Famill.lu : Wou läit d’Gefor fir d´Kanner dran?

Dr. Muller: Stellt Iech vir, do ass e Kand, dat doheem, 2-sproocheg opwiisst, z.B., portugiesesch a rumänesch. Doheem huet et jo dann schon 2 Sproochen, déi et matkritt. Seng Sproochentwécklung ass a Gefor, wann et an eng Crèche kënnt, zu engem Zäitpunkt, wou seng Mammesprooch nach net gefestegt ass. An d’Mammesprooch ass d’Basis fir aner Sproochen ze léieren. Dann, an der Crèche, léiert et nach Lëtzebuergesch plus Franséisch. Sot mir, wéi dat Kand mat deenen verschiddene Sproochen eens gëtt. Wéi vill Stress muss et matmaachen? D’Kanner kënnen d’Sproochen oft guer net auserneen halen, vermëschen se, kënnen weder déi eng, nach déi aner Sprooch richteg schwätzen. Wat fir eng Sprooch schwätzen d´Kanner ënnerenaner? Genau déi Kanner, déi d´Lëtzebuergesch brauchen, schwätzen dann Franséisch mateneen. Wann d’Kand an de Cycle 2.1. (1. Schouljoer) kënnt, léiert et dann Däitsch – nach dobäi. Well wahrscheinlech keng Sprooch richteg sëtzt, ass de schouleschen Echec virprogramméiert. Wann ee weess, datt ëmmerhinn d’Halschent vun de Kanner concernéiert sinn, kann een sech virstellen, wat fir eng Konsequenzen dat fir di ganz Gesellschaft an e puer Joer kann hunn.

Well dann enges Dags ze vill Kanner net méi matkommen, kënnt dann forcément d’Alphabetisatioun op Franséisch. Franséisch gëtt langue d´enseignement schon am Primär. Däitsch a Lëtzebuergesch verkümmeren, esou wéi et vun der frankophoner Lobby gefuerdert gëtt.  

Famill: Ween profitéiert eigentlech vun dëser Moossnam?

Dr. Muller: Den Här Meisch behaapt, datt et gutt fir d´Integratioun vun auslänneschen Kanner wär. Ech froen mech: Wéi kann et gutt fir auslännesch Kanner sinn, wann se net méi op d’Lëtzebuergesch Regelschoul virbereet sinn?

Als Wëssenschaftler, deen mat Dosenden vun Länner an Europa, Afrika an Asien zesummeschafft, gesinn ech, wat fir eng enorm Chance, eis d´Villsproochegkeet bidd. Lëtzebuerg huet am Verglach mat villen aneren Länner, an besonnesch mat sengen Noopechlänner, een eemolechen Schoulsystem, wou d´Kanner zum Schluss, 4-5 Sproochen schwätzen. Dat ass eng enorm Chance fir all Kanner, déi d´Lëtzebuergesch Regelschoul duerchlafen. Studien vun der UniLu hu gewisen, datt Kanner, déi gutt Lëtzebuergesch schwätzen, optimal op de Lëtzebuergeschen Schoulsystem virbereet sinn. Duerfir muss et onbedéngt, d´Aufgab vun der Virschoul bleiwen, all Kanner, an besonnesch den auslännesche Kanner, konsequent Lëtzebuergesch bäizebrengen. 84% (!) vun de Kanner, déi zu Lëtzebuerg an d´Schoul ginn, sinn och hei zu Lëtzebuerg an d´Virschoul gaangen. Di aner 16% kommen eréischt méi spéit, d.h. am Laf vum Primaire oder Secondaire an d´Land. Dës 84% snin optimal virbereet op d´Liewen, d´Schaffen an d´Integratioun an enger multilingualer Gesellschaft. An dësem Zesummenhang heescht « multilingual«  iwwregens net, datt déi eng vill Sproochen schwätzen, fir vun den monofrankophonen genéidescht ze ginn, hir Sprooch ze schwätzen.

Et schwätzt also alles fir eng Crèche/Précoce/Spillschoul, wou konsequent tzebuergesch geschwat gëtt.

Firwat eigentlech FR an den Virschoulen aféieren? Nëmmen 12% vun de Kanner hei zu Lëtzebuerg schwätzen doheem Franséisch!

Famill.lu: Mir brauchen awer Franséisch…

Dr. Muller: Mir brauchen d´Méisproochegkeet an dozou gehéiert hei zu Lëtzebuerg natierlech och d´Franséisch. Wat awer net zum Lëtzebuergeschen Businessmodell passt, ass eng Monofrankophonie.

E Problem ass, datt den Enseignement vum Franséischen falsch an onattraktiv ass an d’Methoden veraalt sinn. Eis Kanner hunn bis 4e enorm vill Franséisch, nämlech 60 Wochestonnen (also den Equivalent vun 2 vollen Schouljoer). Awer déi ginn mëssbraucht fir aner Zwecker. D´Kanner ginn net genuch virbereed op de Wiessel vum Däitschen op d’Franséisch als langue véhiculaire op der 4e. Dorënner leiden all déi aner Fächer. Aplaz den Franséisch-Unterricht endlech ze reforméieren, mussen elo, nom Plang vun der Regierung, déi Zweejähreg schon dru gleewen. Eng Bankrott-Erklärung vum Franséisch-Unterricht!

An d´Kanner wëssen natierlech, datt fir hir Zukunft d´Englesch méi wichteg ass.

Famill.lu: Soll dann an de Schoulen méi Lëtzebuergesch geléiert ginn: schwätzen, schreiwen, eis Geschicht, eis Kultur, de Schoulkanner méi no bréngen, well mer soss riskéieren, ënner ze goen?

Dr. Muller: Ech sin kee Frënd vun méi Lëtzebuergesch Stonnen am Primär oder am Secondaire (vläicht wär e bësschen Orthographie net schlecht!). Lëtzebuergesch sollen/mussen d´Kanner an der Virschoul léieren. Dat ass déi wichtegst Integratiounsaufgab vun der Virschoul! Eng Virschoul, an där all Kanner onofhängeg vun hirem Doheem, konsequent Lëtzebuergesch léieren, géing all Kanner di selwecht Chance ginn, am Lëtzebuergeschen System ze reusséieren, an mat mindestens 4 (!) Sproochen vun der Schoul ze goen. Een enormen Atout an enger multilingualer Gesellschaft! Awer dat wëllt d´Regierung elo änneren. Firwat?

Famill.lu: Mir hunn hei zu Lëtzebuerg, ganz kompetent, ganz intelligent Wëssenschaftler, Proffen, Dokteren: Wat ass an deene leschte Joeren geschitt, dass ee mengt, et géif näischt méi goen?

Dr. Muller: Ech mengen, et huet vill mat onsem demographischen Wuesstum ze dinn, deen beispilllos ass an Europa, an dee mer net geréiert kréien.

Als Conclusioun, géif ech soen, datt et wichteg ass, ze verstoen, weem seng Agenda an wat fir eng Agenda hannert der Frankophoniséierung vun der Virschoul stécht.

* Den Prof. Dr Claude Müller ass Mediziner, Wëssenschaftler

19.04.2017

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “Ouni wëssenschaftlech Grondlagen (2)

  • 25 avril 2017 à 14 h 44 min
    Permalink

    Als Ergänzung möchte ich anführen, dass die luxemburgische Gesellschaft sich mit der (gewissermaßen erzwungenen Frankophonisierung) einen erheblichen Nachteil einhandelt: die deutsche Sprache wird verschwinden, damit auch der Zugang zu Kultur und Sprache eines direkten Nachbarlandes. Aktuell brauchen wir aber die deutsche Sprache in Wissenschaft und Handel und als Zugang zu den Universitäten.
    Die luxemburgische Sprache ist eine germanophone Sprache, so dass Kinder, die in der Vorschule (wie bisher) mit dem Luxemburgischen vertraut gemacht worden sind, es mit der deutschen Alphabetisierung viel leichter haben (das gilt übrigens auch für das spätere Englisch-Lernen). Damit wäre Deutsch die erste Schulsprache.
    Die französische Sprache gehört ebenfalls zum Multilinguismus Luxemburgs, sie zu erlernen, wenn die anderen (L, D) gefestigt sind, ist sinnvoll. Der Vorteil: hier im Land kann man die frz. Sprache direkt anwenden.
    Grundsätzlich gilt, die Programme in den Sprachenfächern sollten überarbeitet werden, der abrupte Wechsel von D auf F in den Nichtsprachenfächern ist wenig hilfreich und könnte vermieden werden (Wahlmöglichkeit). Aber D und F gehören als Sprachenunterricht in die Sekundarschulen.
    Ich gebe zu bedenken, dass im Ausland auch Fremdsprachen gelernt werden, mit einer gefestigten Muttersprache als Basis. Beruflich sind damit viele Möglichkeiten offen, sogar was u.U. Sprachen anbelangt, die man nicht in der Schule gelernt hat.

    Répondre