brancheDat Wäertvollst, wat mer dach hunn… a wat geschitt?

Duerch di vill Commentairen, déi mir vun Iech erageschéckt kréien, gesi met wéi et wierklech fir vill Kanner vun haut ausgesäit. Mir hunn der e puer erausgegraff… « sans commentaire »…

Tanja: Wann ech kucken wat aus léiwen onschëllegen Bébéeën ginn ass, déi enorm vill Zäit an der Crèche an duerno an der Maison Relais verbruecht hunn, fannen ech dat ganz alarmant. D’Kanner falen ëmmer méi op duerch en opgedréitent an aggressivt, provokativt Verhalen. Dat kann keen Zoufall sinn! (Natierlech ginn et och Kanner déi opfälleg ginn obwuel se doheem grouss ginn an a kenger Opfangstruktur sinn, einfach well d’Konditiounen doheem net stëmmen – mä dat ass just eng Minoritéit… ). Studien vun Experten leien vir, Elteren mellen sech zu Wuert, mä firwat ginn d’Aen einfach zou gemach?!

Wéi eng Qualitéit vun Aarbecht gëtt do nach ugebueden? Ëmmer méi onqualifizéiert Personal oder Personal, dat villäicht den Diplom huet awer denen een als Elteren NIE säi Kand géif uvertrauen wann een de Choix hätt. Mä vu dat et u Personal iwwerall mangelt, fannen dann trauregerweis bemol och esou Leit eng Aarbecht, a kréien dat Wäertvolltst uvertraut, wat d’Elteren hunn! An déi Leit ginn Virbilder fir di nächst Generatioun.

Eng Léierin an eng Mamm : Dës Generatioun Kanner soll eis herno am Alter ënnerstëtzen, schaffe goen an esou och eis Pensioune bezuelen. Duerch déi ganz Friembetreiung an Massenhaltungen, gëtt den décrochage scolaire ëmmer méi grouss. Vill Jonker si schonn mat Depressiounen oder Burn Out am fréie Beruffsliewen geplot. An dat nit well si pipesch sinn… neen si sinn an eng Stressgesellschaft eragebuer, vum ten Dag un… an de Stress begleet eis Bébeeën, Kanner, Jugendlecher an Erwuessener vu Moies bis Owes. An Stress ass e Killer. De Stress mécht Bezéiungen vun den Elteren, Bezéiungen tëschent Elteren a Kanner an och Bezéiungen zu gudde Frënn, Noperen an eelere Leit futti.

Angel: Kanner ass dat Wäertvollst wat mär Mënschen hun, dofir léif Elteren, loosst Är Kanner net Opfer vun der Politik ginn…

Marie: Wann d’Erzéiung vun de Kanner just aus der Perspektive vun den Erwuessenen gesinn gëtt, da kënnt dat dobäi eraus wat mir elo hunn.
Wéi ass et fir Kanner wann se vu Moies bis Owes dorëmmer verfracht ginn, wa keen Zäit fir si huet? Wéi fillen si sech wuel dobäi?
Si sinn dat schwächste Glidd an der ganzer Ketten a kënne sech net wieren, si mussen déi Emstänn erdroen, déi mir Erwuessener fir si parat halen.

Chira Bügler : Ech fannen et einfach en Hohn, all Dag liest oder gesäit een nei Etuden, Berichter vun Fuerscher etc, …aner Länner änneren hire Familljemodell, fir datt d’Kanner nëmmen kënnen doheem betreit ginn. Waat mécht eis Regierung? Komplett de Géigendeel, Kanner sollen, (oder mussen) geschwënn vun Friemen betreit ginn,… fir datt Mamm a Papp schaffen. A firwat? Fir de Wuesstum vum Land ze finanzéieren. Um Bockel vun de Generatiounen, déi no eis kommen. Wonnerbar!!! Da brauche mer keng Kanner, wann mer se nit méi gesinn! Komme mer sou lues fir, wéi beim Momo, all Freed, all Farwen, all Laachen vun eise Kanner solle mer nit méi matkréien. Alles gëtt gro?! … si glécklech Kanner an Familljen näischt méi Wäert well se kee Profit bréngen? Aaremt Lëtzebuerg!?

Lea Clemens: Wann mer hei am Land en Grondakommes hätten, wier de Mammen vill gehollef.

Isabelle, Léierin: Et deet engem oft déck, wann een di Butzen gesäit aschlofen Mëttes, kräischen Moies…, an ech denken dann oft nach, dass ech als Léierin lo nach Ufuerderungen un d’Kand stelle MUSS, well et um Enn vum Cycle jo och um Socle de compétences soll ukomm sinn. Ech gesinn esou extrem den Ënnerscheed bei deene Kanner, déi net dauernd a Crèchen sëtzen an deenen aneren: si sinn vill méi ausgeglach, frou a wissbegiereg… Déi, di a Crèchen hocken säit se Bébé sinn, sinn oft midd, traureg, ausgelaugt, mussen sech behaapten an duerchsetzen, streiden méi mat aneren an schalten oft a Gruppenaktivitéiten of (wahrscheinlech well se schonn dauernd a Gruppen fonctionnéiren mussen). Dat, wat d’Crèche Positives ze bidden huet (sozialen Ëmgang) schléit dann am Endeffekt an de Contraire ëm well et däers einfach ze vill ass.

Bea Mertzig: Oft ass et den Zäitfaktor, deen eng grouss Roll spillt. Elteren hunn oder huelen sech net genuch Zäit fir hir Kanner. Dobäi as d’Erzéiung vun engem Kand eng uspruchsvoll Erausfuerderung, fir déi ee Gedold muss opbréngen an déi ee net kann niewelaanscht maachen. Zumindest déi éischt Joeren, muss ee säin Alldag dem Kand sengem Rythmus an dem Kand senge Bedürfnisser upassen.

Liest och an dësem Zesummenhang:

Den Alldag mat de Kanner… ëmmer ideal?, en Interview mam Bea Mertzig (STEP)

Ass et haut nach méiglech, Schoul ze halen?, en Interview mam Andrée, 42 Joer laang, Spillschoulsjoffer

Welt auf der Kippe, eng Analyse vun Peter und Jakob Seefeld

Agenda: STEP (7. Mäerz), Dagesmamm Service Rasselbande (31. Mäerz), Familylab (25. Abrëll)

2 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

3 thoughts on “Dat Wäertvollst, wat mer dach hunn…

  • 7 mars 2017 à 8 h 41 min
    Permalink

    Haut wuesse Crèchen äus dem Buedem wi Champignoen. Spéitstens eng Generatioun mi spéit mussen se dann Psychiatrien vun allen Zorten a Prisongen en Masse bauen. Haut kréien se d’Personal net séier genuch erbäi fir d’Crèchen, spéider net genuch Personal fir d’psychiatresch Anstalten, Spideeler a Prisongen. Natiirlech hun se bis dohin och scho Roboteren op all deene Plaatzen am Asaatz fir d’Kënnercher an d’Leit ze betreien.
    Däischter sin d’Zäiten wu mer histeieren.

    Répondre
  • 7 mars 2017 à 8 h 42 min
    Permalink

    Desen Planeit ass kéen Geschenk vun eisen Elteren an vun eisen Grousselteren. Eisen Planeit ass eng grouss Verantwortung vis a vis vun eisen Kanner. An desem Senn ,,,,

    Répondre
  • 21 mars 2017 à 8 h 53 min
    Permalink

    « Die Erde ist uns nur geliehen aber von zurückgeben hat keiner was gesagt » ;-)
    Mä elo méi sérieux. Ech fannen des Initiativen an och aanerer gudd fir de ganzen System a Fro ze stellen a Pisten ze fannen, wéi mer virun allem den Emgang mat de Kanner kënnen verbesseren. Mir spenden souguer all Mount fir dass verschidden Institutiounen d´Méiglechkeet kréien hier Etuden an Realitéit kënnen ëmzesetzen, mä ech denken awer och, dass villes zevill pessimistesch gekuckt gëtt.
    Déi grouss Problemer, déi et och elo ginn, goufen et nach ëmmer wann een der Literatur an historeschen Bicher gleewt. Schon bei den Griechen an Réimer ass gesoot ginn, dass d´Kanner net mei erzunn wieren an d´Zukunft schwaarz fir sie ausgesäit. An nawell si mer haut all grouss ginn, mol méi, mol manner gudd.
    Et muss een jo awer zouginn, dass an deenen leschten Joren an Jorzengten enorm vill geschitt ass an mer elo d´Méiglechkeeten hunn fir eis nach besser ëm eis Kanner ze këmmeren. D´Aarbechtszäiten sinn ëmmer méi erof gaang, elo gëtt schonn vun 30 Deeg bezuelten Congé fir jiddereen geschwaat, et gëtt keng Kanneraarbecht méi, et ginn eng hellewull vun sozialen Mesuren déi dozou feiren dass d´Kollektivitéit aspréngt wann et engem Individu schlecht geet.
    Daat si wuelgemierkt ëmmer Moyennen vun deenen ech schwätzen an ech si mer och bewosst, dass et nach ëmmer vill Leit gëtt, déi net d´Méiglechkeet hunn, zBsp bei hierem Kand ze bleiwen.
    Et ass nu mol hei am Land am Moment net méi forcément méiglech mat engem Salaire iwwert d´Ronnen ze kommen. Vill Leit leien nëmmen knapp iwwert dem Mindestloun, kréien also dann mat engem Kand am Stoot tëscht 1800 an 2300 Euro netto + Kannergeld, dann leien mer bei vlait 2500 €. Enner 1000 € Loyer fënnt een net méi ganz vill. Eng kleng Occasioun schleit och mat 500 € zu Buch, Assurance, Stroum, Waasser, asw. Dann bleiwt och net méi all zevill fir nach Akaafen ze goen, geschweige denn eppes op d´Säait ze leen fir dass d´Kand mat 18 Joer seng Studien kann finanzeiren.
    Wéi gesoot, ech froen mech op mer net heiansdo eng zevill pessimistesch Vue hun, sinn awer frou op dësen Site gestouss ze sinn, deen vill interessant Denkvirschléi huet an hoffentlech och säin Beitrag kann zur Verbesserung vun der Educatioun am Land kann bäidroen.

    Répondre