Informatiounsversammlung vum 13. November:

E Résumé vum Virtrag vum Minister Claude Meisch iwwert d‘Sproochefréifërderung

Staark Kanner

De Minister fänkt sein Virtrag un, mat dem afrikaneschen Sprechwuert, dat seet, datt et, e ganzt Duerf brauch fir e Kand ze erzéien.

Hien betount datt all wichteg sin, d‘Elteren, d’ganz Famill, d’Ëmfeld, an d‘Erzéier an der Crèche. « D‘Kand steet am Mëttelpunkt« !

De Minister wëll an déi éischt Joeren investéieren, well d‘Kand do am empfänglechsten ass, an dat ka spéider net méi nogeholl gin.

« Mir investéieren an déi éischt Joren » – « Mir investéieren an d‘Zukunft« .

Well dElteren wichteg sinn, wëllt hien eng „Bildungspartnerschaft « tëschent Elteren a Crèche« .

D’Kand soll sech gutt spieren, an en sécheren Hafen hunn: « Erfolgreich weil glücklich » (Olaf Axel Burow)

Et muss een méiglechst kleng mam Léieren vun enger Sprooch ufänken, well et soss ze spéit ass an een deen Ecart net méi kann ophuelen (nom James Heckmann, Economist an Nobelpreisträger).

Et ass wichteg an d‘Qualitéit vun der sproochlecher Fréifërderung investéieren. Dofir gëtt et den Bildungsrahmenplan, deen d‘Zieler definéiert.

All Crèche muss hiert eegent Konzept duerleen iwwert d‘Methoden, Aktivitéiten, Formatiounen an en Logbuch féieren.

Et ginn och Kontrollen duerchgeféiert duerch Agenten, an et gëtt en Service fir Plainten (recl.acc.@men.lu)

Konkret

D‘Maison-Relais mussen besser mat der Schoul an den Veräiner vernetzt ginn, fir dass d’Kanner eng besser Méiglechkeet hunn, bei d’Scouten ze goen, oder Musek oder Sport ze maachen.

Tëschent 1 a 4 Joer sollen d‘Spoochen lieweg vermëttelt ginn.

An engem Pilotjoer konnten Erfahrungen gesammelt ginn.

D‘Sproochen sollen Freed man, et handelt sech net drëms, wéi bis elo, Regelen opzestellen a Feeler ze bestrofen. Et soll eng Preparatioun op d‘Zyklen 2-4 vun der Schoul sinn an et soll méi Wäert op d‘Kommunikatioun geluecht ginn.

De Choix vum Pourcentage lëtzebuergesch-franséisch soll je no der Situatioun vun de Kanner an der Géigend flexibel sin.

Och d‘Elteren sollen abezu ginn mat gemeinsamen Aktivitéiten (ech froe mech zwar wéini, wann se ganzdags berufstäteg sinn).

Si sollen en offiziellen Comité kréien, an e Matsproochrecht hunn, z.B. beim Choix vun der Schoul.

Duerch e Gesetzesprojekt sollen se eng Nationalelterenvertretung kréien als Gespréichspartner.

Wat déi Eltern betrëfft, denen hir Kanner net an d‘Crèche ginn (ongeféier 40% mat abnehmender Tendenz, nom Minister) sou hat en ufanks Bedenken ob dat net ze wäit giff gon, hinnen eppes virzeschreiwen. Si kréien all 3 Méint en Elterenbréif fir d‘Sproochentwécklung doheem ze begleeden, a richteg ze man. Do stinn Recommandatiounen wéi, vill mat hiren Kanner ze schwätzen an där Sprooch, déi een gutt kann, net ze vill Tele, Smartphone, an se ze sensibiliséieren.

Fir déi berufstäteg Elteren gëtt et jo den Congé parental an den Pappecongé fir méi Zäit mat de Kanner ze verbréngen.

Op meng Remarque hin, datt déi Verbesserungen zwar ze begréissen sinn, mee e Kand déi beschten Viraussetzungen fir staark ze sinn an allem hätt, och fir d‘Sproochen, wann et kënnt en Urvertrauen opbauen, duerch d‘Bindung u seng Elteren, besonnesch u seng Mamm an den éischten Joer, an datt dat all Kannerpsycholog a Bindungsforscher seet, a virwat déi Elteren keng Hëllef giffen kréien, mee alles ewechgeholl kruten, wousst de Minister mer keng schlüsseg Äntwert ze ginn. (Ech war d‘accord, datt a bestëmmten Fäll eng Crèche kinnt besser sinn). E sot, datt déi Elteren vum Steiersplitting profitéieren kënnten.

Marie-Andrée Faber

 

 

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *