teething baby girlNom « Face à face » op Télé Lëtzebuerg: e puer Iwwerleeungen

Hätten eis Säiten « Méi Elteren, manner Staat«  a « Famill.lu« , esou vill Undrang, wann d’Elteren all esou glécklech wären iwwer d’Reformen, an der Familljepolitik? Géife mer dann nach esou Commentaire kréien, wéi: «d‘Kanner ginn ëmmer méi hektesch, nervös, iwwerbelascht » oder « Esou däerf et net weidergoen! Bei engem Grupp (3 Méint-2 Joer), mat 21 Kanner ass Kaméidi, Stress, an Bëbeeën hu keng Rou!!… Et geet ëm Kanner ! Wgl lauschtert den Educatricen no, si ginn Iech deen Abléck an hir Aarbecht, deen d’Realitéit eriwwerspigelt….. Si sinn 8-10 Stonnen um Terrain, Dir net. » (Brigitte, Educatrice)

D‘Madame Ministesch Corinne Cahen hat am « Face–à-face », mam Deputéierten Marc Spautz, den 3. Januar op Télé Lëtzebuerg, verzielt, de Congé parental wär en enorme Succès, an d’Leit wäre begeeschtert vun der multilingualer Fréifërderung. Wat de Pappecongé ubelaangt, kann een d’Nofro jo nach verstoen, mä wat d’Mammen betrëfft, hunn der villäicht vill vun hinnen, keng aner Wiel!

D’Madame Ministesch huet insistéiert, wéi wichteg et wär fir eng Fra schaffen ze goen, well si esou vill Fraen gesinn hätt, déi eleng, mat eidlen Hänn do stinn. Muss dann dofir e ganze System revolutionéiert ginn?

Schlëmm an där Saach do, ass, dass eis « verkaf » gëtt, déi Iddi wär gutt fir jiddereen. Gutt ass en, fir déi Elteren, déi hir Aarbecht net wëllen opginn, gutt ass en, wann een keng aner Wiel huet. En ass ongerecht vis-à-vis vun deem Elterendeel, deen sech gewënscht hat, sech selwer ëm d’Betreiung vum Puppelchen ze këmmeren (wat eigentlech, e legitimt Recht wär) an him de Stress ze erspueren.

De Gilbert Pregno hat op RTL eng Kéier gesot: « Ech hu Problemer mat deem Ausmooss, deen d’Friembetreiung kritt. D’Elteren sinn fir d’Kanner ganz wichteg. Ech fäerten, dass mer an enger Gesellschaft sinn, wou ëmmer manner no de Bedürfnisser vun de Kanner gekuckt gëtt ».

D‘Psychotherapeuten, d’Educateuren, d’Psychologen, d’Schoulmeeschteren, ginn net fäerdeg ze warnen, virun ze vill Friem- a Fréibetreiung. Wisou gëtt hinnen ni nogelauschtert? Wisou gëtt den Educateuren, den Educatricen, dem Lehrpersonal net nogelauschtert? Wisou gëtt net berücksichtegt, dass kleng Kanner esou fragile sinn an dass een muss terribel oppassen, wat een hinnen a klenge Joeren matgëtt? Wisou ginn nëmmen déi Elteren ënnerstëtzt, déi schaffe ginn an di aner net?

D’« allocation de maternité » an d’« allocation d’éducation » sinn ënner dëser Regierung carrément gestrach gi sinn. Do géif den Här Spautz awer, d’Richtung vun enger « allocation d’éducation » nees aschloen, sot en. An der Iwwerleeung, all Kand wär der Regierung d’selwecht Wäert, ass dann och, vum 2. Kand un, d’Kannergeld e gutt Stéck erofgaangen. All Elteren wëssen dach, dass d’Besoinen anescht sinn, bei méi Kanner. Also, alles esou gutt fir d’Familljen?

Wann d’Madame Ministesch seet, fréier goufen et di Facilitéiten (Crèchen, Maison Relais) net, kann ee soen, si goufen jo net gebraucht. Mä, wann aus Facilitéiten, Contrainten entstinn, dann geschitt eppes, wat näischt méi mat Demokratie ze dinn huet.

Och wann si Recht huet, d’Politik misst no vir kucken, däerf dat awer nimools op d’Käschte vun de Kanner goen. Wat heescht no vir kucken, wann mer hanneno Jugendlecher, Erwuessener hunn, déi mat hirem Liewen net eens ginn, well se eppes Wesentleches, als Kand schonn vermësst hunn? Isabelle, Léierin: « Ech verstinn einfach net, firwat bei deenen offensichtlechen Saachen d’Aen zougemaach ginn an d’Entwécklung ëmmer méi an déi entgéintgesaten Richtung geet. Ech fannen et offensichtlech, dass (virun allem kleng) Kanner bei hir Elteren gehéieren, wou se all dës ernimmten Saachen kënnen kréien: Léift, Vertrauen, Interessi, Opmierksamkeet, Rou an eng Mammesprooch. Ass et lo d’Zil, d’Kanner fréi an Ganzdaagsbetreiungen ze ginn, wou dann och scho sollen 2 Sproochen geschwat ginn (well mir hu jo net nëmmen lëtzbuergeschsproocheg oder franséischsproocheg Kanner hei am Land, wou déi eng an eng franséisch Crèche solle geschéckt ginn an di aner an eng lëtzebuergesch Crèche), dann erreechen mir an mengen Aen just de Contraire vun deem, wat mer eigentlech gär hätten: mir hätte gär sécher Kanner, déi Erfolleg an der Schoul hunn, déi sech dann zu responsabelen Erwuessenen entwéckelen, déi spéiderhin eis Economie um Lafen halen an anstänneg mat hiren Matmënschen a mat hirer Ëmwelt ëmginn. Mä, ech fäerten ganz, dass d’Resultat dovunner éischter onsécher Kanner sinn, déi Schwieregkeeten an der Schoul an an hirem Dasein hunn. Schued! »

Drängt net esou vill Kanner a dMassebetreiung, mä loosst den Elteren de Choix, wéi se wëllen hir Kanner betreien. Nei Weeër aschloen fir d’Aarbechtszäiten, op temps partiel, travail à domicile zeréckgräifen…, dat sinn och Iddien, déi den Elteren géifen hëllefen. Iddien, déi mer hei schonn e puer Mol ugeschwat haten an wou d’Madame Cahen an den Här Spautz sech eens waren.

Firwat net och, Coursen organiséieren, fir deen Elterendeel, deen sech eng Auszäit geholl huet?

Wann dat Wuert « Demokratie » nach e Sënn soll hunn, dann ass et un der Zäit nees all Elteren z’ënnerstëtzen an net nëmmen di eng an di aner net.

Isabelle Schmit-Mines

08.01.2018

Hei ass de Link zu der Emissioun: http://tele.rtl.lu/emissiounen/face–face/3112107.html

Liest och eis Bäitreeg:

An Zukunft, eng krank Gesellschaft? vum Chantal Weis, Stëllberoderin 

Vogel-Strauβ-Politik und die Verantwortung der Eltern, e Lieserbréif vum Cecilija Lanovic

Mir ënnerstëtzen och d’Petitioun: Prise en charge plus élevée par la Caisse de Maladie pour les aides visuelles et reconnaissance comme handicap

http://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1062

Agenda :

 

FAPEL:  Eltern im Gespräch mit Lehrern – sicher und konstruktiv »

, den 20. Januar 2018

FAMILYLAB

 

STEP:

Vie naissante: pour la protection de la vie

1 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *