équipefamilylabokDe Mamerhaff

E groussen psycho-éducativen Zentrum huet Enn Januar seng Dieren opgemaach : den Mamerhaff.

Am Mamerhaff schafft eng Équipe vun 5 Fraen: 3 Psychologinnen, 1 Konschtpädagogin, 1 Éducatrice.

De Mamerhaff, bitt eng gemittlech a locker Atmosphär, fir sech ze begéinen, auszetauschen oder fir en professionellen Rot ze froen.

De Mamerhaff, dat ass en alen Bauerenhaff, deen komplett renovéiert ginn ass a vill Raïmlechkeeten zur Verfügung stellt.

Konzept vum Mamerhaff

D’Leitbild orientéiert sech un dem Jesper Juul sengen 4 Wäerter:

Gleichwürdigkeit-Integrität-Authentizität-Verantwortung

Dat ganzt Konzept vum Jesper Juul ass ënner dem Begrëff „familylab“ definéiert aschléisst Familljenberodungen, Weiderbildungen fir Elteren a Professioneller mat an.

Di ganz Équipe huet d’Formatioun nom Jesper Juul matgemat an dJacqueline di Ronco huet Familylab fir Lëtzebuerg iwwerholl an um Mamerhaff integréiert.

familylabD’Basis vun all gesond Bezéiung ass: all Mënsch, als gläichwürdeg unzegesinn. All Mënsch huet et verdéngt, ugeholl an gesinn ze ginn esou wéi en ass.

D’Leitbild vum Mamerhaff orientéiert sech och um Dr. Herbert Renz-Polster, deen sech besonnesch mat der klenger Kandheet auserneen setzt an ëmmer nees betount, dass Kanner am fräie Spill hier Erfahrungen solle man. Eng sécher Bindung als Basis ass dofir eng noutwenneg Conditioun, sou dass si sech zu selbstännegen an gesonden Perséinlechkeeten kënnen entwéckelen.

D’Team vum Mamerhaff schafft a verschidden Beräicher, déi mer Iech hei virstellen.

Mir hunn eis mam Jacqueline di Ronco ënnerhalen. Si gëtt eis en Iwerbléck iwer de groussen Projet.

Famill.lu: Dat eent ass, dass Der Couren fir zukënfteg Elteren proposéiert….

Jacqueline di Ronco: Jo, am Kader vun eisen Weiderbildungen proposéieren mer « Virbereedung op Elternschaft« . Elteren gëtt een jo schonn wann de Puppelchen ënnerwee ass. Sou schwätze mer iwwer Changementer am Kierper vun der Fra, iwwer d’Gebuert an déi éischt Zäit no der Gebuert. Eise Fokus läit virun allem op enger sécherer Bindung an dass ee net brauch ze fäerten saïn Puppelchen ze verwinnen, zum Beispill wann een en ëmmer op den Aarm hëllt, wann e kräischt. De Puppelchen ass duerch seng Bedürftegkeet voll an ganz op eis als erwuessen Elteren ugewisen an weist eis duerch saï Kräischen, dass him eppes feelt. Virun der Gebuert an och duerno, changéiert ganz villes an der Koppel: dat ass och en Thema wat ugeschwat gëtt.

Datume fir des Séminairen fannt Der am Agenda (Famill.lu)

Famill.lu: An dann gëtt et Couren fir Elteren…

Jacqueline: « Kompetenzstärkung für Eltern«  heescht eis Weiderbildung. Mir hunn eis bewosst fir Elterestärkung op Basis vu familylab-Wäerter a Wëssen entscheet, well mir iwwerzeegt sinn, dass dee Blëck op Kanner, Elteren an Familljen, deen ass, deen eis am beschten entsprécht a mir gesinn, wéi vill hëllefreiches doranner stecht.

Et sinn 5 Owender geplangt, wou Elteren zesummen oder och eenzel kënnen bei eis kommen. No engem klengen Virtrag, gi mer dann iwwer op Reflexiounen, Diskussiounen an Übungen, an dat alles – dat ass eis immens wichteg – an enger gemittlecher Atmosphär.

D’Zieler sinn: Kanner besser verstoen, en gläich würdegen Dialog féieren ouni seng Roll als Läitwollef opzeginn, dobäi seng eegen Grenzen an Bedierfnisser respektéieren an d’Selbstwäertgefill bei de Kanner stäerken.

Datume fannt der am Agenda (Famill.lu)

Famill.lu: Dir hutt och eng psychologesch Praxis: wee ka bei Iech kommen?

Jacqueline: Mir schaffen am Moment zu 2 Psychologinnen an de Beräicher Familljenberodung, Psychologesch Berodung an Psychotherapie.  Dës Hëllef riicht sech un Familljen, Kanner, Jugendlecher, Koppelen oder eenzelnen Erwuessenen, déi sech an enger schwiereger Liewenssituatioun befannen an d’Gefill hunn, net ouni professionell Ënnerstëtzung erauszekommen. An der Psychotherapie kënne ganz konkret Methoden ugewannt ginn, déi sech z.B bei traumateschen Erfahrungen bewährt hunn.

>>Suite: Fir Professionneller, Entreprisen, Team, asw.

 

 

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *