maman et filleIndividuell Betreiung war gëschter… oder?

Mir wëssen et eigentlech alleguer: dat Bescht, wat e Mënsch a sengem Liewen kann hunn, dat ass, dass en e puer Leit ronderëm sech huet, an déi e kann Vertrauen hunn, Leit, déi e gären huet, bei deenen en sech wuel spiert.

Fir e Kand bedeit dat Allerbescht, dass di selwecht Mënschen – 2-3 Leit, – sech ëm et këmmeren.

« Ech fannen et ëmmer schlëmm, datt iergendeen aneren fir eis Kanner decidéiert. Firwat freet keen déi Butzen eng Kéier selwer? Wéi se sech fillen, wann se vun engem Friemen betreit ginn, an och nach eng friem Sprooch mussen léieren. Et gëtt ëmmer fir eis Kanner decidéiert, an iwwert hire Kapp ewech, Decisiounen geholl, wou kee weess wéi se sech op d’Kanner auswierken! » (Chira Bügler, 07.12.16)

« Kanner ass dat Wäertvollst wat mär Mënschen hun, dofir léiw Elteren, loosst Är Kanner net Opfer vun der Politik ginn. Besser méi kleng Bréidercher baaken, awer glécklech sinn.
Wat méi Elteren sech zum Kand entscheeden, wat d’Politik lues awer sécher an Zugzwang kënnt. » (Angel, 05.12.16)

« All Pädagog wees a seet dat selwecht: de Grondsteen fir dem Mënsch seng Entwécklung gëtt an der klenger Kandheet geluecht; d.h. am Alter vu 0-4 Joer. « Bonding » nennt een an der Pädagogie de Begrëff, vun där Zäit wou d’Kand vun der Mamm (oder enger anerer Bezugspersoun) betreit soll ginn, an ouni dat, d’Basis fir eng ausgeglachen Perséinlechkeet selten zustaane kënnt.
Kanner, déi schonn als Puppelche keng Bezugspersoun haten, si spéider och net bezugsfäheg, an dat ass ganz bestëmmt kee Virdeel, weder fir d’Kanner, nach fir d’ zukünftig Gesellschaft!! » (Scmit, 26.11.16)

Fir Mënschen, déi eng Behënnerung hunn oder fir eeler Leit, déi op Soine ugewise sinn, heescht et, dass di selwecht Persoun, z.B. dee selwechten Infirmier, di selwecht Infirmière bei se Heem kommen. Si all, brauchen, an hire Relatiounen, eng Stabilitéit. Permanent Changementer vun de Betreier mécht se onsécher an nervös.

Dat alles ass gewosst, an trotzdem gesi mer de Moment, dass d’Praxis anescht ass. Mir begéinen deem selwechte Schéma a leschter Zäit ëmmer méi: sief et fir d’Kannerbetreiung, sief et fir d’Pfleg vun engem kranken oder eelere Mënsch: di individuell Betreiung gëtt ewech gedréckt, grouss Strukturen, grouss Organisatiounen ginn gefërdert.

Wa vun Kannerbetreiung geschwat gëtt, gëtt vun Betreiungsstrukturen geschwat, a wéineg vun den Elteren, d’Dagesmammen kréien d’Liewen schwéier gemaach.

Wann et ëm Leit geet, déi Soine brauchen, schéngen d’Vertrauenspersounen net méi wichteg ze sinn. Selbsstänneg Infirmier/Infirmière ginn eleng gelooss. Jo, soubal hir Patienten eng Hëllef, sou kleng déi och ass, vun engem Réseau kréien, däerfen si se net méi betreien (d.h., d’Keesen iwwerhuelen näischt): „Natürlich schmerzt es beide Seiten, wenn die Betreuung beendet werden muss. Es sind teils langjährige Patienten von uns, mit denen uns ein besonderes, sehr persönliches Vertrauensverhältnis verbindet“, seet den Tommy Wester (L.Wort, 15. Februar 2018, am Artikel „Wir fürchten um unseren Berufsstand. Die selbstständigen Krankenpfleger sehen sich durch die Reform der Pflegeversicherung diskriminert).

Also, alles fir d’Wuel vun dem Bierger?

Wat ass dann de Wäert an engem Mënscheliewen, wann e keng Vertrauenspersounen huet, keen Uspriechpartner, deen sech Zäit fir en hëllt, keen, deen him weist, dass e wichteg ass, op dëser Welt? Et gëtt de Mënschen eppes opgedrängt, fir dat se net gemaach sinn: anonym Riedercher vun engm System, an deem hir Meenung net méi zielt!?

Mir brauchen eng nei Mënschlechkeet, eng Mënschlechkeet, wou mer däerfen Mënsch sinn.

« Le bonheur, c’est d’être avec ceux que l’on aime », seet den François Lelord a sengem Buch, « Le voyage d’Hector ». Daërfe mer dann, als Gesellschaft, de Mënschen, déi Mënschen ewechhuelen, déi se am meeschten brauchen?

 Isabelle Schmit-Mines

19.02.2018

 Liest och den Lieserbréif vum Petra Stober: „Die Rückkehr der ElternRitter« 

 

FAPEL: « Faites de vos enfants des champions de la vie »

Date: le 24.02.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

FAPEL: « Représentants des parents: droits et devoirs »

Atelier interactif parents et adolescents de 12 à 18 ans

Date: le 24.02.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

FAPEL: « Lernen macht Spass, oder?»

Datum: le 03.03.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

SCHOLA NOVA:

Conférence du Pr. Stéphane FEY: « Y a-t-il une philosophie? »

Date: le 08 mars 2018

Adresse: Schola Nova, B-1315 Incourt

CSF Norden: «Teddy 4.0.: High Tech im Kinderzimmer»

Konferenz, Diskussionsanstoss

Datum: 10.03.2018

Adresse: Schloss Clervaux, Clervaux

FAPEL: « Les clés de la communication avec nos ados »

Date: 10.03.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

FAPEL: « Kinder stärken und für das Leben stark machen»

Datum: 10.03.2018, zu Walfer

FAPEL: « Sprachentwicklung und was kann ich tun »

(in Zusammenarbeit mit der Initiativ Liewensufank)

Datum: 17.03.2018 vun 9 – 13 Auer

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *