Mother with babyKritt keen eppes ewechgeholl?

Ier een Entscheedungen an engem Beraïch trëfft, misst een selwer mol an d’Schlappen vun denen betraffenen Leit eraklammen… Virwat gëtt de Beruff « Mamm oder Papp doheem sinn«  esou entwürdegt?
An eiser Gesellschaft steet dësst oft stellvergläichend fir Liddregkeet, ze faul ze sinn fir opzestoen an schaffen ze goen. An dann wëllen sou Leit och nach Suen vum Staat revendiquéieren! Dat géif de ganze System jo nach méi ënnerhalen an nach vill méi Leit géifen profitéieren, abuséieren…
Awer een, deen säi Beruff als Mamm / Papp doheem, serieux mécht, dee wees, wat en Owes gemach huet. Et ass en 24/24 Stonnen Job, 7/7 Deeg, et gëtt kee Feierowend an och kee Congé. Während engem Dag ass een Kach, Botzfra, Wäschfra, Léierin, Educateur, Psychologue, Médiateur, Infirmier, Sportler, Clown, Secretaire, Manager… Den Alldag muss laafen an d’Kanner dierfen net ze kuerz kommen…
Ech perséinlech ginn 20h/Woch auswärts schaffen. Déi Deeg wou ech mat menge Kanner doheem sinn, sinn méi ustrengend wéi déi op menger Aarbecht (an och do sin ech vill ugespaant!). An selten hun ech Zäit op dësem Site ze schreiwen…
Natierlech ginn et Elteren, déi net schaffen ginn an awer, duerch déi eng oder aner Ursach, net op dem Kand seng Bedürfnisser kënnen agoen. Mä virwat gëtt dat verallgemengert? Grad esou Kanner kéinten vill vun enger Opfangstruktur profitéieren, mä fir si ginn et meechtens keng Plazen, vu dat d’Elteren net schaffen, sinn se net prioritär. Dat ass jo e Paradox… An wat ech ëmmer ërëm schreiwen – wieren manner Kanner an esou Opfangstrukturen kéint eng vill méi wäertvoll Aarbecht geleescht gin!
Et ass jo wichteg datt d’Kanner e sozialt Liewen hun, mä zevill as zevill. Ouni drop eranzegoën wéi wichteg d’Bindung zu der Mamm/Papp ass, fir e klengt Kand, sinn ech frou, dat och meng méi grouss Kanner net all Dag mussen auswärts betreit gin. Nee, ech sinn net d’accord domadder, dat meng Kanner sou oft Ketchup, Kamellen kréien (ech verbidden hinnen et awer och net an der Maison Relais, soss wieren si déi eenzeg um Dësch, déi dat net dierften kréien).…Nee, ech well net, dat meng Kanner all Daag um Iessen geekelt sinn, well verschidden Kanner sou onmanéierlech iessen, resp. egal wat mam Iessen machen… Nee, ech well net, datt meng Kanner all Dag d’Ouren an de Kapp wéi hunn, well sou vill Kaméidi ass… Ech wëll, datt meng Kanner sech mol kënnen zeréckzéien wann si einfach hier Rou wëllen hunn… Stonneweis ass et jo flott, si kënnen jo och Aktivitéiten ugebueden kréien, déi een de Kanner net onbedéngt doheem ubidden kann, wann een e puer Kanner an verschiddenen Alteren huet, resp., d’Kanner freen sech drop, mol einfach mat hiren Kollegen kënnen ze spillen.
Ech ginn gären schaffen, mäi Beruff mécht mir Freed. Am Moment, mierken ech awer, dat och mat enger halwer Tâche, meng Kanner doheem oft ze kuerz kommen… Bei eis stellt sech d’Fro leider net, mir hunn de Choix net, ech kann net mat eise Kanner doheem bleiwen. Schlëmm, datt verschidden Allocatiounen ewech gefall sin. Bestëmmt konnt keen sech domadder eng gëllen Kroun kaafen, awer fir méi modeste Stéit war dat eng wichteg Hëllef!
Ze soen, et misst een déi ganz Politik am Globalen kucken, de Familljen wier näicht ewech geholl gin – dem kann ech net zoustëmmen!
D’Allocations familiales goufen net gehéicht, et ass d’Additioun vum Kannergeld mam Boni wat een krut beim éichten Kand. De Loyerzuschuss ass nëmmen fir Familljen déi lounen, d’Bonificatioun déi een op engem Logementsprêt krut ass nach just hallef sou vill wéi se war… Datt och elo den Chèques-services net méi dégressiv nom « Rang de l’enfant » gerechent gëtt, dat mécht e riisegen Ënnerscheed… Do ass awer ville Stéit eppes ewechgeholl ginn! An dann stellt sech awer d’Fro, firwat ass dem engen säin Congé parental méi Wäert wéi dem aneren säin?
Ech sinn ganz enttäuscht vun der momentaner Familljepolitik, wat a mengen Aen als Mamm, alles anescht wéi familljefrëndlech ass! A wann net e Familljeministère sech fir d’Familljen asetzt, ween mécht et dann?! Am Numm vun de Familljen kann een dach net soen, « mir favoriséieren keng Natalitéit, et géifen schon genuch Kanner op der Welt ginn«  an och net, « mir machen Politik fir déi Leit, déi Moies opstinn fir schaffen ze goen« !
Dofir wëllen ze suergen dat Fraen a Männer onofhängeg sinn a bleiwen, ass jo un sech eng gutt Iddi. Mä dach w.e.g. net op d’Käschten vun eise Kanner! Do sinn jo schon sou vill aner Modeller hei diskutéiert ginn, déi deem och géifen entgéint kommen! Eng richteg Familljepolitik, déi all eenzelnen Member ënnerstëtzt!

Tanja

19.02.2016

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *