© Editpress/Fabrizio Pizzolante

© Editpress/Fabrizio Pizzolante

Musse kleng Kanner esou belaascht ginn?

Exklusiven Interview mam Jacques Christian DAHM, Initiator vun der Petitioun 785:

« NON à l’initiation au français à la crèche et au cycle 1 et NON à l’apprentissage du français oral au premier trimestre du cycle 2.1 »

Famill.lu: Här DAHM, wat war fir Iech den Ausléiser, fir d’Petitioun ze lancéieren?

Jacques C. DAHM: Als Schoulmeeschter hunn ech an de leschten 10 Joer festgestallt, dass lues a lues ëmmer manner Kanner richteg Lëtzebuergesch schwätze kënnen, wann se an de Cycle 2.1 kommen. Dëst trëfft leider grad sou fir Kanner mat lëtzebuergeschen, wéi och mat net lëtzebuergeschen Originnen zou. Dës Situatioun gëtt nach doduercher verschlëmmert, dass vill Kanner mat auslänneschen Elteren hier Mammesprooch just zum Deel oder guer net richteg beherrschen. Wann elo och nach eng zousätzlech Sprooch dobäi kënnt, och wann et am Ufank just mëndlech ass, dréit dat sécherlech net dozou bäi, déi lo scho bedenkenswert Sproochkompetenze vun eise Kanner ze verbesseren.

Famill.lu: Wourunner läit dat, dass ëmmer manner Kanner hier Mammesprooch (egal wéi eng) net uerdentlech schwätze kënnen?

Jacques C. DAHM: Doriwwer kann ech just spekuléieren. De Ministère kéint sech mol méi dofir interesséieren an Etudë maachen. De Grond firwat ëmmer méi Kanner Sproocheproblemer am jonken Alter hunn, respektiv hier Mammesprooch net richteg beherrschen, ass menger Meenung no, well se vu Klengem un ze fréi vun doheem fort sinn; a Crèchen a Précocen, amplaz doheem vun den Elteren oder Boma a Bopa erzunn ze ginn. Fir mech sollt eng Crèche oder e Précoce eng Ausnahm sinn, fir déi Leit déi sech net wierklech anescht organiséiere kënnen. Ma leider ass et zum Normalfall ginn, seng Kanner vu Klengem un a friem Hänn ze ginn… Ech wëll net all Crèche schlecht maachen, ma et ass ganz logesch, dass e Kand an enger Crèche manner Opmierksamkeet kritt, och wann d’Personal zu 100% engagéiert ass, wéi doheem am permanenten 1 zu 1 Kontakt mat Papa, Mama, Boma oder Bopa. Ma leider ass déi aktuell Regierung um Wee, dat nach méi ze verstäerken. Ech plädéiere fir méi Famill, a manner Staat.

Famill.lu: Komme mir zeréck zur geplangter multilingualer Fréifërderung: Wouranner läit, Iech no, déi gréisste Gefor?

Jacques C. DAHM: Ganz einfach: Multilinguismus funktionéiert am beschten dann, wann een seng Mammesprooch (egal wéi eng) zu 100% beherrscht. Déi sou genannten L1 Sprooch muss, am Idealfall, ee gewëssen Niveau hunn, fir sech kënnen dorobber ze baséieren, fir eng zweet oder drëtt Sprooch ze léieren. Dat ass säit ville Joren um ISERP.lu oder UNI.lu, an och am Ausland sou geléiert ginn, dofir froen ech mech, wisou, lo do beemol vum Ministère, ganz aner Iddien hier kommen. Also vun de Schoulen a vun de Gewerkschaften hier, ass keng sou eng Demande komm.

Famill.lu: Wat soot Dir zur Tatsaach, dass awer eng Partie Kanner doheem zweesproocheg opgewuess sinn, an een Deel awer gutt domadder eens gi sinn?

Jacques C. DAHM: Dat do ass dann eent vun den Haaptargumenter vun de Leit, déi net mat menger Petitioun averstane sinn. Ma dorobber ass et einfach ze äntweren: Et ass eng Tatsaach, dass et Kanner gëtt, déi am jonken Alter zweesproocheg opgewuess sinn, an déi an zwou Sproochen ee gudde sproochlechen Niveau erreecht hunn. Ma, do muss een dann awer puer Saache präziséieren, a net wéi de Ministère et gär a Publikatioune mécht, doraus op all déi aner Kanner generaliséieren: Wisou huet dat bei deene Kanner geklappt? Well si, d’Sproochen zum Groussdeel DOHEEM an engem geregelte Kader geléierthunn, wou d’Kand ganz genau tëschent 2 Sproochen an 2 Persoune switche konnt. Dat waren ëmmer déi selwecht Persounen a Sproochen an hunn net geännert! Dat huet all Enseignant während sengen Etude geléiert. Fir lo awer dorausser ze schlussfolgeren, dass dat dote fir all Kanner klappt an dat an enger ëffentlecher Institutioun, wou et kee gereegelte Kader gëtt, well d’Intervenanten oft oder permanent änneren, kann een awer zumindest staark hannerfroen.

Famill.lu: Den Här Meisch mengt jo awer, dass dat an de Piloteklasse gutt géing funktionéieren. Wat sot Dir dann dozou?

Jacques C. DAHM: Ma ganz einfach, wann ee Pilotprojet’en mécht, déi vill ze kuerz si vun der Dauer, fir aussokräfteg ze sinn, ass dat sënnfräi. Ausserdeem sinn déi Pilotprojet’en vun multilingualer Fréifërderung jo just Alibi, well et gëtt jo mol net ofgewäert, wat dobäi eraus kënnt. Et gëtt eppes decidéiert a réicht dono gi Pilotklassen agefouert. Nee, et missten Pilotklassen ginn, da misst gekuckt ginn, wat dobäi eraus kënnt an da misste Saachen adaptéiert ginn. Réicht da misst eng Decisioun vum Ministère getraff ginn. Dobäi kënnt nach, dass ëmmer méi Kanner 2-3 oder vläicht nach eng Sprooch méi kënnen, wann se an de Cycle 2.1 kommen. Ma leider kënnen se déi meescht Sproochen, just zu Brochdeeler, wat d’Alphabetisatioun op Däitsch erschwieregt, well een sech dann net op eng ausgeräiften a gefestegt Sprooch (egal wéi eng) baséiere kann.

Famill.lu: Wat soll oder wat kann de Minister dann an Ären Aen an der Crèche, am Précoce an am Fondamental verbesseren?

Jacques C. DAHM: Manner Staat a méi Famill ass eng Léisung. Ma dat ass jo leider aktuell net de Fall. Wat awer och bedenkenswäert ass, ass d’Tatsaach, dass dee vun der Regierung gefërderten a gefuerderte Familljensystem, wou sech de Staat haaptsächlech ëm d’Kanner këmmert, vun engem Groussdeel vun de Leit dobaussen akzeptéiert gëtt. Wéi ass et dann iwwerhaapt mat de Kanner, déi net an eng Crèche oder net an de Précoce ginn? Sinn déi Kanner dann elo net benodeelegt?

Hei nach e puer aner weider Denkustéiss: Kanner solle Kanner sinn, se solle spillen, entdecken, bastelen, molen, se sollen am Bulli an am Sand triwwele gelooss ginn. De Ministère soll all déi Sue fir déi plurilingual Fréifërderung huelen an se dofir asetzen, dass d’Kanner am jonken Alter sportlech méi aktiv sinn a nach méi Spaass u Beweegung gewisen a virgelieft kréien, wéi bis elo. Et misste Projet’en ausgeschafft ginn, fir dass eis Kanner ërëm méi léieren zesummen a mateneen eens ze ginn, also déi sozial Fähegkeete stäerken. Bis elo ass ebe villes doheem geléiert ginn a virgelieft ginn, wat lo leider net méi de Fall ass. An een Deel vun de Kanner leit dorënner.

Cycle 2.2>>

14 0 0 1 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

3 thoughts on “Musse kleng Kanner esou belaascht ginn?

  • 9 avril 2017 à 18 h 12 min
    Permalink

    Top Pétitioun, Dir soot genee dat wat ze soen ass. Vergesellschaftung der Kinder, sou ass dat emol genannt ginn, net bei de Russen ma an der fréierer Sovjetunioun vun därer Politik et e feste Bestanddeel wor. A lo hu mir et hei ageféiert, fir dat d’Fraen sech kënne fräi fillen, sech ganz an hier Carrière ze investéieren. An iwerhaapt, hunn ech héieren, wat e Bébé méi jonk, wat e sech méi liicht an d’ Crèche agewinnt. Wat heescht dat?

    Répondre
  • 11 avril 2017 à 18 h 41 min
    Permalink

    Haut op RTL: den Educatiounsminister sot, d’Experten wéissten, dass d’Kanner gutt mat verschidde Sproochen géifen eens ginn. Mä, de Schoulmeeschter, deen all Dag d’Kanner gesäit an héiert, misst jo wuel ganz gutt wëssen, wat d’Wierklechkeet ass! Mä, him gëtt net nogelauschtert!

    Répondre
  • 25 mai 2017 à 9 h 11 min
    Permalink

    Bonjour,
    D’Kanner sollen emol richteg lëtzebuergesch schwätzen léieren. Si maachen ganz vill grammatesch Feeler. Suguer ons Lëtzebuerger Kanner schwätzen schlecht lëtzebuergesch. Mir brauchen eng Eenheetssprooch fir ze kommunizéieren. Kanner sollen Kanner bleiwen. Si sollen net nach méi belaascht ginn. Si hunn genuch Drock an hirem Alldah. Mir hunn ëmmer méi Kanner, déi aggressiv sinn mat esou vill Fuerderung.

    Répondre