Pappa! Pappa?

Gudden Moien, ech hunn elo just d’Ried vun der Mme Cahen hei op Facebook gesinn an héieren iwwer den neien Pappencongé. Dozou wëll ech iech elo eppes klenges zielen wat dës Woch hei bei eis Thema am Haus war, besonnesch fir mäin 17 jähregt Meedchen, wat op der PS Klasse am ALR as. Mäin Meedchen huet elo dës Woche een Stage am Altersheim gemeet (vun der Schoul aus) an do war 1 Dag, wou eng Crèche mat den Kanner do war, fir mat den aalen Leit Kichelcher ze baken an ze sangen. Owes, wéi ech mäin Meedchen sichen war, huet hatt mir voller Entsetzen gezielt, dass do Kanner engem Educateur nogelaf sinn an hien dauernd « Pappa » geruff hunn. Ass dat nit traureg? Mäin Meedchen, mat baal 18 Joër war schockéiert doriwwer an huet Owes zou mir gesot: « Gottseidank waren mir ni an énger Crèche an hu gemengt dass een Educateur eisen Papp oder éng Educatrice eis Mamm wier. Déi Kanner hu mir esou leed gedoue, Mamm. Merci, dass du ëmmer bei eis heiheem wars an bass« . Dat waren seng Wierder an ech war sou geréiert dovun, dass ech dat hei wollt zielen.

Sandra Kohl-Lucas

18.12.2017

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *