enfantsblondsokDäerfe mer nach ewechkucken?

No eisem Artikel vun der leschter Woch Erschreckend Zukunft ?, war d’Resonnanz enorm.

De Malaise ass grouss an eisem Land, wat d’Kanner betrëfft. Di vill Temoignagen, Commentairen, di vill Partagen op eiser Facebook-Säit „Méi Elteren, manner Staat“ léien net.

De Malaise ass grouss bei den Elteren, en ass grouss, bei de Professionnellen, déi sech ëm d’Kanner këmmeren, en ass grouss, bei all deenen, déi sech e bësschen Gedanken iwwer d’Zukunft vun de Mënschen, iwwer d’Zukunft vum Land maachen.

Wat geschitt mar mat eise Kanner, wann mer nach ëmmer dat vun hinnen verlaangen, wat mer elo verlaangen?

Wat geschitt mar mat deene Kanner, déi haut schonn esou krank sinn?

Wéi eng Gesellschaft baue mer op?

Dann hu mer zum Beispill, de Commentaire vun enger Mamm: « Also, ech hunn de Congé parental hallef Deeg geholl fir kënnen bei menge Kanner ze sinn. An se net mussen sou vill an eng Maison Relais an an d’Crèche ze ginn. Wat hunn ech dovun… mäi Patron mécht mir d’Liewen schwéier…
Merci un d’Ministeren, dei éis alles schéin verkaafen, mee um Terrain ass et och net einfach fir d’Elteren. An d’Kanner mussen dann dru leiden. Meng mussen elo Moies fréi an d’Maison Relais an an d’Crèche, wat net sou virgesinn war… Traureg“.

Esou Situatiounen dierften et net méi ginn, an enger Gesellschaft, wou mer all eng Verantwortung hunn, vis-à-vis vun deenen nächsten Generatiounen. Leider sinn d’Patronen net ëmmer frëndlech gesënnt vis-à-vis vun de Fraen, déi Mamm sinn. Do och huet d’Politik eppes « versprach« , wat der Realitéit net entsprëcht.

Ze vill laang huet d’Politik, huet d’Aarbechtswelt, jo, villäicht och d’Gesellschaft, sech vum Kand distanzéiert. D’Kand, als klengen Erwuessenen ugesinn, deen sech soll fügen, a follegen. Dat war fréier, soe mer haut. An haut, menge mer mir brichten him nëmmen Wëssen eranzetrichteren an dann ass e gewappnet fir säi Beruffsliewen.

Just, dass do d’Rechnung ouni d’Kand gemaach gouf, well d’Besoine vum klenge Kand op engem ganz aneren Niveau leien. A vun deem Niveau gëtt ni geschwat, wéi wann dee Niveau inexistent wär, wéi wann deen Niewesaach wär. An dobäi ass et di affektiv Dimensioun, di vertrauensvoll Bindung, déi e Kand muss, mat engem, zwee, Mënschen, opbauen, déi hien staark maachen fir seng Zukunft. An dat ass emol dat wichtegst, de Rescht kënnt vu selwen, wann de Moment räif ass. Dem Kand säi Rhythmus respektéieren, waarden bis dass et prett ass – an do ass all Kand anescht. Déi Etappen ze respektéieren, dat misst d’Missioun vun de Ministère sinn, déi un d’Zukunft vun de Kanner denken.

Vill Elteren fillen sech vun der Politik am Stach gelooss. Si leiden drënner, dass d’Liewen hei zu Lëtzebuerg esou deier ass, dass se oft obligéiert sinn, dee Schrack ze goen, deen se eigentlech ni wollten maachen, wéi se Kanner kritt hunn: hir Kanner a friem Hänn ze ginn. Gären géifen se sech intensiv ëm hir Kanner këmmeren, si leiden ënner dem Zäitdrock, deen se all Dag mussen matmaachen fir hir Kanner, hire Partner, hire Beruff, hire Stoot, ënnert een Hutt ze bréngen.

Op där anerer Säit, gëtt et och Elteren, déi hire Beruff gären hunn, an en och wëllen ausüben. Wou huelen si dann d’Zäit hir? Di Zäit, ass knapp wann se de ganzen Dag schaffen. Wann « travail à mi-temps », « travail à temps partiel » méi géifen gefërdert ginn, wär och bei deenen Elteren manner Stress, méi Zefriddenheet. Dat hu mer och aus de Commentairen eraus gehéiert. Et gëtt jo Betriber, déi probéieren, d’Zäiten vun hire Mataarbechter esou anzedeelen, no den Zäiten vun de Kanner.

Zefridden Mataarbechter sinn motivéiert Mataarbechter.

Et geet net duer, dauernd vu Budget, vun Investissementer, vu Steieren an da nees vu Spueren ze schwätzen, wa mer iwwer d’Kanner ewech kucken. Eis Zukunft, d’Zukunft vun eiser Gesellschaft baut sech op mat de Kanner, mat gesond Kanner.

Och d’Gesellschaft huet et laang versäumt vum Kand ze schwätzen. Et gëtt sech oft méi Gedanke gemaach iwwer Moud, Autoen, Vakanzen wéi iwwer d’Kanner oder iwwer dat wat deen anere Mënsch beweegt.

Oft gëtt méi vu belanglosen Themen geschwat, wéi de Mënschen bäizestoen, déi sech eleng spieren. Kënne mer nach ewechkucken, wa mer wëssen, dass den Taux de suicide hei am Land, esou ass, dass, all 4. Dag, ee Mënsch sech d’Liewen hëlt (L.W. 08.02.1018)? Wéi eleng spieren d’Leit sech dann haut? Wéi eleng spieren se sech an Zukunft, d’Kanner vun haut, déi di Erwuessener vu mar sinn?

Eisen Appell un d’Politik ass ëmmer deen hei: loosst den Elteren de Choix, e Kand ze hunn ass eng grouss Verantwortung. A bei all grouss Verantwortung hëlt een d’Decisiounen selwer. Firwat gëtt et den Elteren, dann esou schwiereg gemaach?

Isabelle Schmit-Mines

12.02.18

Liest och den Lieserbréif vum Petra Stober: „Plädoyer für mehr Politik im digitalen Rausch“

 

FAMILYLAB

STEP:

 

Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat : dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren

Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindes nei Artikelen

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *