Pubertéit powerok

Wann d’Kanner an d’Pubertéit kommen, hunn d’Elteren oft Angscht. Angscht, d’Kanner géifen a komesch Milieuën erakommen, Angscht, si géifen mat egal wat fir eng Photoen an Informatiounen konfrontéiert ginn, déi net ëmmer hirem Alter no, adaptéiert sinn. Si hunn Angscht, hir Kanner géifen falsch informéiert ginn.

Fir d’Elteren ass et net ëmmer einfach, hir Kanner opzeklären.

« Wie sag ich’s meinem Kind? » huet et fréier geheescht.

Wéi erklärt een di « éischtRaketee Kéier »? Wéi erklärt een hinnen, dass d’Léift emol fir d’éischt muss staark sinn, ier et dozou kënnt? Zemools, vill Jonker haut mengen, si missten eben matmaachen, well dat haut eben esou ass? Eben, well se ronderëm sech gesinn, an héieren, dass aner jonk Leit, net esou prüd sinn?

Wéi schützt een seng Kanner, virun dene bëllegen, niveaulosen Informatiounen, op déi se beemol kënne gestouss ginn, sief et um Internet, oder op der Televisioun?

Wéi kënne mer de Jongen erklären, wat d’Meedercher beweegt an ëmgekéiert?

Kuerz gesot, wéi kënne mer se am beschten opklären? Wann een sech, als Elteren freet, wéi am Beschten, mat de Kanner driwwer schwätzen, dann ass et praktesch, dat eent oder anert Buch ze hunn, wat engem eng gutt Basis gëtt.

2 Bicher stelle mer iech hei vir: dat eent wennt sech un d’Meedercher, dat anert un d’Jongen.

« Wir Powergirls » und « Rakete Startklar ».

«Powergirls»: net am Sënn fir mat der Fauscht ze schloen an sech staark ze weisen oder sech wichteg ze maachen. Neen, staark sinn, andeems e Meedchen, nach ëmmer däerf e Meedchen sinn, an sengem Haërz, a mat Waarmhäerzegkeet. An dass et wees, dass d’Léift, kee Spill ass. Dass et méi staark ass, wann et waart bis dee « Richtege » kënnt, och wann dobaussen aner Meedercher uginn, dass se elo en enorme Succès hunn.

«Rakete Startklar»: well d’Jongen sech gewéinlech fir Technologie interesséieren. DJongen hunn an deem Alter jo eng enorm Energie an hinnen gëtt gutt am Buch erklärt, wat an hirem Kierper passéiert.An och fir si gëllt: d’Léift ass kee Spill, an, net alles nomaachen, was de esou héiers a gesäis.

D’Bicher sinn an engem liichten, jonke Stil gehalen, an mat flotten Illustratiounen opgelockert.

Zur Opklärung gehéieren och Themenvum Liewen, Themen iwwer d’Gesellschaft, wéi: – sollen se sech dem Mainstream upassen? Wéi léiert een sech eng Meenung ze bilden? Wat ass wichteg am Liewen, wat net? – ginn op eng flott Aart a Weis behandelt.

D’Auteuren weisen ëmmer nees drop hinn, wéi wichteg et ass, gutt Bezéiungen ze hunn, se ze pflegen, sech net beaflossen ze loossen vun negativen Stréimungen, vun schlechten Influenzen.

Isabelle Schmit-Mines

27.11.2017

Liest och:

Opklärung, eisen Interview mat der Madame Regula Lehmann, Elterencoach a Co-Autorin vun deenen zwee Bicher

Update Liebe, vum Tom Kraus, Ginn d’Fraen net an eng Roll gedrängt, déi hir net ass?

Zur Petition 867: Gegen PMA, mit fremdem Samenspender und gegen GPA, Leihmutterschaft,vum André Grosbusch

 

Ënnerschreift och Dir d’Petitioun Nr: 867 : « Pour la protection de l’enfant et de la dignité humaine et contre le projet de loi n° 6568A sur la PMA (procréation médicalement assistée avec le sperme d’un tiers donneur) et la GPA (gestation par une mère porteuse qui abandonne l’enfant à un commanditaire) »

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “Pubertéit

  • 29 novembre 2017 à 11 h 50 min
    Permalink

    Et ass enorm wichteg, de Kanner ze soen, dass se onbedéngt sollen oppassen, wat se um Internet posten. Keng provokant Photoen schécken, suguer net iwwer den Handy huelen. Alles kann circuléieren, näischt gëtt vergiess! Ech hunn nach gëschter vun dramatesche Fäll an Däitschland gehéiert.

    Répondre