Interview mat der Madame Sarah Bock, Professer

Décrochage scolaire, échecs, wéineg Leeschtung: d’Regierung wëllt op de Fong goen, firwat esou vill Problemer an de Schoule sinn : si kuckt, op et un de Schoulprogrammer oder un de Proffen läit ? Mee eppes gëtt net analyséiert an dat ass, de Schüler hir Motivatioun. Sinn et net aner Komponenten, déi éischter ronderëm d’Schoul leien, wéi z.B. :

  • d’Schüler wëssen net fir wat se sollen léieren ;

  • déi Fun-Gesellschaft, déi ëmmer sou gelueft gëtt, bréngt a Wierklechkeet nëmmen ee vide intérieur

  • si ginn ze vill ofgelenkt duerch Telefon, Spiller an esou gëtt néicht méi gelies an sech kéng Froen méi gestallt

« De Fait, dass Schüler matt der Schoul opgehalen hunn, ass et schonns ëmmer ginn, a leider wäert een dësem Problem och ni ganz kënnen entgéint wierken. D’Schoul an deem Sënn, wéi se elo existéiert, ass och net fir jiddereen geduecht, an dat kann ech deels gutt novollzéien. Stellt aesch dat esou vir!

Doheem ass vir vill Schüler keen Elterendeel, deen sech Zäit hëlt fir d’Kanner, et freet keen se, wéi et an der Schoul woar, oder ganz einfach wéi et hinnen geet. Vill Kanner sinn gréisstendeels alleng doheem no der Schoul. A firwat sollen se da léieren? Et ass keen do, deen se dorun hënnert, net ze léieren. Et këmmert keen sech, well vill Elteren halt musse schaffen. Als Teenager léiert een normalerweis nach net fir sech, mee fir eng Bezugspersoun, déi schlussendlech stolz op een ass. An enger Welt, wou den zwëschemënschleche Kontakt ëmmer méi kuerz kennt, schéngt eng virtuell Welt (z.B. Facebook, Computerspiller, etc.) oft deen eenzege Confort, deen d’Schüler no der Schoul hunn. Bref, doheem ass keen, deen se op emotionaler Basis ënnerstetzt, an an der Schoul gin se reduzéiert zu Maschinnen, déi ze funktionéieren hunn. Als Teenager huet een et souwisou munchmol net einfach, an de Fait, dass se an der Schoul zu renger Leeschtung reduzéiert gin, an de Fait, dass se am Alldag op sech alleng gestallt sin, féiert zu engem ‘vide intérieur’. Daat schéngt fier mech net wäit hiergeholl. An deem Sënn gesin ech eng Léisung doran, dass d’Elteren méi Zäit mat hiere Kanner musse kënnen verbréngen an d’Enseignanten vill méi missten kënnen op déi eenzel, individuell Bedürfnisser vun de Schüler agoen. Allerdéngs sinn d’Klasseneffektiver oft esou, dass dat leider quasi onméiglech ass.
Wat d’Schoul an den Décrochage ugeet, wollt ech nach Folgendes soen, an zwoar dat, dass den Ënnerscheed zu fréier an haut, deen ass, dass d’Léier vun engem Handwierk eppes Erstriwenswärtes woar. Och wann een net onbedéngt gemaach woar fir op d’Universitéit studéieren ze goen, sou hat ee schlussendlech e Beruff als Schräiner oder Bäcker, op deen ee stolz woar, an deen och gesellschaftlech dee Stellewäert hat, deen e verdéngt. An deem Sënn fannen ech dass d
’Erléieren vun engem Handwierk op alle Fall muss opgewäert ginn, an net als lescht Solutioun däerf do stoen, wann een de Wee op eng Uni net packt. Och wann een schonn deemools vläit net ëmmer de Choix hat, op een wollt en Handwierk léieren, sou hat den Handwierksberuff en aneren gesellschaftlechen Stellewäert wéi dat haut de Fall ass. Leider!

Et fënnt een néirens méi e gudden Handwierker!’...Dat ass haut e gängege Saz deen sech an der Gesellschaft verankert huet. Ech woen ze behaapten, dat et um Fait läit, dass mer eis an enger Impasse vun eiser Konsumgesellschaft befannen.
Eis Wueren ginn gréisstendeels a China, Indien etc. hiergestallt, respektiv an deene Länner, wou d’Produktioun vun de Wueren am bëllegsten ass. E gudden Handwierker hei am Land gëtt also net méi wierklech gebraucht oder gefördert. Déi Situatioun kéint sech änneren, wa maer als Konsumenten zukünfteg bereet wären méi fir d’Produkter ze bezuelen. Am Kader vun enger ‘Spuerpolitik’ a Steiererhéijung ginn et effektiv ëmmer méi Leit fir déi dëse Choix finanziell net ze huelen ass. An deem Sënn, gräifen d’Mënschen automatesch, an daat as sleider eng Majoritéit, op Wueren zeréck, déi aus Länner kommen, déi méi bëlleg produzéieren.
Natierlech ginn et nach e puer éierlech Bäcker, Schneider, Schousteren, mee se ginn leider ëmmer méi rar.
Eng Konsumgesellschaft déi nëmmen un d’Geld denkt entmuendegt sech selwer. De Leit hir Fähegkeet an hiert Bedürfnis, aktiv Saachen ze erschafen, hier Imaginatioun ze benotzen fir ze kreéieren gëtt total ënnergruewen, an esou verkümmert se. D’Kreatioun vu Produkter vun eenzelnen Bierger/Hiersteller huet gesellschaftlech haut quasi kee Stellewäert méi. Dat ass deels de Fall well et hautdesdaags finanziell esou onattraktiv ass sech selbstänneg ze maan, dass een schonn quasi muss verréckt sinn fir dee Wee unzestriewen. Ech woen ze behaapten, dass d’Leit an dee Moment och d’Schüler, sech duerch de Mangel un gesellschaftlecher/politescher Ënnerstëtzung vun dëse Beruffer entmuendegt. De « vide intérieur » gëtt gefuerdert! An ëmmer méi Schüler hale matt der Schoul op.
An deem Sënn fannen ech, dass d’Handwierk, d’Selbstännegkeet vun de Leit vun der Regierung muss gefuerdert gin. Bis elo huet nach keng Schoulreform sech wierklech domat befaasst, dass et sech bei de Schüler ëm Mënschen handelt, matt Bedürfnisser an Dreem bei deenen vläit net ëmmer alles sech em d’Geld dréint. Normalerweis, gëtt allerdéngs
all Reform am Sënn vun enger Spuermoossnam geholl, an dat kann an däerf net d’Léisung sinn, well et d’Mënschen/d’Schüler zu Maschinne reduzéiert. »

22.09.2014

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *