Alles dat, ass net bewisen…

Mir wëssen guer näischt. Et sinn keng nohalteg Recherchen gemaach ginn, keng Analyse beleet, dass di ganz Bildungoffensive fir ganz kleng Kanner iwwerhaapt esou fërderlech ass, wéi se ëmmer duergestallt gëtt.

Ouni « Frühförderung« , ouni « Frühbildung« , ouni Chanceglaïchheet, ouni franséisch a klenge Joeren, hate mir ëmmer, hei am Land, Leit, déi eis genuch z’iessen ginn hunn, déi villes geleescht hunn, Proffen, Dokteren, Fuerscher, suguer en Nobelpräisträger. Mir hunn Handwierker, déi nach ëmmer mat Wëssen a Gewëssen, uerdentlech, eis Haiser, eis Stroossen gebaut an an der Rei (ge)halen (hunn). Wéi ass et da méiglech, dass mer bemol op allen Ecken ze verstoen kréien, dass et ouni « Frühbildung« , « Frühförderung«  net méi geet?

Also, wuel verstanen, natierlech mussen d’Kanner, sollen d’Kanner, wëllen d’Kanner, villes bäiléieren. Mä: alles zu senger Zäit! Mussen d’Kanner, mat Wëssenschaft, mat Technologie, mat Informatik, mat Friemsproochen schonn a klenge Joeren belaascht ginn?

Liewen d’Kanner net ebeemol an enger Parallelwelt, déi iwwerhaapt naïscht méi mam « normalen » Liewen ze dinn huet? A wou bleift d’Spillen? Wou bleift d’Laachen?

Wat mir also als Wonnermëttel vermëttelt kréien, dass eis Kanner doduerger, méi séier a besser léieren, dann spéiderhinn mat Liichtegkeet, eng Aarbecht kréien an, dass et hinne besser geet, ass also guer net bewisen.

Wat awer bewisen ass, dat ass, dass e Kand, dat vill Affektioun, vill Léift vun senger Bezugspersoun kritt, wat genuch Vertrauen zu hir huet, je, e Kand, wat eng gutt Bindung – am beschten zu sengen Elteren – huet, equilibréiert ass, séier léiert, gären léiert, net gewalttäteg ass.

An all déi Premissen ginn elo, mat e puer Ënnerschrëften vun eise Ministren, ersat, mat deene Wierder, déi mer elo sou lues alleguerte kennen, wéi « Fréifërderung« , « Chancegläichheet« , asw.

Op wat loosse mer eis do an? Eréischt an e puer Joer gesi mer, wat d’Resultat vun dem Experiment ass. Well, et ass en Experiment. An e puer Joer, wann di Kanner vun haut, selwer hiert Liewen an der Hand hunn, selwer eng Famill grënnen. Wéi ginn se dann eens am Alldag? Wat léieren se hire Kanner? Wéi ginn se mat hiren eegenen Elteren ëm, wann se keng richteg Bindung mat hinnen haten, well se se net oft gesinn hunn, als Kand.

Eng Frëndin, déi am Benvolat schafft, hat mer dëslescht gesot, wéi vill Mënschen et gëtt, déi sech onheemlech eleng spieren. Duerfir, deen héigen Taux vun Suiciden, deen héigen Taux vun Depressiounen.

Léieren, mateneen richteg ze communiquéieren, léieren eis Häerzer opzemaachen, fir deem aneren no ze sinn, fir deem aneren no ze lauschteren, an di richteg Wierder ze fannen, fir mat him Freed a Leed ze deelen.

Keng Technologie, keng Informatik ersetzt d’Mënschlechkeet. Ass et net méi wichteg, de Kanner Freed, Optimismus, mat op de Wee ze ginn, dass se kreativ sinn, dass se léieren, och am Alldag eens ze ginn?

Alles dat, wat mer also, Dag fir Dag virgesot kréien, muss net zu 100% wouer sinn. An d’Elteren, sollen, op hiert Häerz lauschteren, solle wëssen, dass och den Alldag mat de Kanner, dass dat Zesummesinn mat de Kanner, si anzebannen, an di Aktivitéiten, déi zum Liewen gehéieren, fir jiddereen fërderlech a beräichernd sinn.

All Kand ass anescht. Wéisou fënnt eng Regierung et wichteg, all Kand an di selwecht Schinn ze drängen? Wéisou gëtt nëmmen een Modell ënnerstëtzt? Wéisou hunn d’Elteren näischt méi ze soen?

Den Jesper Juul seet et ganz däitlech: « Kinder sind alle ganz verschieden und ihre Familien sind es auch. Deswegen sollten Eltern die freie Wahl haben, wenn es um die Entscheidung geht, was für ihre Null- bis Dreijährigen Kinder das Beste ist. Dafür müssen sie kämpfen.«  (Jesper Juul, aus sengem Buch: « Wem gehören unsere Kinder?«  (Beltz Verlag)

Isabelle Schmit-Mines

09.10.2017

Liest och an dësem Kontext:

Ouni wëssenschaftlech Grondlagen, eisen exclusiven Interview mam Prof. Dr Claude Müller

Mussen d’Kanner esou belaascht ginn? En Interview mam Schoulmeeschter Jacques Dahm

Die Kindheit ist unantastbar, vum Herbert Renz-Polster

 

Agenda :

FAPEL: Séminaire: « Prett fir d’Pubertéit » – Tools zur Gelassenheit in stürmischen Zeiten

21. Oktober an 18. November 2017

Gratis – Umellung bis den 12. Oktober spéitestens fir di 2 Seminairen

 FAPEL: Konferenz: « Lese-Rechtschreib-Störungen » (6 – 12 Jahre)

Samsdech, den 11. November 2017

Gratis – Umellung bis den 02. November spéitestens

STEP:

FAMILYLAB: Vorbereitung auf die Elternschaft: d’Couren ginn den 10. Oktober un

Initiativ Bedingungslost Grondakommes Lëtzebuerg: Table ronde, 17.10.17

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *