Gitt de Kanner d’Elteren zeréck…

« Es ist einfacher, starke Kinder zu bilden, als gebrochene Erwachsene zu reparieren » (F. Douglass).

Leeschtungsdrock, Stress, Middegkeet, Nervositéit, Hektik, dat ass dat, wat haut a ville Familljen, den Alldag ausmécht. An dat ass et, wat d’Familljen, d’Elteren, d’Kanner zerstéiert.

Drock gëtt op d’Elteren gemaach, si sollen allen zwee de ganzen Dag schaffe goen.

Keen denkt drun, wat an engem Kand sengem Häerz geschitt, wann et d’Ärem vun senger Mamm, vun sengem Papp, an den éischte Méint net esou vill kritt, wéi et se bräicht.

Et kann een et net genuch widderhuelen: all Kand entwéckelt sech anescht. Dann ass et net an der Rei, d’Kanner, enger Friembetreiung unzevertrauen, ze fréi, oder ze vill Stonnen, wann de Moment nach net komm ass. Et si Kanner, déi sech gutt do entwéckelen, fir anerer ass et ze fréi, nach anerer sinn net gemaach fir ëmmer an engem Groupe ze sinn.

D’« Convention internationale des droits de l’enfant », ënnersträicht, dass d’Elteren, fir hir Kanner responsabel sinn an dass an allen Decisiounen, nom « intérêt supérieur de l’enfant » muss gehandelt ginn. Dat ass en ElterenRecht! Mee, et huet een d’Impressioun dass d’Elteren lues a lues dat Recht ewechgeholl kréien.

Wat haut promovéiert gëtt, ass net ëmmer am « intérêt supérieur de l’enfant », besonnesch wann d’Elteren ausserhalb vun hirem Heem schaffen: si sinn einfach net genuch do!

D’Kanner spieren sech eleng, an och d’Elteren spieren sech eleng. Déi Ausso ass och ganz kloer erauskomm, an der Emissioun « Background am Gespréich« , vun e Samsdech, den 2. Dezember,op RTL, wou d’Rechter vun de Kanner, d’Thema war.

Wann ee kuckt wéi iwwer d’Kanner ewech decidéiert gëtt, seet een sech, dass alles aus der Siicht vun den Erwuessener geschitt. Sou wéi d’Gesetzer gemaach ginn, huet een den Androck, dass keen sech an d’Haut vun de Kanner versetzt. Hir Middegkeet, hire Stress, di Contrainten, denen se sech schonn a klengen Joeren mussen fügen – ass dann een do, deen sech virstellt, wéi e Kand sech spiert?

Dat gëllt fir Puppelcher, dat gëllt fir ganz kleng Kanner. Dat gëllt awer och fir d’Schoulkanner. Owes, no engem laangen Dag, nach Hausaufgaben maachen! Keen Erwuessenen, wär frou mat esou engem Pensum. D’Elteren, midd no engem Dag schaffen, kënnen séier d’Gedold verléieren, fir de Kanner nach z’erklären, wat se net verstanen hunn. An esou schleeft d’Kand dann eng Laascht mat sech ronderëm, wou et dann nach ëmmer méi d’Flemm kritt, an den Echec net wäit ewech ass.

Wat fir eng Freed hunn dann och d’Kanner mam Léieren, wann keen Zäit huet, hinnen no ze lauschteren? Wann se kengem kënnen matdeelen, wat se geléiert hunn, wéi hiren Dag an der Schoul war? Wann keen Zäit huet, mat hinnen ze schwätzen, e Gedankenaustausch ze maachen? Bildung gëtt et jo net nëmmen an der Schoul, mä och an der Entdeckung vum Alldag, an Iwwerleeungen, am Gespréich.

Da kënnen nach esou vill Opfaangstrukturen an d’Wee geleet ginn, da kann d’Schoul nach esou vill Innovatioune maachen – sou laang, d’Elteren an d’Kanner deen enormen Drock mat sech schleefen, sou laang se keng Zäit fir eneen hunn, changéiert do guer näischt.

Di riseg Zommen, déi d’Betreiungsstrukturen, d’Opfaangstrukturen verschléngen, kinnten ganz gutt de Mammen, de Pappen zegutt kommen, déi hire Kanner den alldeeglechen, enorme Stress wëllen erspueren. Déi sech kënnen Zäit huelen, déi eng Vertrauensbasis kënnen opbauen. Da weess jo d’Kand, u ween et sech ka wennen, wann et eppes um Häerz huet.

Kritt een e Kand, fir et dauernd betreien ze loossen? « Dann hätt ech mer grad esou gutt kinnten eng Kaz kafen« , sot eng Kéier, eng Lieserin eis.

Ee Kand brauch net nëmmen eng gutt Schoul fir sech gutt z’entwécklen, mä vill Léift, Attentioun an di stabil Presenz vun deene Leit, mat deenen et am frousten ass op der Welt: seng Elteren an och seng Geschwëster, mat deenen et kann ouni Drock, laachen, rollzen, spillen, suguer eng stiichten, an zesummen en harmonescht Familljeliewen spieren.

Et sinn net nëmmen d’Elteren, déi Pflicht hunn, dass hir Kanner sech gutt entwéckelen. Et ass och d’Pflicht vun enger Regierung, d’Elteren an hirer Pflicht z’ënnerstëtzen. Elo, wou mer wëssen, dass esou vill Kanner sech eleng spieren, dass bei ville Kanner eppes schief leeft, misst dach endlech Alarm geschloe ginn, an un der Basis geschafft ginn. Et kann net sinn, dass d’Elteren gesot kréien, si sollen méi Zäit fir hir Kanner hunn an si kréien et awer ëmmer méi schwéier gemaach.

Den Elteren de Choix loossen, d’Aarbechtszäiten reduzéieren, mi-temps, temps partiel promovéieren. Konkret, an net nëmmen an der Theorie, Iddien en route setzen, dass endlech d’Elteren nees méi Zäit hunn fir hir Kanner.

« Il n’y a pas d’enfant difficile. Ce qui est difficile, c’est d’être un enfant dans un monde,
o
ù les personnes sont fatiguées, occupées, sans patience et pressées. » (Santé et Naturel.com)

Isabelle Schmit-Mines

11.12.2017

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *