Och an der Schoul: wat e Kand léiert, soll ëm Freed maachen!Sproochlech Fréifërderung – ouni wëssenschaftlech Grondlagen

Interview mam Prof. Dr. Claude P.  Muller, Mediziner a Wëssenschaftler

Famill.lu: Dr. Muller, ass di sproochlech Fréifërderung néideg?

Dr Muller : D´Regierung wëll am Hierscht 2017 an den Crèchen/Précoce an, an der Spillschoul flächendeckend, an mat staatlecher Hëllef, Franséisch aféieren – op Käschten vum Lëtzebuergeschen. Et gëtt absolut kee Grond, fir esou eng drastesch Moossnam, déi eis Sproochelandschaft nohaltech an irreversibel wäert veränneren.

Ech gesinn grouss Problemer fir dKanner, déi gläichzäiteg e puer Sproochen léieren mussen. Ech gesinn och rieseg Problemer fir d’Integratioun vun den auslännesche Kanner an eis Regelschoul, an hir Integratioun an eis multilingual Gesellschaft. D’Kohäsioun vun eiser Gesellschaft ass a Gefor and de Lëtzebuergeschen multilingualen Businessmodell gëtt a Fro gestalt, wann ëmmer méi, eng Sprooch, nämlech Franséisch, op d´Käschten vum Lëtzebuergeschen an dem Däitschen gefërdert gëtt.

Et besteet keng Noutwendegkeet fir dës Moossnam. Nee, et geet hei ëm eng frankophon Agenda, déi di franséisch Partei an Lobbygrupp “Union des Démocrates et Indépendants” (UDI) an hirem Bréif vum 30. Januar 2014 un den Minister Meisch gefuerdert huet. Dës Agenda ass elo schonns, a groussen Zich ëmgesat. D’Fuerderung vum UDI no enger franséischer Alphabetiséierung gëtt elo duerch d’flächendeckend Aféieren vum Franséischen op Käschten vum Lëtzebuergeschen an de Crèchen, am Précoce an an der Spillschoul virbereet. An e puer Joer heescht et dann: «Firwat sollen d´Kanner op Däitsch alphabetiséiert ginn, wann se schonn vum zweeten Liewensjoer un, Franséisch geléiert hunn?»

Domatt si mer dann definitiv um Wee an d´Frankophonie.

Famill.lu: Dat wor elo Villes op eemol. Kënnt Dir dat méi am Detail erklären?

Dr Muller : Als Mediziner a Wëssenschaftler denken ech un d’Gesondheet vun den betraffenen Kanner, speziell un hir Sproochentwécklung. Kanner, déi weder Lëtzebuergesch nach Franséisch doheem schwätzen (z.B. d´portugiesesch Kanner, oder Kanner aus ex-Jugoslawien, ex-Sowjetunion, asw), géingen schonn an der Crêche mat enger 2. an enger 3. Sprooch konfrontéiert. A Familljen, wou Mamm a Papp jeweils eng verschidden Sprooch mam Kand schwätzen, wären Franséisch an Lëtzebuergesch, d´Sproochen, Nummer 3 an 4. Kënnt e familljär oder emotional onstabilt Ëmfeld dobäi, sinn dës Kanner héichgradeg an hirer Entwécklung gefährdet.

Superintelligent Kanner mat immens disziplinéierten Elteren kënnen dat vläicht geréieren. Awer si wäerten d´Ausnahmen sinn. Fir déi aner Kanner ass dat e richteg geféierlecht Experiment, ouni wëssenschaftlech Grondlagen oder Erfahrungen an – ouni Noutwendegkeet.

Ech erwaarden datt:

  • vill vun dësen Kanner Problemer mat hirer Sproochentwécklung kréien

  • dës Kanner grouss Schwieregkeeten hunn, hir Mammesprooch ze beherrschen, wat wëssenschaftlechen Erkenntnisser no, eng wichteg Viraussetzung ass, fir weider Sproochen ze léieren

  • dës Kanner, d´Sproochen duerchenaner werfen, an ënnerschiddlech Mëschsproochen schwätzen.

Also:

  • Fir Kanner, déi aner Sprochen doheem schwätzen, ass d´Sproochbad an der Virschoul geféierlech fir hir Entwécklung.

  • Fir Kanner, dei Franséisch doheem schwätzen, kann eng frankophoniséiert Virschoul näischt fir hir Integratioun an dem Lëtzebuergeschen Schoulsystem an domatt fir hiren Zougang zum Multilinguismus bäidroen.

  • Kanner, déi Lëtzebuergesch doheem schwätzen, hunn bis 4ème, den Equivalent vun zwee ganzen Schouljoer (insgesamt 60 Wochenstonnen), Franséisch; duerno ass Franséisch langue véhiculaire (Léiersprooch) an alle Fächer. Sie hunn duerno och kee Problem, fir am Ausland op Franséisch ze studéieren. Sie brauchen (an wëllen wahrscheinlech) net schonn an der Crèche gezwongen ginn, Franséisch ze schwätzen.

Frankophoniséierung vun der Virschoul wäert dozou féieren, dat vill (auslännesch) Kanner net méi gutt genuch Lëtzebuergesch schwätzen, fir an di Lëtzebuergesch Schoul, wéi mer se haut kennen, mat der Däitscher Alphabetiséierung integréiert ze ginn. Dat gëtt ons dann als Grond servéiert, fir dFranséisch Alphabetiséierung, dFranséisch als langue véhiculaire schonn am Primär anzeféieren. Et schwätzt also alles géint eng Frankoniséierung vun der Virschoul.

Wou läit d’Gefor fir d´Kanner dran? Suite >>

6 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *