Modell Schweden?

Et gëtt ëmmer erëm geschwat, wéi gutt de Betreiungssystem vun den skandinavesche Länner ass. An duerfir soll all Land dee kopéieren.

Besonnesch de schwedesche Modell gëllt als déi genial Iddi fir Kanner an Beruff ideal mateneen ze verbannen.

Awer wéi ass d’Realitéit?

Endlech kënnt d’Wourecht eraus: d’Konsequenzen fir d’Kanner an d’Jugendlecher sinn dramatesch. Vill Gewalt, vill Kriminalitéit, vill décrochages scolaires, ganz vill Suiciden, souguer bei Kanner. En Drama och fir d’Gesellschaft.

Et ass den Jan-Olaf Gustavsson, deen an sengem Artikel „Wie Kindertagesstätten eine Nation zerstören können“ virun ze vill Friembetreiung warnt.

Kuerz gesot, ass dem Jan-Olaf Gustavsson seng Geschicht déi hei: seng Fra ass Educatrice a wéi si selwer e Puppelchen erwaart huet, wollt si op kee Fall hiert Kand an eng Crèche ginn. Ze vill géifen déi Puppelcher matmaachen, wann se Moies wéi e Päckelchen bruecht ginn an Owes och esou ofgeholl ginn. Déi jonk Koppel konnt och selwer hir Kanner erzéien (et koum nach e klengt Meedchen no), awer et war finanziell immens haard, well eng Steierreform komm ass, duerch déi, praktesch all Mënsch obligéiert ginn ass ze schaffen.

Haut ass den Jan-Olaf Gustavsson Member vum Comité „Family Campaign Foundation of Sweden“ a warnt all Land, déi dee Modell wëll kopéieren, well ze vill Friembetreiung net gutt ass fir d’Kanner a schliisslech fir déi ganz Gesellschaft.

Wann dee Modell wierklech soll an eisem Land, an eisen Nopeschlänner och applizéiert gëtt, dann ass d’Katastroph virprogramméiert. Musse mer wierklech dorobber waarden?

http://initiative.cc/Artikel/2007_01_15%20Kindertagsstaetten.htm

 

N.d.l.r. : Mir soen natierlech net, dass all Crèche, all Maison-relais schlecht ass fir d’Kanner. Mir wëllen, dass d’Elteren sollen de Choix kënne behalen, hir Kanner selwer kënnen ze erzéien (wat eigentlech ganz selbstverständlech misst sinn). All Modell muss vum Staat respektéiert an ënnerstëtzt ginn. Mir wëllen net, dass et hei och esou wäit kënnt, dass all Mamm, all Papp, muss seng Kanner vun frieme Leit betreie loossen. An enger Demokratie muss de Choix respektéiert an ënnerstëtzt ginn!

Däitschland huet jo elo e Schrack no vir gemaach, andeems si déi jonk Familljen ënnerstëtzt:

Anspruch auf Elterngeld haben Eltern, die wegen der Betreuung eines Kindes nicht oder nicht voll erwerbstätig sind oder ihre Erwerbstätigkeit für die Betreuung ihres Kindes unterbrechen. Es soll die Eltern bei der Sicherung ihrer Lebensgrundlage unterstützen und ist deshalb als Entgeltersatzleistung ausgestaltet.«  heescht et am „Spiegel Online«

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *