Et ass net esou, dass, wann d’Elteren no engem Dag Aarbecht, a wann d’Kanner no engem Dag, Crèche oder Schoul, Maison Relais, Heem kommen, alles, lëschteg a friddlech ass. Nee, d’Elteren si midd, d’Kanner opgedréint. Si sinn nervös, wëllen schwätzen, wëllen Opmierksamkeet. Ass et dann nach méiglech, zesummen ze spillen, de Kanner eng Geschicht z’erzielen, geschweige dann nach Hausaufgaben ze maachen?
D’Kanner mussen uerdentlech z’iessen kréien, mussen gebuet ginn, d’Kleeder mussen an der Rei sinn, d’Wunneng muss propper sinn – alles Aarbechten, déi vill Zäit huelen an un déi ni geduecht gëtt, wa gesot gëtt, elo wär jo alles kee Problem méi.
Sou schéin et ass, Elteren ze sinn, sou vill Kraaft muss een fir d’Kanner hunn. Wéi vill Nuechten, wou een net kann duerch schlofen, wéi vill Bauchwéi, Zännwéi, bei deenen d’Kanner musse getréischt ginn a wou een al Elteren, villes vun sech gëtt.
Vill Mammen wären gären doheem, wann se nëmmen kéinten, well se physesch an psyschech di Laascht net méi packen. Et ass hinnen kee Respekt gewisen, wann se trotzdem, all Dag op eng Aarbecht musse goen, déi hinnen schwéier fällt.
Ob där anerer Säit, kenne mer och Mammen a jonk Fraen, déi Studien gemaach hunn, Mammen a jonk Fraen, déi hir Aarbecht gären hunn an déi och ongléckleg wären, wann se di Erausfuerderung net hätten.
Mee fir si sinn d’Aarbechtszäiten oft net ëmmer gënschteg, si och, sinn doheem gefuerdert.
Et gëtt héich Zäit, dass mer eis Gedanke maachen iwwer Changementer, déi onbedéngt an der Aarbechtswelt missten geschéien.
Deelzäitaarbecht, Télétravail, mi-temps, REduktioun vun der Aarbechszäit.
Firwat net, zum Beispill, de Modell vun Toyota a Schweden iwwerhuelen, deen sengen Employeen eng 30 Stonne-Woch ubidd. Dat huet nëmmen Avantagen mat sech bruecht, fir d’Employeen a fir de Betrib.
Och an aner Betriber, déi d’Aarbechtsstonnen reduzéieren, sinn d’Employéen vill méi motivéiert a ginn alles vun sech während deene Stonnen, wou se schaffen.
Et ass och bekannt, dass déi Employeen, déi am beschten schaffen an zum Betriib halen, och déi sinn, deenen hiren Employeur hiert Familljeliewen respektéiert.
Isabelle Engels: „De Patron accordéiert net, Stonnenreduzéierung. An genau DO misst eis Regierung eppes maachen. Deelzäitaarbecht misst accordéiert ginn! Ech schwätzen do net an engem Zäitraum, bis Kanner 18 Joër hunn, ma villäicht fir Kanner ënner 8 Joer. Dat wier jo mol een Léisungsusaatz.“
Eis Gesellschaft gëtt och lues a lues gezwongen, aner Weeër ze goen. Aarbecht gëtt et net fir jiddereen! Wär dann net och eng Iddi wéi „Bedingungsloses Grundeinkommen“, eng Solutioun, déi villen Elteren a vill Kanner géif hëllefen?
Mir wëssen och, dass an nächster Zäit, Computeren vill Aarbechtsplazen wärten ersetzen.
Nei Iddien musse fonnt ginn, an enger Welt, déi stänngeg changéiert, mä wou de Mënsch, nach ëmmer Mënsch ass.
Wann an der Gesellschaft villes ännert, mussen och d’Politiker, d’Employeuren dee Changement mat droen an nei Weeër fannen. D’Elteren an d’Kanner däerfen net nach méi laang di Leidtragenden sinn vun engem System deen hir fundamental Bedierfnesser net respektéiert.
Isabelle Schmit-Mines
07.05.2018
Liest och an dësem Kontext:
Téléaarbecht, vum Francy Havé
D’Digitaliséierung als verkannte Chance, vum Raphaël Rippinger
Teilzeit auf dem Weg zur Normalität vum Jürg Wiler
