net, wat di Zukunft eis bréngt, mir wëssen net wéi eng Beruffer mar gefrot ginn. Wat mer awer wëssen, dat ass, dass e Mënsch, deen d’Méiglechkeet kritt, seng Talenter z’entdecken an ze liewen, deen aktiv un eppes ka matschaffen, dee mat Begeeschterung eppes léiert, eppes mécht, dee geet net verluer.

Déi Mënschen, déi en Talent hunn, wëssen, dass hieren Talent gebraucht gëtt an dat hëllt hinnen d’Angscht ewech.

Dat Schéinst wat mer eise Kanner kënnen mat op de Wee ginn, ass eng warmhäerzeg Bezéiung, sech fir si interesséieren, en oppent Ouer fir se hunn an si an hirer Begeeschterung ënnerstëtzen.

Well do wou Begeeschterung ass, ass keng Angscht.

Isabelle Schmit-Mines

18.06.2018

Liest och:

Nivellement vers le bas, vum Michèle Gantenbein http://www.famill.lu/?p=6511

Mir ënnerstëtzen och d‘Petitioun Nr 1024 fir dass di steierlech Ongerechtegkeet fir Familles monoparentales, soll endlech ophéieren