E Kand ass vun Natur aus net aggressiv

All Fall ass ee Fall ze vill!

Lëtzebuerg steet am Stau“, ass dee neie Slogan hei am Land. Fir d’Elteren a fir d’Kanner ass dat awer kee Witz, et ass all Dag di batter Realitéit fir vill vun hinnen.

Wéi vill Nerven verléieren d’Elteren, wann se am Stau stinn an si wëssen, dass hir Kanner op si waarden.

Wann de Premier fënnt dass d’Elteren, nach ni esou vill Zäit haten fir hir Kanner, wéi elo, dann ass awer eppes, wat net richteg verstane gouf. Dann freet een sech, op en sech ka virstellen, wéi et bei de Leit am Alldag ausgesäit. Well, et ass einfach ze soen, d’Elteren sollen allen zwee schaffe goen, d’Praxis gesäit ganz anescht aus.

Wann mer duerch dem Patricia Heck hire Bréif nees drop opmierksam gemaach goufen, dass et ville Kanner net gutt geet, muss dach endlech agesi ginn, dass eppes Fundamentales muss changéieren.

A wann si seet, si wär beim Educatiounsminister gewiescht, si hätt d’Impressioun, et géif sech an Zukunft näischt änneren, dann heescht dat jo, dass mer an Zukunft, nach weider esou Problemsfäll kréien.

E Kand ass net vun Natur aus aggressiv, e Kand ass net vun Natur aus, onméiglech. E gesond Kand ass wibbleg, jo, et accaparéiert een oft mat sengem Geschnëss, mat sengem Gebraddels, et sicht den Arm, de Schouss vun deene Mënschen, mat deenen et frou ass. Mä et ass net vun Natur aus aggressiv.

Wat ass dann aus de Kanner geschitt? Wat huet gemaach, dass vill vun hinnen esou gi sinn?

Wann ee kuckt wéi iwwer d’Kanner ewech decidéiert gëtt, seet een sech, dass alles aus der Siicht vun den Erwuessener geschitt. Sou wéi d’Gesetzer gemaach ginn, huet een den Androck, dass keen sech an d’Haut vun de Kanner versetzt. Hir Middegkeet, hir Nervositéit, di Contrainten, denen se sech schonn a klengen Joeren mussen fügen – ass dann een do, deen sech virstellt, wéi e Kand sech spiert?

D’« Convention internationale des droits de l’enfant », ënnersträicht, dass d’Elteren, fir hir Kanner responsabel sinn an dass an allen Decisiounen, nom « intérêt supérieur de l’enfant » muss gehandelt ginn. Dat ass en ElterenRecht! Mee, et huet een d’Impressioun dass d’Elteren lues a lues dat Recht ewechgeholl kréien.

Wat haut promovéiert gëtt, ass net ëmmer am « intérêt supérieur de l’enfant », besonnesch wann d’Elteren ausserhalb vun hirem Heem schaffen: si sinn einfach net genuch do!

Dat gëllt fir Puppelcher, dat gëllt fir ganz kleng Kanner. Dat gëllt awer och fir d’Schoulkanner. Owes, no engem laangen Dag, nach Hausaufgaben maachen! Keen Erwuessenen, wär frou mat esou engem Pensum. An d’Elteren, midd no engem Dag schaffen, kënnen séier d’Gedold verléieren, fir de Kanner nach z’erklären, wat se net verstanen hunn. An esou schleeft d’Kand dann eng Laascht mat sech ronderëm, wou et dann nach ëmmer méi d’Flemm kritt, an den Echec net wäit ewech ass.

Gitt de Kanner d’Elteren zeréck“ froe mer ëmmer an ëmmer. Dass d’Elteren net méi obligéiert sinn, de ganzen Dag fort ze sinn vun hire Kanner. Et ass net nëmmen, d’Pflicht vun den Elteren, dass hir Kanner sech gutt entwéckelen. Et ass och d’Pflicht vun enger Regierung, d’Elteren an hirer Pflicht z’ënnerstëtzen. Elo, wou mer wëssen, dass bei ville Kanner eppes schief leeft, misst dach endlech Alarm geschloe ginn, an un der Basis geschafft ginn. Et kann net sinn, dass d’Elteren gesot kréien, si sollen méi Zäit fir hir Kanner hunn an si kréien et awer ëmmer méi schwéier gemaach.

Den Elteren de Choix loossen, d’Aarbechtszäiten reduzéieren, mi-temps, temps partiel promovéieren, Téléaarbecht. Konkret, an net nëmmen an der Theorie, Iddien en route setzen, dass endlech d’Elteren nees méi Zäit hunn fir hir Kanner.

« Es ist einfacher, starke Kinder zu bilden, als gebrochene Erwachsene zu reparieren » (F. Douglass)

Isabelle Schmit-Mines

30.04.2018

Liest och an dësem Kontext:

Téléaarbecht: „Digitaliséierung als verkannte Chance“, vum Raphaël Rippinger

Et geet hinnen net gutt“, vum Patricia Heck

Sproochlech Fréifërderung – ouni wëssenschaftlech Grondlagen“

Interview mam Prof. Dr. Claude P.  Muller, Mediziner a Wëssenschaftler