Mother and daughter on the green grassLauschtert op d’Mammen, kuckt d’Kanner!

Hiren Avis gëtt ni gefrot! An dobäi wären et jo d’Mammen, si, déi de Puppelchen gedroen hunn, si, déi him di éischt Soine ginn hunn, déi am beschte wëssen, wat kleng Kanner am meeschten brauchen. Awer: vill Kanner kréien net, wat se esou dréngend brauchen: Zäit mat hiren Elteren, eng stabil Bindung, ent zolitt Vertrauensbasis. Sou gesi mer da Kanner, déi net laachen, sou wéi een sech dat vun engem Kand erwaart. Vill Kanner, déi traureg, gelangweilt oder aggressiv sinn. Mä, hiren Avis gëtt och ni gefrot! Well se nach ze kleng sinn? Jo, mä hiert Behuelen seet awer alles aus… Hei deele mer Iech Lieserbréiwer mat, vu jonke Mammen, déi aus Erfahrung schwätzen, déi sech Gedanken maachen, iwwer d’Zukunft vun enger Gesellschaft, déi de Bléck fir d’Kand verluer huet:

Petra Stober: « Familien brauchen Freiräume, Vertrauensräume, ein humanistisches Gesellschaftsbild, das ihnen und ihren Kindern mit Respekt und Wertschätzung begegnet, Brücken baut und « störendes Verhalten von Kindern, Leistungsabfall, Leistungsverweigerung«  als das erkennt, was es auch ist: S.O.S. – Rufe verletzter Kinderseelen: Die Rückkehr der ElternRitter

Cecilija Lanovic: « Es wird höchste Zeit, dass die Gesellschaft umdenkt und die Gefahren erkennt, die sich über sie zu erstrecken drohen. Kinder sind die Zukunft. Wollen wir eine Zukunft, in der sich mit Fäusten durchgeschlagen wird? In der Kraftausdrücke zur Alltagssprache werden? In der Werte wie Respekt den anderen gegenüber vollständig verloren gehen? » : Vogel-Strauss Politik und die Verantwortung der Eltern 

Sarah Bock: Ech si mer sécher, dass wann d’Präsenz vun den Elteren am Alldag vun de Kanner rëm méi opgewäert giff ginn, di schoulesch Leeschtungen och aner wären fir vill Kanner. An deem Alter schafft een halt nach net fir sech. Normalerweis, mécht een dat dann nach fir eng Persoun déi engem no steet, an déi sech ëm ee suergt! Den affektive Level spillt zu jiddfer Alter eng enorm wichteg Roll, de Mënsch ass keng Maschinn. D’Einsamkeet vu Jugendlecher

Claudine: « Schonn no puer Méint hat ech ëmmer méi Schwieregkeeten fir eist Kand fort ze ginn, fir schaffen ze fueren, ech hunn oft gekrasch, konnt net méi vill iessen an och eist Meedchen huet oft gekrasch wann ech schaffen gefuer sinn… Ech war net glécklech mat der Situatioun, suguer meng Aarbecht huet mer kee Spaass méi gemaach obwuel ech mäi Beruff gären hunn. Ech hunn no mengem Kand verlaangert an hat ëmmer dat Gefill, et am Stach ze loossen, ech wollt mech méi intensiv ëm et këmmeren an fir et do sinn.«  Mamm doheem

 Tanja: « Ech sinn ganz enttäuscht vun der momentaner Familljepolitik, wat a mengen Aen als Mamm, alles anescht wéi familljefrëndlech ass! A wann net e Familljeministère sech fir d’Familljen asetzt, ween mécht et dann?! «  Kritt keen eppes ewechgeholl?

Chantal Weis: « Och aus menger Siicht vun der Stëllberoderin ass et katastrophal fir Mamm a Puppelchen sou fréi ze trennen. D’WHO recommandéiert, och fir Lëtzebuerg, en ausschliesslecht Stëllen bis de Puppelchen 6 Méint huet, an dann, niewt adaptéierter Beikost e Weiderstëllen bis d’Kand min 2 Joer huet. Vill Etuden hu bewisen, dass d’Stëllrate extrem ofhëllt, wann d’Mammen bis rëm schaffe ginn. Ginn se lo, wéi hei zu Lëtzebuerg, gezwongen rëm schaffen ze goen, wäerten och hei d’Stëllraten nach méi falen – mat enorme Konsequenzen fir onse Gesondheetssystem! » An Zukunft, eng krank Gesellschaft?

 Isabelle Kalmus: « Wéi vill Fraen kennt jiddereen, deen gewëllt ass hannert d’Façade ze kucken, déi ëfters mat verkraschenen Aen schaffe kommen, well se hirt klengt Kand mussen ofginn? Dat sinn net déi Fraen déi schaffen, well se den décken Auto wëllen oder d’Vakanzen, nee, si ginn schaffen well et em dat Agemaachent geet. Ech ernimmen d’Fraen well si et éischter no baussen droen, mee och ënnert de Männer gëtt et der genuch, déi leiden wann se déi kleng mussen a friem Hänn ofginn. Mer sinn nun emol net all Karrieremënschen,… » Kanner, Kichen, Crèche

Danielle Wilhelmy: « Um allen Kindern die gleichen Anfangschancen zu ermöglichen, müssten sie alle im gleichen Alter gleich gefördert werden. De facto bietet sich hierzu nur der verpflichtende Besuch eines Kinderhortes. Spätestens an diesem Punkt drängen sich Gedanken verstaatlichter, gleichschaltender Kindererziehung auf, in der das persönliche Wohlergehen der Kinder und Eltern nur zweitrangig ist. » Die Qual der Wahl oder die Entmündigung der Eltern

 22.01.2018

Mir ënnerstëtzen och d’Petitioun: Prise en charge plus élevée par la Caisse de Maladie pour les aides visuelles et reconnaissance comme handicap

http://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1062

3 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *