D’Kanner si Genien, mä….

Dr Herbert Renz-Polster

Si soen et all, si, déi sech ëm d’Kanner këmmeren, si, déi d’Kanner all Dag gesinn, an si, d’Psychologen, d’Pediatren, déi di d’Entwécklung vun de Kanner observéieren.

Just, schéngt et, dass hire Message net bei de Politiker ukënnt, well um Schreifdësch gëtt vun aner Saache geschwat. Ëmmer nees nei Reformen ginn op d’Bee gesat, sief dat fir d’Betreiung, sief dat fir d’Schoul. Et gëtt iwwer d’Kanner an d’Elteren ewech diskutéiert, an dobäi bricht een nëmmen z’analyséieren, wat d’Kanner wierklech brauchen…

D’Kanner sinn all Genien, a mir sinn am Gaangen, di Genialitéit ze bloquéieren. Mir sinn ze vill hannert hinnen, aplaz hinnen Fräiraum ze loossen, dass se sech kënnen fräi developpéieren. Sou see et de Pediater, den Dr Herbert Renz-Polster. Net fir näischt ass den Titel vun engem senge Bicher: « Born to be wild ».

E Kand ass opgeschloss fir alles. E Kand ass begeeschtert fir ze léieren. E Kand ass virwëtzeg.

Mä virun allem, brauch e Kand, wëllt e Kand Kommunikatioun.

Mä, di Kommunikatioun geet net mat jidderengem. Si ass fir e puer Leit geduecht, déi sech intensiv ëm et këmmeren, déi Leit, déi sech och wierklech fir et interesséieren, déi Leit, déi him op seng Froen äntweren.

D’Sproochen sinn eigentlech och kee Problem, mee: d’Relatioun muss do sinn, d’Vertrauen muss do sinn, d’Bezéiung muss do sinn, dat géigesäiteg Versteeste-mech (n.d.l.r. interessant ass Wuert!!) muss do sinn. An am Wuert Betreuung ass och Treue, dra verstoppt.

« Le secret, c’est l’amour... sou seet et och d’Céline Alvarez, an hirem Buch: « Les lois naturelles de l’enfant ». L’amour n’est pas le premier mot qui vient à l’esprit lorsque l’on aborde le sujet de l’apprentissage, et il s’agit d’une erreur fondamentale… L’amour est le levier de l’âme humaine »,

Och d’Andrée, déi iwwer 40 Joer Léierin war, sot eis et an engem Interview, dee mer iech hei deelweis ërëmginn.

Famill.lu: D’Kandheet soll di schéinsten, di onbeschwéiersten Zäit sinn: wat wär Äre Message un d’Elteren, och un zukünfteg Elteren?

Andrée: « Dir Elteren, maacht Iech staark fir Är Kanner. Kuckt, dass Är Kanner an eng Schoul kënne goen, ouni Angscht brauchen ze hunn, bei en Enseignant, deen fir si do ass, hinnen eng roueg Schoulzäit garantéiert, ouni Mobbing, ouni geféierlech Kleppereien an de Pausen. Eng kleng Schoul, wou den Enseignant d’Iwwersiicht behält… mä dat gëtt et jo bal guer net méi, an ass politesch och net méi gewollt.

Dot iech zesummen, fir dass een vun den Elteren däerf, op d’mannst déi éischt 4 Joer, a wéinegstens Hallefzäit, doheem bleiwen, an dofir finanziell ënnerstëtzt gëtt.

Ech verstinn nach ëmmer net, firwat just Elteren belount ginn, wann se d’Erzéiung vun hirem Kand an d’Hänn vum Staat leeën…

Wéi vill géif et eise Kanner dann besser goen, mir bräichten net esou vill Maison Relais a Crèchen.

Huelt de Kanner all elektronesch Spillsaachen ewech, loosst se si selwer sinn, selwer Spiller erfannen, sech bewegen, sangen, lachen, rolzen, sech knaschteg maachen, da kënnen eis Kanner ërëm lachen, a sidd bei hinnen, wann si Iech brauchen. Huelt Iech Zäit fir si. E Kand ass dee schéinste Cadeau, deen d’Liewen eis mécht, an d’Kandheet ass sou séier eriwwer. Dofir, genéisst se. »

Famill.lu: Wéi misst Ärer Meenung no, d’Schoul haut ausgesinn?

Andrée: « Et misst vill méi investéiert ginn an d’Kanner. Haut gëtt an d’Gebäilechkeeten investéiert. Mä, wann ee kuckt, wat d’Kanner brauchen, ass dat dach Niewesaach. D’Klassen missten neess vill méi kleng ginn, mat net méi wéi 15 Kanner. Dann eréischt kann eng Léierin / e Schoulmeeschter sech mat de Kanner wierklech ofginn. Driwwer, ass et bal net méi méiglech, e flotte Cours ze halen. An duerfir sinn haut esou vill vu mengen Kollegen, déi fäerdeg sinn mat de Nerven. Gären géifen se eppes un d’Kanner bréngen, mä si kréien et einfach ze schwéier gemaach. »

Der Lehrer ist Erfolgsfaktor Nummer 1″, seet d’Michèle Gantenbein, « und wichtiger als jede strukturelle Reform. Am Ende seiner Amtsperiode hat der Bildungsminister viele Reformen umgesetzt, sich aber zu wenig und zu spät um das Wichtigste gekümmert« , (Michèle Gantenbein « Das Wichtigste fehlt », Luxemburger Wort, 16. Mee 2018).

 Liest och:

Hände weg vun digitalen Kinderspielzeuge vum Petra Stober

Staark Kanner?

 

Agenda