Verantwortung iwwerhuelen, erwuesse ginn
Verantwortung iwwerhuelen, erwuesse ginn

Wien ass verantwortlech?

Och an Däitschland ginn d’Stëmmen ëmmer méi haart, dass d’Aggressivitéit enorm bei de Kanner zougeholl huet.

Zu Hessen, en Duerf an Sachsen-Anhalt, wëssen d’Schoulmeeschteren sech kee Rot méi. Si ginn de Kanner einfach net méi meeschter.

Do, wéi hei och: d’Kanner hunn Schwieregkeeten sech ze konzentréieren sech, si stéieren den Unterrecht, Kläppereien an, ganz schlëmm: « Die Rede sei weiter von einer „entwickelten Gefühlskälte“ von Kindern gegenüber Mitschülern. Verletzungen würden billigend in Kauf genommen. » (Dorfschule kapituliert vor “Tyrannenkindern”: Sie stören und schlagen – und laufen dann einfach aus dem Unterricht davon – « News for teachers, das Bildungsmagazin »).

An engem oppene Bréif, an an engem Bréif un d’Elteren, maachen si Drock, dass déi Zoustänn net méi z’erdroen sinn.

Wat geschitt nëmmen mat de Kanner? Sinn et d’Elteren, déi keng Grenze méi setzen, sou wéi d’Psychotherapeutin Prof. Martina Leibovici-Mühlberger et seet? Ass et eng Gesellschaft, déi alles op Spaass opbaut, an weder den Elteren nach de Kanner Richtlinien gëtt, dass een domadden net wäit kënnt?

Ass et eng Gesellschaft, déi net méi weess, wat Verantwortung ass? Eng Gesellschaft, déi sech keng Gedanke mécht, iwwer Erzéiung, iwwer Wäerter, iwwer Vermëttlung vu Wäerter? Eng Gesellschaft, déi villäicht näischt méi gleewt, well se ze vill oft enttäuscht ginn ass vun de Verspriechen, déi mer gesot kréien an dat wat finalement ëmgesat gëtt?

Fir nëmmen ee Beispill ze nennen, hei am Land: esou wéi de Claude Feyereisen an sengem Leitartikel (Wort, 24.02.2018) seet:

Die Neuregelung des Sonderurlaubs ist eine Mogelpackung. Dem Bürger wird kein reiner Wein eingeschenkt…“

Et war gesot ginn, d’Elteren hätten elo méi Deeg zegutt wann d’Kanner krank sinn. Neen, wat changéiert huet, ass, dass di Deeg, déi net geholl gi sinn cumuléiert ginn an net ewechfalen.

Enttäuschung? Jo, dat ass nëmmen ee Beispill vun deenen, déi mer schonn gehéiert hunn. Wéi z.B. „Däitlech mé“: Däitlech méi gëllt net fir all Elteren.

Et gëtt duergestallt wéi wann d’Erzéiung e Kannerspill wär, dass ee kann ganz gutt Erzéung a Beruff ënner een Hutt bréngen. An do genee läit d’Schwieregkeet. Well den Alldag vill méi schwéier ass, vill méi verlaangt, vill méi ustrengend ass an dat schéngt kee wëllen anzegesinn.

Wou sinn dann d’Politiker, dConseilleren, déi sech an d’Kanner an an d’Elteren kënnen erasetzen a verstinn, dass et muss einfach anescht goen?

Et geet net méi duer vu Budget ze schwätzen an dann ze méngen, elo wär d’Land gerett, wa mer finanziell gutt do stinn.

Nee, d’Rechnung kënnt wann déi Kanner, déi net genuch matkréien, grouss sinn. Mee, déi Rechnung kréien si ze bezuelen an si hunn dat alles net gefrot.

Ech ka mech erënneren, wéi ech eng Kéier beim Coiffeur war an e Kand dauernd hin an hir gelaaf ass an carrément gestéiert huet. Wéi d’Leit dann och nervös gi sinn a komesch gekuckt hunn, sot d’Mamm: „Wann een säi Kand nëmmen eng Stonn den Dag gesäit, kann een net och nach streng mat ëm sinn.“

Dat war genee d’Erklärung. An esou wäert et villen Elteren haut goen. Et bleift einfach keng Zäit fir eng konsequent Erzéiung ze maachen. An da sinn et d’Kanner, déi drënner leiden, déi duerch hiert Verhaalen, en Appel un eis all maachen. Just, dass deen Appel net verstaane gëtt!

Et gëtt endlech Zäit! Mir kënnen dach net méi einfach nokucken, dass d’Kanner sech selwer iwwerlooss sinn an dass mer mengen, mat ville Crèchen, Maison Relais, Kontrollen an Kontrolleuren, wären all d’Problemer geléist.

Et ass zwar, ee Land, wat verstaanen huet, an den Elteren och wierklech entgéint kënnt, wann se allen zwee schaffen: an dat ass Holland.

Holland ass eis e Schrack viraus, bei hinnen ass den Travail à temps partiel gefërdert. Do versteet eng Gesellschaft, dass d’Elteren net kënnen zu zwee de ganzen Dag schaffen an dobäi nach genuch Zäit fir hir Kanner hunn (et gëtt natierlech Elteren, déi et fäerdegbréngen, mä, dat hänkt vun jidderengem eenzelnen of, dat däerf een net vergiessen).

An Holland kréien d’Koppelen suguer steierlech Virdeeler, wann ee vn hinnen Deelzäit schafft.

Mir froen et scho laang: Ënnerstëtzt deen Elterendeel deen d’Erzéiung vun de Kanner selwer wëll an d’Hand huelen, fërdert den travail à mi-temps, den travail à temps partiel.

Mir sollen verantwortlech sinn fir mar? Dat fängt bei eise Kanner un. An eis Gesellschaft kann sech deem net méi entzéien!

Isabelle Schmit-Mines

26.02.2018

Liest och:

Kanner ouni Virbild? vum Sarah Bock

Fir d’Famill, fir all Famill?“

Kindererziehung im 21. Jahrhundert, vum Jutta Lux-Hennecke

 

Une pensée sur “Wien ass verantwortlech?”

  1. Victor Hugo : « Toute doctrine sociale qui cherche à détruire la famille est mauvaise et, qui plus est, inapplicable. Sauf à se recomposer plus tard, la société est soluble, la famille non. C’est qu’il n’entre dans la composition de la famille que des lois naturelles ; la société, elle, est soluble par tout l’alliage de lois factices, artificielles, transitoires, expédientes, contingentes, accidentelles, qui se mêle à sa constitution. Il peut souvent être utile, être nécessaire, être bon de dissoudre une société quand elle est mauvaise ou trop vieille, ou mal venue. Il n’est jamais utile, ni nécessaire, ni bon, de mettre en poussière la famille. Quand vous décomposez une société, ce que vous trouvez pour dernier résidu, ce n’est pas l’individu, c’est la famille. La famille est le cristal de la société. »
    Victor Hugo

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *