Och an der Schoul: wat e Kand léiert, soll ëm Freed maachen!

Och an der Schoul: wat e Kand léiert, soll ëm Freed maachen!

Ass eise Schoulsystem iwwerlieft?

Läit et un de Kanner oder un der Schoul, wann mer héieren, dass an de Klassen keng Rou ass, vill Kaméidi, an dass, déi Kanner, déi wëllen léieren, sech net konzentréieren kënnen?

Läit et un de Kanner oder un der Schoul, wann mer héieren, d’Kanner si midd, si hu keng Loscht ze léieren, keng Loscht ze liesen?

Leschten Donneschdeg, den 16. Februar, si mer am « Wort«  gewuer ginn, dass am Joer 2015, ëm di 1.600 Schüler, d’Schoul ofgebrach hunn, ouni Diplom an der Täsch, ouni ze wëssen, wat se deen aneren Dag mat hirer Zäit sollen ufänken.

Leie mer net iergendwou falsch? Ass et net esou, dass mer ronderëm de Schoulsystem bastelen ouni wierklech op de Fong ze goen? Ouni wierklech op dem Kand, säin ënnerlecht Wiesen eranzegoen? Et huet een d’Impressioun, et wär eng Angscht do, déifgräifend Reformen ze maachen, ouni déi mer awer wahrscheinlech nach laang musse nokucken, ier all Kand gären an d’Schoul geet.

Wat wären dann déigräifend Reformen? Z.B., a Finnland, leeft an e puer Schoulen e grousse Projet, deen d’Schüler an d’Proffen begeeschtert.

Keng Schoulfächer méi, mä, Themen. A wann een Thema behandelt gëtt, gëtt an engems en anert Thema behandelt. « Ainsi, lorsqu’ils étudieront la seconde guerre mondiale, les étudiants aborderont de l’histoire, de la géographie, et des maths ! »seet Marjo Kyllonen, Chef de département de l’éducation d’Helsinki (Source : Pause Café In).

D’Schüler setzen net a Bänken, een hannert deem aneren, mä si sëtzen a klenge Gruppen beieneen, wou se dann zesummen un engem Thema schaffen.

Eng Atmosphär, wou d’Proffen sech Zäit huelen fir hir Schüler, wou se op hir Schüler eraginn, wat d’Relatioun tëschent de Proffen an de Schüler verstärkt. An: kee Schüler gëtt fale gelooss. Jiddereen ass et Wäert, dass no ëm gekuckt gëtt.

Sou wéi och, d’Caroline Zintz et op eisem Site seet: « La solution, c’est de mettre au centre, l’enfant, le bien-être de l’enfant. Chaque enfant a aussi ses compétences propres à lui, sa manière d’être qui lui est personnelle, c’est aussi autoriser l’enfant à élaborer son identité.»

En anere Projet, dës Kéier a Frankräich, am Collège Banon an den Alpes de Haute Provence:

« Silence, on lit ». D’Direktesch vum Lycée konnt net méi nokucken, dass d’Schüler, Schwieregkeeten haten, sech ze konzentréieren, an dass vill vun hinnen kee Buch méi ugepackt hunn. De Film « Soleils » vum Olivier Delahaye huet hir d’Iddi ginn: während enger Véierelsstonn, vun 13,30 bis 13,45 Auer, gëtt am ganze Lycée gelies. Vum jéngste Schüler bis zum Direkter, huet jiddereen e Buch am Grapp. Alles ass erlabt, ausser Zeitungen, Zäitschrëften an Internet. D’Resultat ass méi wéi erstaunlech : d’Kanner konzentréieren sech effektiv besser op d’Coursen, si sinn am Allgemengen, méi roueg ginn, si hunn Freed um Liesen, si hunn en anert Jugement, si sinn virwëtzeg. An: d’Relatioun tëschent Proffen a Schüler ass eng ganz aner ginn. Si schwätzen méi mateneen, si recommandéieren sech géigesäiteg dëst oder dat Buch, ze liesen.

Mä, net nëmmen am Ausland, och hei am Land gëtt et Iddien. Sou huet eng Iddi, hire Wee gemaach an ass eng grouss Reussite: de Neie Lycée, wéi en am Ufank geheescht huet – haut, de Lycée Ermesinde.

Den Direkter, de Jeannot Medinger, konnt och net méi nokucken, dass d’Schüler sech an der Schoul langweilen. Fir hien ass et wichteg, dass d’Kanner, Freed hunn un deem wat se léieren, dass hir Talenter gefërdert ginn. Sou proposéiert de Lycée – nieft deenen « normalen«  Fächer, eng ganz Panoplie vun Themen, wou d’Schüler sech eent eraussichen, dat hinnen am meeschten läit. Si realiséieren dann hiren « travail personnel », fir deen se selwer d’Recherchen maachen an léieren och esou, selbststänneg schaffen a kréien, Abléck op vill verschidden Facetten vun hirem Sujet. Si ginn begleet vu Proffen, déi selwer ganz engagéiert sinn.

Eppes schielt sech eraus un all deene Projeten: di gutt Relatioun tëschent dem Enseignant an dem Schüler a, wa méiglech kleng Gruppen, kleng Klassen: wann dat iwwerall esou wär, dann hätte mer eigentlech alles erreecht, well kee Kand däerf fale gelooss ginn.

Isabelle Schmit-Mines

20.02.2017

Liest och op eise Säiten :

Ass et haut nach méiglech, Schoul ze halen ? Interview mam Andrée, während 40 Joer, Spillschoulsjoffer

(On) Zefriddenheet an den Impakt op d’Schoul, eng Observatioun vum Isabelle, Léierin

Agenda: mat den Datumer vun : Dagesmamm Service Rasselbande (Reunioun, den 3. März); STEP (d’Coursen ginn de 7. März neess un), Familylab (Mamerhaff) (den 25. Abrëll)

Info :  eng Medizinstudentin sicht fir hire Mémoire, fräiwëlleg Elteren, déi bereet sinn, bei enger Enquête mat ze maachen. Et geet iwwer den Papillovirus, mä et sinn och Froen dobäi iwwer d’Vaccinatioun am allgemengen: 


www.hpvluxembourg.wordpress.com.

Fir méi Informatiounen :stephanie.conter@outlook.com

4 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *