Wéi wäit muss et da nach kommen?

Das Verhalten der Kinder scheint wie ein Hilfeschrei“, sou sot et d’Jutta Lux-Hennecke op dësem Site.

Mir héieren d’Leed, mir gesinn et, a mir reagéieren eréischt, wann d’Kanner schonn e laangen Leidenswee hannenrun sech hunn.

Wann se eng Gefor ginn fir di aner, fir sech selwer.

Wisou héiere mer d’Kanner net méi? Wisou interesséieren d’Kanner eis net? Wisou ass et esou wäit komm, dass 59 Jongen zu Dräibuer an 28 Meedercher zu Schrasseg sinn (sou, d’Joëlle Ludewig, Sous-directrice vum Centre socio-éducatif de l’État, den 5. Abrëll op den Antennen vun RTL). An der zouener Struktur, UNISEC (Unité de sécurité) sinn et 5 jonk Männer.

Vun all den Infraktiounen aus dem Joer 2017, waren et 2.220 Jonker ënner 18 Joer, déi implizéiert waren, sou mellt d’Polizei.

Wéi gesäit da mar, eis Gesellschaft aus, wann elo schonn, verhaalensopfälleg, aggressiv, ondisziplinéiert Kanner an der Schoul, an de Maison Relais sinn? D’Schoulmeschteren, d’Educatricen, mellen sech elo zu Wuert: si packen et bal net méi!

Hannert deem Behuelen vun de Kanner, verstoppt sech näischt anescht wéi eng grouss Nout, Angscht virun der Zukunft, Angscht net gesinn ze ginn, Angscht net gehéiert ze ginn!, sou och d’Joëlle Ludewig.

Dat heescht dach soss näischt wéi: Ech hunn iech eppes ze soen, wou sidd der dann? Wéini gesitt der mech endlech?

Si spieren sech eleng, si spieren sech verlooss. Firwat? Maachen d’Elteren sech haut manner Gedanken iwwer d’Erzéiung vun de Kanner? Oder sinn si och iwwerfuerdert, iwwermidd, dass se einfach keng Energie méi hunn fir no hirem Nowuess ze kucken?

Da kréien d’Elteren gesot, et wär wichteg, dass hir Kanner an enger Betreiungsstruktur wären. Wat weess dann d’Regierung iwwer d’Kanner? Net alles, well soss hätt se e puer Punkten, déi d’Psychologen an d’Pediatren soen, eescht geholl. Da wisst se, dass Friembetreiung, en Avantage ass fir verschidde Kanner, mä dass aner Kanner e grousse Schued erleiden kënnen.

Da wisst se, dass et ee Moment am Kand senger Entwécklung gëtt, wou et e puer Fähegkeeten léiert, z.B., seng Emotiounen kontrolléieren, Empathie, d’Relatioun zu de Mënschen, Kreativitéit. An dass et déi Qualitéiten iwwer de Wee vun der Affectioun léiert a wann dee Moment verpasst ass, et ze spéit ass. Dass d’Kand dëse mënschleche Programm net iwwer pedagogesch ausgeklügelt Konzepter gebuede kritt, mä nëmmen duerch eng zolitt Basis vu Léift a vu Vertrauen.

Da kinnt se sech virstellen, dass deen endlose Stress, deen d’Elteren an d’Kanner, Dag fir Dag dann musse matmaachen, eng onheemlech Belaaschtung fir jiddereen ass.

An trotzdem, ginn d’Elteren hei am Land ermontert, hir Kanner a Betreiungsstrukturen ze ginn. Sou sinn dann ze vill Kanner beieneen, mat deenen d’Educatricen, d’Educateuren, sech net genuch Zäit huele kënnen.

Et geet net duer ze soen, kleng Kanner hätten vill Potenzial. Dat Potenzial kann sech nëmmen entwéckelen, wann eng zolitt Basis vu Léift a vu Vertrauen geschaf gouf. Et gëtt gesot, „D’Zukunft fänkt éischter un“: wat fir eng Zukunft, dann?

D’Gefor läit och dodranner, dass d’Elteren dann e schlecht Gewëssen hunn an de Kanner alles duerchgoe loossen. Mat de Konsequenzen, dass se sech da naïscht méi soe loossen a keng Regelen kënnen anhalen.

« Es ist einfacher, starke Kinder zu bilden, als gebrochene Erwachsene zu reparieren » seet den F. Douglass. Mir alleguerten, wëllen mar eng Gesellschaft, wou d’Mënschen nach kënnen uerdentlech mateneen schwätzen, mateneen laachen, wou mer nach Mënschen hunn, op déi mer kënnen zielen, wou mer Mënschen hunn, déi Verantwortung kënnen droen. An esou eng Gesellschaft preparéiere mer nëmmen, wann d’Kanner eng gesond Basis hunn, wann se frou sinn, wann se sech fräi kënnen entwéckelen. Preventioun, ass d’Stéchwuert. Preventioun, mat de Kanner, Preventioun mat den Elteren. Preventioun, andeems mer den Elteren hir Plaz an der Gesellschaft ërëmginn, andeems mer d’Elteren stäerken. Andeems den Elteren de Choix gelooss gëtt. Andeems et keng Diskriminatioun gëtt, tëschent den Elteren, déi sech ëm d’Kanner këmmeren, a deenen déi hir Kanner an eng Struktur ginn. Andeems Coursen organiséiert ginn, fir jonk Elteren, déi villäicht ni Kontakt mat klenge Kanner haten. Andeems an de Betreiungsstrukturen eng Educatrice op 3 Puppelcher ass an net 6. Andeems d’Aarbechtszäiten reduzéiert ginn, andeems Coursen organiséiert ginn, fir deen Elterendeel, deen no enger Paus, nees an de Beruff wëll eraklammen.

D’Zukunft preparéiere mer mat de Kanner – sou dass mer d’Kand als Kand nees kucken a net als klengen Erwuessenen, deen alles schonn rationnell soll verstoen. Andeems mer genee kucken, wéi et him geet, seng Signaler verstoen an et net sou wäit komme loossen, dass en duerch lauter Trauer an Trotz ënnergeet.

Isabelle Schmit

16.04.2018

Liest och:

D’Interview mam Jutta Lux-Hennecke, Présidente honoraire vun der FAPEL iwwer d’Verhalen vun de Kanner

En delikate Sujet: e Lieserbréif vum Kelly Meris

Agenda

Pour la Vie naissante: « Journée pour la Vie: Vive la vie », le 2 juin 2018