famill21 Erschreckend Zukunft?

Eng SpillschoulsLéierin hat mer dëslescht geschriwwen, dass et erschreckend wär, wéi et an de Schoulen haut géif ausgesinn. Op meng Fro, wéi een dat géif konkret gesinn, ass hiren Temoignage deen hei:

« Sou hunn ech d’lescht mäin Mëtten an der Schoul resuméiert: 

 » Deen een kann net bis 2 zielen, wees net wat e Kapp, e Been oder e Bauch ass oder wat uewen an ënnen ass (Lëtzebuerger), 2 falen vu Middegkeet ëm, deen nächsten pisakt dauernd di aner well en net weess wat man, een aneren dréint sech am Krees an hummert dann mam Kapp op den Dësch, een huet eng nogewisen Sproochschwächt a misst theoretesch regelméisseg doranner gefërdert ginn (wou huelen ech d’Rou an d’Zäit hier dofir?), deen nächsten kräischt well en bei d’Mamma wëll, een aneren hält sech un absolut keng Regel… an sou kann ech weiderfueren. « 

An ech soll do Schoul halen…, well mir sinn jo Schoul an sollen « socles de compétences » areechen… wat och soss (ech schwätzen vun virun 10-15 Joer) méi oder wéineger de Fall war. Ech weess awer mëttlerweil net méi wéi ech et soll maachen, all deenen Besoinen gerecht ze ginn. Bei wem fänken ech un? Wien huet Prioritéit? A wat man mat deenen « normalen » Schüler – hunn déi net e bëssen d’Flemm? D’Basis ass einfach net méi do bei 80% vun de Kanner. Si si midd, obgedréint, deels och verwinnt (well Elteren wahrscheinlech domadder hiert schlecht Gewëssen kompenséieren).. et ass eng erschreckend Evolutioun. D’Ministeren missten just op den Terrain mol kucken goen. Well ech kennen keen een, deen de Contraire behaapt. An de Lycéeën geet et sou weider – wat jo logesch ass, well eis Kanner am C1 sinn hir zukünfteg Schüler. Mir mécht déi Entwécklung Angscht – an do schwätzen ech lo als Mamm. Well meng Kanner sinn net esou – NACH net! Mee wou féiert et hin?»

Wat also an de Schoulen, hannert zouenen Diren geschitt, ass eppes ganz anescht wéi dat wat vun uewen erof decidéiert a geschwat gëtt.

Hei si mer um Terrain, wou méi wéi eng Léierin, wou méi wéi ee Schoulmeeschter, Dag fir Dag, virun enger Klass steet, wou d’Kanner sech vu lauter Trauer net packen.

Mir setzen u mat Sachleeschtungen“ sot den Eugène Berger (Séance vum 13. Dezember 2017 an der Chamber). Brauch e Kand Sachleeschtungen? Sinn et nëmmen Sachleeschtungen, déi jonk Famillje brauchen? No dësem Temoignage vun der Spillschoulsjoffer, kann een nëmmen soen: Setzt un mat eppes anescht!

Setzt op d’Elteren, léiert d’Elteren nees Elteren sinn!

Loosst, wéinstens een Deel vun den Elteren bei hire Kanner sinn, wann si dat wëllen, gräift hinnen finanziell ënner d’Äerm, och esou dass se am Alter eng Pensioun kënne kréien. Respektéiert hir Aarbecht, an, wann ech gelifft, erkennt, dass d’Kanner si, hir Léift, hir Präsenz méi wéi alles brauchen!

Ënnerstëtzt den « travail à temps partiel », den « travail à domicile », hëlleft den Entreprisen duerch verschidden finanziell Erliichterungen, wann bei hinnen Elteren ugestallt sinn, déi deelweis wëlle schaffen. Setzt Iech an d’Haut vun den Elteren, vun dem Lehrpersonal an da kënn Der villäicht verstoen, dass Är Wierder net duer ginn fir den Elteren an hirem Alldag ze hëllefen. Setzt Är Ënnerstëtzung an, fir déi, di se am meeschten brauchen: d’Puppelcher, an och d’Schoulkanner, déi hir Elteren am AllDag brauchen.

D’Regierung waart net op d’Zukunft, d’Regierung preparéiert d’Zukunft“ sou sot et d’Joëlle Elvinger, den 12. Dezember 2017 an der Chamber. Wéi eng Zukunft fir eist Land, wa scho kleng Kanner, weder an nach aus wëssen?

D’Zukunft preparéieren, mat de Kanner a mat den Elteren, an net iwwer si ewech. Et ass elo scho dramatesch genuch, wéi gesäit et dann an e puer Joer aus?

Isabelle Schmit-Mines

05.02.2018

Agenda:

FAPEL: « Faites de vos enfants des champions de la vie »

Date: le 24.02.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

FAPEL: « Représentants des parents: droits et devoirs »

Atelier interactif parents et adolescents de 12 à 18 ans

Date: le 24.02.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

FAPEL: « Lernen macht Spass, oder?»

Datum: le 03.03.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

FAPEL: « Les clés de la communication avec nos ados »

Date: 10.03.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

FAPEL: « Kinder stärken und für das Leben stark machen»

Datum: 10.03.2018, zu Walfer

FAPEL: « Sprachentwicklung und was kann ich tun »

(in Zusammenarbeit mit der Initiativ Liewensufank)

Datum: 17.03.2018

Adresse: Maison de l’Orientation, Place de l’Etoile, Luxembourg

 Mir ënnerstëtzen och d’Petitioun:

Droit de l’enfant de terminer sa scolarité dans l’école fondamentale attribuée dès le départ-Recht fir d’Kand an där Primärschoul wou et ageschoult ginn ass bis zum Schluss ze bleiwen.

http://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1077

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

9 thoughts on “Erschreckend Zukunft?

  • 5 février 2018 à 20 h 36 min
    Permalink

    Ech soen sou: Méindes, Mëttwochs a Freides, tëscht 12-13.45, « schleisen  » mir bis zu 70 Spillschoulskanner duerch fir z’essen! D’Kanner si midd, opgedréint an ëmmer um Dill… … Ech froen mech schon laang wéi d’Folgeschied wäerten sinn fir eis Kanner…. Burnout wäert di nei Kanner/Jugend Krankheet sinn!!!

    Répondre
  • 6 février 2018 à 10 h 55 min
    Permalink

    Also, ech hu mech fir meng Kanner entscheed a sinn elo 4 Joer heiheem; muss soen, finanziell net einfach, muss oft op Saachen verzichten, mee dat ass mer egal. Et wär flott wann d’Pensioun géif weiderlafen.

    Répondre
  • 7 février 2018 à 10 h 03 min
    Permalink

    Also, ech hunn de Congé parental hallef Deeg geholl fir kënnen bei menge Kanner ze sinn. An se net mussen sou vill an eng Maison Relais an an d’Crèche ze ginn.
    Wat hunn ech dovun… mäi Patron mécht mir d’Liewen schwéier…
    Merci un d’Ministeren, dei éis alles schéin verkaafen, mee um Terrain ass et och net einfach fir d’Elteren. An d’Kanner mussen dann dru leiden. Meng mussen elo Moies fréi an d’Maison Relais an an d’Crèche, wat net sou virgesinn war… Traureg

    Répondre
  • 8 février 2018 à 13 h 04 min
    Permalink

    La méditation dans les écoles fait ses preuves, même avec les tout-petits. Le yoga est aussi une aide bénéfique, j’ai beaucoup travaillé sur ce sujet.

    Répondre
  • 10 février 2018 à 8 h 43 min
    Permalink

    Wéi se virun Joeren, d’Ganzdagsschoul agefouert hunn, ass‚ d’Famill‚ ënnergaangen!
    Wéi ee Kand sëtzt nach Mëttes um Dësch mat den Elteren z’iessen an si schwätzen gemittlech zesummen!
    Keen, well si hänken vun Mueres 7 bis Owes 7 an der Maison Relais!
    Mueres mussen se roueg sinn, an der Schoul roueg sinn, Mëttesiessen roueg sinn, ërëm an der Schoul roueg sinn, ërëm an der Maison Relais roueg sinn an Owes doheem roueg sinn, well d’Elteren genervt a midd sinn vum ganzen Dag schaffen a verléieren Stonnen am Beruffstrafic, déi Zäit, déi hinne feelt fir bei hire Kanner ze sinn an eppes mat hinnen ze maachen.
    Eis Kanner ginn hirer Energie net lass a kënnen sech net méi defouléieren an dofir sinn se opgedréint an den Schoulen. Sie sinn agespaart an hirem eegenen Kierper.
    Kanner sollen nees mussen méi Zäit mat hiren Elteren verbréngen!
    Kanner sinn eis Zukunft an d’Regierung ass am Gaang, déi lues awer sécher futti ze machen.

    Répondre
  • 10 février 2018 à 19 h 49 min
    Permalink

    Di Fra huet méi wie Recht. Den ganzen Schàiss ass schon virun zech Joeren ungaangen bei denen éischten an folgenden Schoulreformen. D’Kanner sollen doheem vun den Elteren erzu ginn an net an der Schoul vun 4 Joer un.

    Répondre
  • 9 mars 2018 à 14 h 58 min
    Permalink

    « Mir steieren op eng Burn out Generatioun hin, schonn am Primärschoulalter…. »

    Répondre
  • 26 mars 2018 à 23 h 13 min
    Permalink

    Genau esou….
    Aen an Oueren op dir Damen an Hāren Ministeren !
    Et as zeng fir zwielef 😥

    Répondre