Bedingungslost Grondakommes: e puer Iwwerleeungen

Wann de Staat d’Grondakommes géif duerchsetzen wären d’Suen vill méi gerecht verdeelt. Sou kritt jo dach e gudden Deel vun der Bevëlkerung Geld vum Staat! Sief et RMG, Chômage, hei eng Prime, do eng Prime, Geld fir Kanner ze versuergen, Dagesmammen, Crèchen, asw. All déi Hëllefen ginn och an d’Milliounen! Beim Grondakommes wär dat gerecht verdeelt a basta!
An d’Familljen kéinten sech eraus sichen, wëll ech Doheem bleiwen oder schaffen, an d’Kand an d’Crèche, déi ech dann natierlech bezuele muss! Asw!

Et géifen villäicht méi Leit rëm bei hire Kanner bleiwen!
Et géifen villäicht méi Leit, eng Ëmschulung maachen, well se net zefridden sinn, do wou se elo sinn, mä aus finanzielle Grënn, net kënnen eppes änneren!
Villäicht géifen och op emol, Leit, stonneweis schaffen, déi lo doheem sëtzen?
Et géifen och villäicht Leit, déi géifen profitéieren, mä ginn et där da lo keng??
Et géifen och villäicht manner Scheedungen, well deen finanzielle Faktor ewech fällt, deen Drock ewech fällt?
Wat dat kascht?
Villäicht manner wéi elo???
Kee weess et, mir och net!
Kann mech awer gutt an d’Situatioun versetzen vun jonke Familljen, déi haut all Dag Angscht hunn, hir Aarbecht ze verléieren well se elo schonn just iwwert d’Ronnen kommen!
A nee, léiwer gëtt et Heizungsgeld an Wunnéngshëllef genannt, wou een sech muss iwwerwannen op de Sozialbüro ze lafen!
Vun deenen mat klenge Payen an Mindestloun, hätt dach bal jiddereen iergend eng Hëllef zegutt!
Op een déi elo als Grondakommes kritt, oder Heizungs- Wunnengsgeld asw nennt, ass net vill Ënnerscheed!
Et géif ville Leit den Drock ewech huelen!
A Schweden ass eng Gemeng, déi et mécht, hunn ech deslescht an engem Reportage gesinn. 50% vun den Aarbechtslosen ginn op eemol rëm schaffen. Op d’Fro firwaat: well se dem Staat wëllen Merci soen, fir dat Geld. Vun 30% vun de Familljen, bleift een Doheem bei de Kanner, d’Crèchen sinn net méi iwwerlaaf, anerer hunn Stonnen reduzéiert!
Mä, wat se bal all gesot hunn, dee finanziellen Drock, de Kampf, de Mount net ze packen ass ewech!!

Alexandra Karger

18.09.2017

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *