enfantsLiddreg a nëtzlos !??

Schockéiert war ech di lescht Woch, wéi ech op eiser FB-Säit, e Saz gelies hunn, dass, Mammen, déi doheem bleiwen fir hir Kanner, liddreg a net nëtzlech fir d’Gesellschaft wären.

Duerch esou Aussoen, ass scho méi wéi eng Mamm an d’Depressioun gefall, well se dat gegleeft huet a gegleeft huet, si wär einfach näischt Wäert.

Keng Mamm däerf als nëtzlos ugesi ginn, wann hir éischt Prioritéit ass, sech ëm hir Kanner ze këmmeren, hinnen de Stress vun enger Friembetreiung ze erspueren, wann se spiert, d’Kand gëtt nëmmen ongécklech dobäi. „Erspuert de Kanner dach esou gutt et geet, den Drock a Stess (resp., eng konstant Erhéijung vum Kortisolwäert), dee bekanntlech Gëft fir d’Entwécklung vum Gehiir ass…“ sou sot et d’Sarah Bock, op dësem Site.Et ass hiert gutt Recht, hir Kanner am Alldag ze begleeden.

Eng Mamm, déi sou denkt – ass si wierklech nëtzlos? Ass si nëtzlos, wann si frou ass, den Alldag mat hire Kanner ze deelen, wann se hinnen all di wichteg Klengegkeeten weist, deen den Alldag bréngt, hinnen d’Schéinheet vun der Natur nobréngt, asw.

Wann d‘Tanja, eng jonk Mamm, op dësem Site seet: « Neen, ech well net, datt meng Kanner all Dag d’Oueren an de Kapp wéi hunn, well esou vill Kamédi ass », muss si duerfir diskriminéiert ginn?

Si mer wierklech an eiser Gesellschaft ukomm, wou nëmmen déi Mënschen respektéiert ginn, déi schaffen « ginn« ? Aarbecht dobaussen, virun dem Mënsch?D’Familljeministech hat d’lescht Joer um Neijooschpatt vun der DP gesot: « D’DP mécht eng Politik fir deene Leit d’Liewen méi einfach ze maachen, déi all Moies opstinn fir schaffen ze goen. »

Fir déi Leit, déi wëlle schaffe goen, ass et jo gutt, dass et Strukturen ginn. Fir déi Leit, déi gären, hiren Beruff ausüben, ass et berouegend ze wëssen, dass hir Kanner a gudden Hänn sinn.

A fir di aner Leit? Déi zielen wuel net! Fir si brauch anscheinend näischt gemaach ze ginn! An Elteren sinn, ass dat keng Aarbecht?

Elteren sinn, ass fir all Elteren eng grouss Verantwortung an all Elteren musse kënne begleet ginn a gehollef kréien. A net eréischt wann et ze spéit ass.

Schweden z.B., huet ëmmer als dee Modell gegollt, fir ideal Kannerbetreiung an Elteren, déi de ganzen Dag schaffen. Si hunn eis et virgemaach, mat all de Konsequenzen. A mir wëllen per force, ee Modell iwwerhuelen, deen iwwerlieft ass, ee Modell, deen eng grouss Zuel vu Mënschen un d’Verzweiflung bruecht huet.

Traureg, wann mer näischt bäigeléiert hunn…

Schweden, Norwegen, Finnland hunn virun enger Zäit, e Betreiungsgeld agefouert wann d’Kand doheem versuergt gëtt, bis dass et 3 Joer huet: « Eines der wichtigsten Argumente für das Betreuungsgeld, war in allen drei Ländern die Entscheidungsfreiheit für Eltern » (Dr Annelise Ellingsaeter).

Entscheidungsfreiheit: dat ass dat wat mir ëmmer nees froen. Sou misst Demokratie ausgesinn. An net, dat wat hei an der Familljepolitik leeft, wou all Kand an dat selwecht Schema gedrängt gëtt.

D’Elterenaufgab ass eng vun deene wichtegsten, wann net déi wichtegst Aufgab, déi eis uvertraut gëtt. An domadden däerf net gespillt ginn: «  Sie bringen einem der wenigen, Ihnen voll und ganz anvertrauen Menschen bei, zu lachen, zu lernen und zu lieben. Etwas noch Wertvolleres werden Sie nie wieder in Ihrem Leben tun. « *

* (Aus dem Buch: Lieben, lachen und erziehen » vun Steve und Shaaron Biddulph, Heyne Verlag).

Isabelle Schmit-Mines

15.05.2017

Liest och an dësem Kontext :

Modell Schweden

Mamm doheem, en Temoignage vum Claudine http://www.famill.lu/?page_id=2698

Daddy at home, en Temoignage vum Jérôme http://www.famill.lu/?page_id=3672

« Ech kann net méi », Temoignage vum J. Educatrice http://www.famill.lu/?page_id=3789

De Staat als Elteren?

Agenda :

Pour la vie naissante, Porte ouverte, den 20. Mee

Aluc, Konferenz mam Robert Urbé, Direkter vun der Caritas, den 17. Mee

DAGESMAMM SERVICE RASSELBANDE – ELTERN TREFF : « Entspanung an Erhuelung – fir ausgeglachen Elteren ze bleiwen », den 19. Mee

Familylab : Elternkurs, den 23. Mee:

Familylab : Weiterbildung für Fachpersonen und Interessierte, den 27. Mee

STEP : den 23. Mee

 

2 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *