Ce n'est pas dans l'intérêt des enfants, qu'un seul modèle soit encouragé

D’Educatricen schloen Alarm

Si kënnen net méi laang nokucken, wéi et de Kanner hei am Land geet. An et geet ville Kanner schlecht, ganz schlecht.

 Den Elteren gëtt ëmmer nees gesot, d’Betreiungsstrukturen wären wichteg fir d’Kanner, fir hiren soziale Kontakt, fir d’Chancegläichheet, fir d’Fréifërderung an… net ze vergiessen, fir franséisch mat engem Joer ze léieren. Et gëtt den Elteren gesot, et géif hire Kanner dach esou gutt an de Betreiungsstrukturen goen, si géifen schliesslech eng héichwäerteg qualifizéiert Betreiung kréien.

 Wéi d’Kanner sech awer dobäi spieren: dovunner gëtt ni geschwat. An d’Educatricen? Och wann si hiert Bescht ginn, kommen si och op eemol op e Punkt, wou se mat de Nerven fäerdeg sinn, wann e puer Kanner duerchdréinen. Awer, hinnen gëtt net nogleauschtert. An d’Elteren? Wem a wat sollen se gleewen? Wem kënnen se vertrauen?

 Elo ass dann endlech nees eng Sozialpädagogin, d‘Patricia Heck, déi sech zu Wuert mellt. RTL an eis FB-Säit hunn hire Bréif publizéiert an d’Resonanz ass enorm. Si seet: Et gëtt héich Zäit dass d’Politiker hir Aen opmaan fir dat, wat an de Schoulen, de Maison Relais’en an an de Crèche mëttlerweil ofleeft. D’Gewaltpotenzial ass an denen leschten Joer enorm an d’Luut gaang, mä, eis Mesuren fir dogéint ze steieren, stinn an de Bébés Schong! Ëmmer wann een d’Thema uschwätzt gëtt et entweder belächelt, oder mat engem kräftegen „Nee, bei eis awer net!“ ofgewiergt.

Eis Strukturen ginn ze grouss, der Problematik gëtt keng Rechnung gedroen. All Service gëtt ëmmer méi bëlleg an et kritt een mëttlerweil jo schon d‘Gefill, dass ee Kand, wat net schonn mat 4 Méint an der Crèche as, eppes verpasst oder net genuch gefërdert gëtt…“ „Et geet hinnen NET gutt!“ vum Patricia Heck.

Wéini reagéiert d’Regierung dann endlech op di verzweifelt Temoignagen, Artikelen, Interviews, déi mir regelmässeg op eise Säiten an an de Medien liesen? Mir sinn net di eenzeg, déi scho laang, virun deenen dramateschen Konsequenzen, warnen, déi di massiv Friembetreiung vun de Kanner, an Zukunft wäert bréngen!

 Isabelle Schmit-Mines

19.03.2018

 Liest och an dësem Kontext:

  Hände weg von digitalen Kinderspielzeugen! e Lieserbréif vum Petra Stober 

 E Message un eis Politiker, vum Brigitte, Educatrice

 Wiert Iech! vum Myriam Waringo-Schlesser, Chargée de cours

 Wien ass verantwortlech?

 Eng nei Zeitung fir Kanner ass eraus: Cognie

Agenda

Documentaire sur la pédagogie Montessori: « Le maître est l’enfant »

Dates : mercredi 21 mars à 19 h, jeudi 29 mars à 16,30 hrs

Adresse : Cinéma Utopia kinepolis, Luxembourg

Wer sein Kind liebt …: Ein Abend mit Franziska Klinkigt und Bertrand Stern

(Vortrag + Dialog)

Datum: 23. März 2018, 19.00 Uhr (Einlass ab 18.30 Uhr)

Adresse: Hotel Wisonbrona

Wiesenbach 13, 4780 St. Vith, BelgienWieach 13, 4780 St. Vith, Belgien

Frei sich bilden: Werkstattgespräch mit Franziska Klinkigt und Bertrand Stern

Datum: 24. März 2018 von 10–17 Uhr

Adresse: Hotel Wisonbrona

Wiesenbach 13, 4780 St. Vith, Belgien

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “D’Educatricen schloen Alarm

  • 21 mars 2018 à 12 h 21 min
    Permalink

    « Ech hoffen dauernd, dass et net esou schlëmm ass, wéi ech fäerten an oft genuch héieren: (soss musse mir eis all froen, wéi mir et kënnen zoulossen, esou onethesch mat schutzbefohlenen, mineurs Liewewiesen ëmzegoen. « Die Würde des Menschen ist unantastbar ».
    Do denken ech oft, d‘Kanner géifen net als Mënschen zielen. Ech sinn traureg a schumme mech, dass mir et fir vill Kanner net gutt hikréien. Dobäi sinn si vun eis ofhängeg, eis ausgeliwwert, a wëllen eigentlech näischt anescht, wéi et eis esou recht wéi méiglech ze maachen. Wann dat nämlech net esou wier, kéinten si sech scho besser schützen an deem ganzen mat ganz däitlechem « Nee » entgéinttrieden. Woubäi ech jo fannen, dass mir jo sou schlecht mat de Kanner hirem „Nee“ eens ginn, wat esou wäit geet, dass mir Symptomer a Signaler, léiwer ewechtherapéieren, wéi ze kucken, a wat fir engem Existentiellen Dilemma d‘Kand stécht… »

    Répondre