famill21Kee méi, deen nolauschtert?

Nom Débat vum Här Dahm senger Petitioun an der Chamber, leschten Dënschdeg: e puer Reflexiounen:

Ëmmerhinn, 4.511 Stëmmen hat d’Petitioun kritt.

4.511 Mënschen, am Numm vun deenen, di 4 Petitionnaire geschwat hunn.

4.511 Mënschen, déi d’Regierung gebieden hunn, hir Verantwortung ze huelen, vis-à-vis vu klenge Kanner, déi zevill belaascht kënne ginn, mat deem wat vun hinnen verlaangt gëtt.

D’Petitionnairen haten insistéiert, dass et fir Kanner enorm ustrengend ass, e puer Sproochen mateneen ze léieren, well am Ufank jo d’Sproochen an enger Ëntwécklungsphase sinn, dass d’Léieren vun de Sproochen am beschten geet, wann d’Kanner eng zolitt Basis hunn. Wéi vill vun hinnen, hunn dat dann, wann si hir Mammesprooch net richteg kënne léieren? D’Petitionnaire hu gesot, wéi midd schonn vill Kanner sinn, wéi vill iwwerfuerdert, wéi vill vun hinnen ënnert där viller Friembetreiung leiden, dass méi wéi ee Kand eng « Aarbechtswoch«  huet vun 60 Stonnen, also, wéi e gestressten Manager, zum Beispill, dass wann also eng oder zwou aner Sproochen nach dobäi kommen, d’Belaaschtung fir si, einfach ze héich ass. Dass di franséisch Sprooch am Fondamental misst anescht einséignéiert ginn, dass mer fir d’alleréischt emol Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch brauchen, asw…

Wat dann opfällt ass, dass d’Regierung net wierklech, op déi Faiten eragaangen ass.

 Nee, d’Etuden vun anere Länner, déi awer net onbedéngt eisem Modell entspriechen, waren méi wichteg wéi den Opruff, vun de d’Schoulmeeschteren, déi um Terrain schaffen.

Den Här Minister huet gesot, dass, d’Etuden weisen, dass, d’Kanner duerchaus e puer Sproochen niewenteneen kënne léieren, wann « een, dee richtegen Input kritt, dee néidegen Kontext an eng héich Qualitéit“.

Dat klappt wahrscheinlech bei Kanner, déi e gesond Ëmfeld hunn, déi villäicht doheem nëmmen mat enger Sprooch opwuessen. Mä Kanner, déi vun doheem aus weder franséisch nach lëtzebuergesch schwätzen, déi doheem ënner schwierege Konditiounen opwuessen: wat geschitt dann mat deene Kanner? Et gëtt net nëmmen Kanner, déi et einfach hunn – an hinnen gëtt et nach méi schwéier gemaach.

Dee Projet, deen d’Regierung sech virgeholl hat, muss duerchgezu ginn, « envers et contre tout ». « Et ass e ganz ambitiöse Projet« , sot den Här Minister. Ambitiös fir ween?

Den Här Dahm hat och vum Buch geschwat hat « Das Verschwinden der Kindheit« , dass d’Laangzäitfolgen ganz schlëmm ginn, wa mer de Kanner ewechhuelen, wat d’Kandheet ausmécht. Do misst dach eng Regierung sech bewosst ginn, wat fir eng Verantwortung se huet, fir di ganz Gesellschaft a fir di nächst Generatiounen.

E Kand léiert net nëmmen wann säin Intellekt gestärkt gëtt. Et brauch fir d’allérischt emol, Léift, Gebuergenheet, Freed, a net dee Stress, dee scho vill vun hinnen a klenge Joeren musse matmaachen.

Wann eng Regierung et net fäerdeg bréngt, den Elteren, d’Méiglechkeet ze ginn, hire Kanner dat ze ginn wat fir si wichteg ass, da musse mir als Public weider informéieren, weider schwätzen an hoffen, dass eng Kéier een et besser mécht…

Es ist nicht länger haltbar, dass Entwicklungswissenschaftler und Krippenverfechter leugnen, dass frühe und extensive Krippenbetreuung, wie sie in vielen Gemeinden verfügbar ist, ein Risiko für kleine Kinder und vielleicht für die ganze Gesellschaft darstellt…“ (Belsky 2007). (Extrait aus der Newsletter vun: « Stiftungsinitiative für Kinder », 06/2017). A wat gëtt alles vun eise Kanner hei verlaangt?

Wa mer eis e Bild vun der Kandheet virun Aen halen, dann ass et grad, d’Laachen an d’Freed vun engem Kand wat eis beréiert.

An intuitiv hu mer dach de Besoin, dat Wiesen ze schützen an him dat Bescht ze ginn.

Wéi séngt et esou schéin, den Enrico Macias:

« Qu’il soit un démon, qu’il soit noir ou blanc,

Il a le coeur pur, il est toute innocence, … »

An déi kleng Planz, Kand, däerf net mat Force ugepaakt ginn!

Isabelle Schmit-Mines

05.06.2017

Liest och:

Musse kleng Kanner esou belaascht ginn? En Interview mam Jacques Dahm

Sproochlech Fréifërderung: ouni wëssenschaftlech Grondlagen, en Interview mam Prof. Dr Claude Muller

Kinder brauchen Mütter

 

1 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *