Mother with babyAn Zukunft, eng krank Gesellschaft?

D’Argument, dass d’Regierung d’Fraen net wëll an der Précaritéit hunn, mä si sollen hier Carrièrechancen behalen an weider schaffe goen, ass den Hummer! Meng Erzéiungszoulag* geet all Mount op d’Säit fir mir spéider eng « Pensioun » ze sécheren. Fällt déi ewech, sinn ech nach méi vu mengem Mann ofhängeg, well mir, fir ons Kanner net eng Gruppenbetreiung wëllen, mä se tatsächlech wëllen selwer erzéien an hinnen déi Wäerter wëllen vermëttelen, déi ons wichteg erschéngen. Kanner, deenen et psychesch gutt geet, net op Angscht getrimmt sinn, léieren och mat 6 oder 7 Joer einfach eng Sprooch. Dat muss net schons ab 1 Joer an der Crèche sinn, wou se dann sollten Franséisch léieren. Besser mol d’Fundament vun enger Sprooch setzen an dann dorop opbauen.
D’Regierung wëll den Appui fir déi Kanner mat den DYS-Stéierungen verbesseren. Dat wäert och batter néidesch ginn, well vun 1 Joer un, permanent am Grupp, ouni Réckzugsméiglechkeet, dat ass ideal fir Konzentratiounsstéierungen a co opzebauen! Vu Bindung, an dass d’Kanner max 3-4 verlässlech Bezugspersounen hunn, Urvertrauen mussen entwéckelen, huet si wuel nach näischt héieren…
Och aus menger Siicht vun der Stëllberoderin ass et katastrophal fir Mamm a Puppelchen sou fréi ze trennen. D’WHO recommandéiert, och fir Lëtzebuerg, en ausschliesslecht Stëllen bis de Puppelchen 6 Méint huet, an dann, niewt adaptéierter Beikost e Weiderstëllen bis d’Kand min 2 Joer huet. Vill Etuden hu bewisen, dass d’Stëllrate extrem ofhëllt, wann d’Mammen bis rëm schaffe ginn. Ginn se lo, wéi hei zu Lëtzebuerg, gezwongen rëm schaffen ze goen, wäerten och hei d’Stëllraten nach méi falen – mat enorme Konsequenzen fir onse Gesondheetssystem! Laang gestëllte Kanner sinn manner oft krank. Hire Risiko fir un Krankheeten wéi Magen-Darm-Infektiounen, Infektiounen vun den ieweschten Otemweeër oder Otiten ze erkranken, senkt signifikant. Zudeem ginn hir Kiefermuskelen trainéiert, wat fir de Sproocherwerb hëllefräich ass (egal op fir eng Sprooch oder fir 2 oder 3 mateneen). Och de Risiko fir spéider u Kriibs, Diabetes an Fettleibegkeet ze erkranken, geet rof. Och d’Mammem profitéieren vum laange Stëllen. Et senkt net just de Risiko fir verschidden Zorten vun Broscht- a Gebärmutterhalskrebs, mä och vun Osteoporose an Diabetes. Zudeems sinn si duerch d’Stëllhormoner méi entspaant. Dëst Land ass iwwer Joeren am gaangen gewiescht divers Aktiounen ze starten fir d’Stëllraten ropzekréien, och bei Puppelcher, déi méi wéi 3 Méint hunn. Déi Aarbecht gëtt mat deenen Mesuren vun der aktueller Regierung futti gemaach.
De Staat huet alles drugesat fir d
ass béid Elterendeeler mussen schaffe goen a keen méi Zäit huet fir säi Kand. Opstoen, an d’Crèche bréngen, schaffen, an d’Crèche siche goen, evtl nach iessen – wann dat net schons an der Crèche geschitt ass – an ab an d’Bett. Firwat dann nach Kanner kréien, et huet een näischt vun hinnen? Dëse Scénario ass haut a villen Familljen schon Realitéit, do wou béid Elterendeeler musse schaffe goen fir iwwerhaapt sech kënnen eng Wunneng ze leeschten.
Firwat net gezielt, déi ënnerstëtzen, déi et néidesch hunn? Firwat net Mesuren bréngen, déi wierkelch am Intérêt vum Kand sinn, nämlech Deelzäitaarbecht fir Mamm a Papp, dass si och nach Zäit an Energie hunn fir hir eege Kanner? Et setzt een jo keng Kanner an d’Welt fir se kuerz duerno ofzeginn! Villen Mammen zerräisst et d’Häerz, wann sie nom Congé de maternité, rsp. Congé parental, rëm schaffe ginn. Si hunn d’Gefill hiert Kand am Stach ze loossen. Där Mammen betreien ech genuch an der Stëllberodung fir dat hei kënnen ze behaapten.
Leider setzt dës Regierung a mengen Aen déi falsch Akzenter an der Familljepolitik. Do steet net d’Kand am Mëttelpunkt, mä d’Geld! Geld spueren, dat net muss ausbezuelt ginn als Allocatioun. Geld erakréien duerch Steieren well d’Akommes vun der Koppel méi héich gëtt. An d’Kanner, wien ass fir si do? Crèchepersonal, dat ëfters d’Plaz wiesselt? Den Här Bettel? D’Elteren?

Chantal Weis

*Oktober 2014

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *