mère et filleCongé parental: Virdeel fir jiddereen?

De Congé parental war eis presentéiert ginn, als di ideal Léisung fir den Elteren d’Méiglechkeet ze ginn, Famill a Beruff gutt mateneen ze verbannen. De Public krut gesot, et wär « däitlech méi« : méi Flexibilitét, méi Akommes. Wat mer awer elo konkret gesinn, entsprécht dat Verspriechen, a ville Fäll, net der Realitéit. « Däitlech méi«  betrëfft een eenzegen Deel vun den Elteren, fir di aner ass et däitlech manner.

Virun der Reform, hat all Mamm (oder Papp) während dem Congé parental vu 6 Méint, eng Prime zegutt vun ëm di 1.770 €/Mount, egal wéi vill si (hien) geschafft huet. Dës Prime war och netto, am Géigendeel vun haut, wou och nach Steieren an Cotisatiounen ofgezu ginn.

Ween elo « däitlech méi«  kritt, dat sinn déi Elteren, déi à plein temps schaffen. Vun deenen, déi e mi-temps oder en temps partiel hunn, kann sech en Deel vun hinnen, emol guer keen Congé parental méi leeschten, well et a ville Fäll, finanziell net drobar ass. An dat während enger Zäit, wou de Puppelchen kleng ass, wou en seng Mamm, säi Papp ronderëm sech brauch. A mat dem neien Congé parental, ginn d’Elteren bal gezwongen, hire Puppelchen schonn no 2-3 Méint ganz Deeg a friem Hänn ofzeginn. Sinn dem Staat, nëmmen déi Leit eppes Wäert, déi ganz schaffe ginn? Ass e Kand nëmmen esou vill Wäert, wéi seng Elteren schaffe ginn?

Wat di mer eise Kanner un, wa mer se esou fréi, esou massiv a friem Hänn ginn? De Stresshormon, Cortisol, ass bei villen vun hinnen, esou héich, dass se nëmmen nach traureg a ganz onglécklech sinn. Cortisol ass Gëft, Gëft fir d’Entwécklung vu Gehir, Gëft, dat och dem Kand seng Gesondheet schwächt.

Verschidde Fakteuren verschlëmmeren d’Situatioun fir e Kand: ze vill Kanner beieneen, ze grouss Gruppen, Personal, dat Vierschrëfte krut wéi z.B., d’Kanner net dierfen op den Aarm ze huelen, fir se ze tréischten. Dir géift Iech gruggelen, wann Dir hannert verschidden Kulisse kinnt kucken! Musse mer wierklech, eise klenge Kanner, dat do undoen?

E Puppelchen kann sech nëmmen gesond opbauen, wann hien just e puer Persounen ëm sech huet, an déi e kann Vertrauen hunn, mat deenen e frou ass. Et ass nëmmen duerch de Wee vun der enker Relatioun zum aneren, wou de Puppelchen léiert, mat de Mënschen eens ze ginn, wou e léiert, seng Emotiounen ze kontrolléieren, wou en, en zefriddenen, staarken, Mënsch herno gëtt. D’Wëssenschaftler sinn sech eens, dass di éischt Méint a Joeren vun engem Kand, di allerwichtegst sinn. An déi Erkentnisser ginn einfach ënnert den Dësch gekiert.

D’Familljeministesch hat eemol gesot, dass ee Famill a Beruff misst ënnert een Hutt kréien. Am Alldag heescht dat, dass d’Elteren, 8-10 Stonnen den Dag fir d’Aarbecht, an 1-2 Stonnen den Dag fir de Bébé zur Verfügung hunn. Wat heescht Vereenbarkeet, wann den Zäitpensum bei engem, dee ganzdags schafft, deen ass: 85% fir de Beruff an 15% fir d’Kanner?! Do ass keng Zäit fir d’Famill! Et war och eng Kéier gesot ginn, all Kand wär gläich vill Wäert: dann ass et och genee sou vill Wäert ob et an eng Crèche/Maison-Relais geet, oder wann et bei senger Mamm oder sengem Papp doheem ass. Dem Staat kascht e Kand an enger Crèche, ëm di 2.000 E/Mount. Wéi wär et dann, wann och deen, dee beim Kand ass, z.B., als « aidant informel » géif unerkannt ginn, wéi wär et wann de Staat géif, eng Zäitchen, een Deel vun de Cotisatiounen fir d’Pensiounskeess géif iwwerhuelen? Huet et net ëmmer geheescht Qualitéit geet viru Quantitéit? Ass dat dann net de Fall wann kleng Kanner doheem versuergt ginn, wann een do ass, deen hinnen e Vierbild ka sinn, e séchert Heem bidde kann, wou se opgefaange ginn, an einfach een, fir si do ass?

A kenger Kultur, a kenger Gesellschaft ginn d’Kanner an d’Elteren esou erniddregt wéi hei, an eise Géigenden, an deene leschten Joeren. Néierens mussen kleng Kanner esou fréi vun hiren Elteren getrennt ginn, wéi hei.

Op ville Plazen gesi mer schonn d’Resultat, wéi an de Schoulen, wou d’Kanner net méi roueg kënne sëtze bleiwen, wou Kleppereien, Mobbing, net seelen sinn. Wou mer all Dag, Temoignagen vun Educatricen kréien, déi et bal net méi packen, vun Léierpersonal, fir déi et oft bal onméiglech ass, e Cours ze halen, well d’Kanner sech net packen. Firwat da wuel? Well se eben ze fréi vun hirer Mamm, hirem Papp getrennt goufen. A well spéider, wann si méi grouss sinn, d’Elteren oft réischt spéit heem kommen, a si also just nach e klengen Afloss op hiert Liewen hunn.

D’Erzéiung vun de Kanner soll nach ëmmer den Elteren hir Roll sinn, an duerfir mussen si och finanziell an « zäitlech » Méiglechkeeten kréien, hir Kanner anstänneg kënnen z’erzéien a fir si do ze sinn. Wee soll dann eis Kanner erzéien, wa kee méi doheem ass?

Et ass un den Elteren ze decidéieren, wat fir eng Betreieung di bescht fir hir Kanner ass. Et ass net um Staat! 

« Gouverner, c’est prévoir » : heescht e franséische Sproch. Et kann net sinn, dass eng Regierung nëmme kuckt, wat elo, am Moment, rentabel ass. D’Zukunft preparéieren, heescht, d’Kanner ze preparéieren, dass se staark an equilibréiert sinn. An dat ginn vill Kanner kaum, wann se schonn mat 3 Méint mussen friembetreit ginn.

Méi Elteren, manner Staat

Liest och:

En Appel zum Mammendag un all eis Politiker vun haut a vu muer: Gitt eise Kanner hir Mammen erëm!!!, vum Michel A. Mathias

Gewalt in der Schule, ein Randphänomen? vum Michel. A. Mathias

 

Agenda


Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat : dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren

Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindes nei Artikelen

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

9 thoughts on “Congé parental: Virdeel fir jiddereen?

  • 30 janvier 2017 à 20 h 06 min
    Permalink

    Wann d’Erzéiung vun de Kanner just aus der Perspektive vun den Erwuessenen gesinn gëtt, da kënnt dat dobäi eraus wat mir elo hunn.
    Wéi ass et fir Kanner wann se vu Moies bis Owes dorëmmer verfracht ginn, wa keen Zäit fir si huet ? Wéi fillen si sech wuel dobäi?
    Si sinn dat schwächste Glidd an der ganzer Ketten a kënne sech net wieren, si mussen déi Emstänn erdroen déi mir Erwuessener fir si parat halen.

    Répondre
  • 31 janvier 2017 à 7 h 40 min
    Permalink

    Ech fannen et och immens wichteg, datt Elteren méi bei de Kanner kéinten bleiwen awer dat ass effectiv e Luxus.
    Fir de conge parental kennen ze huelen hun ech miessten main pret vum haus stoppen well ech nemen 30 stonne woch schaffen an dofiir ebben och net daat krutt waat ebben normal ungefeier eran kennt
    Natiirlech ass een freu daat et cp iwwerhaapt geht awer et gen definitiv extrem vill suen vir check de service vir an der creche ausgin ,dei keint een awer dei eischt joeren grad esu senvoll un mamen gin
    Well das vir kanner ganz secher vun virdeel an och mamen mussen net baal 24 stonnen hin an hier laafen vir teschend beruf haushalt an kanner iergendweis halefwegs kloer ze komen an jidderengem bessen gerecht ze gin
    Natiirlech hun mer andems kanner mei an crechen gin eng hort problemer geleist punkto arbeschtsplatzen , laid gin mei angestalt vir crechen platzen an maison relais mais op lang dauer denken ech geht daat krankenkeesen mei deier

    Répondre
  • 31 janvier 2017 à 10 h 11 min
    Permalink

    Effektif, genau dat bréngt et op den Punkt! Hei am Land zielt däin Job 85 % an deng Kanner dierfen knapps 15 % Zeit anhuelen… net nëmmen eis Kanner leiden dorënner. Mä och als Elteren, et fillt een sech net als vollwäerteg Mama oder Papa. Permanent muss een en schlecht Gewëssen hunn, friem Leit treffen permanent Entscheedungen fir deng eegen Kanner, als Mama oder Papa gëtt een carrément iwwergaangen…
    Zäit ass Geld, schéin an gudd… Mä d’Kanner snin bekanntlecht just eemol kleng an et verpasst een einfach Alles. Et ass frustrant an traureg…

    Répondre
  • 31 janvier 2017 à 20 h 29 min
    Permalink

    Also, dozou muss ech soen ech fannen dei nei Reform super. Endlech ginn déi di 100% schaffen och dofier unerkannt. Kloer, hunn déi di net vill verdéngen an net sou vill schaffen, lo ënnert dem Strich manner, mä ech ginn net fir näischt sou vill schaffen … an 1700 as net méi realistech wann een ob sengt Haus muss bezuelen asw… datt Kanner méi opfälleg sinn an de Schoulen, haalen ech fir ganz groußen Quatsch mä bon, muss jo ëmmer ee Grond gesicht ginn … ausserdem schafft déi nei Reform mat villen Banken zesummen wou een gehollef kritt also sou schlecht as daat ganzt guer net. An, jo kloer, ech fannen et och verréckt waat ech muss ausginn fir Crèche an géif fir dat Geld och léiwer méi doheem bleiwen, mä gutt, ech kennen awer och Elteren, déi am congé parental hier Kanner nach an Crèche ginn, bei all Respekt, dann misst daat awer och verbueden sinn oder Leit déi NET schaffen ginn, Kanner 5 Deeg Woch an d’Crèche an dat nach fir ee Minimum un Geld an ech muss mech domm bezuelen well ech Geld verdéngen … also fannen, do misst mol méi geschafft ginn ansonsten fannen ech awer och 100% soll 100% gutt ausbezuelt ginn an 75% ob 75% asw… as meng Meenung !

    Répondre
  • 1 février 2017 à 20 h 03 min
    Permalink

    Ech hat ni Chance op e Congé parental a meng Kanner sinn awer gesond, gutt betreit a virun allem glécklech obgewues. Si sinn et nach haut. Si hunn och keen Trauma well ech no 3 Méint rëm deelweis schaffen gaangen sinn.
    Et hängt alles vun enger gudder Organisatioun of. An wann et engem sou wichteg ass während den éischten Joeren bei senge Kanner ze sinn, dann muss een daat viidrun och finanziell aplangen. Et gëtt keen gezwongen rëm direkt schaffen ze goen. Ech perséinlech kruut démols déi Chance net, bezuelt ze ginn fir méi laang doheem ze bleiwen ….

    Répondre
    • 4 février 2017 à 14 h 12 min
      Permalink

      Madame Boentges, deelweis schaffen ass jo och eng gutt Alternative a mir fannen, déi misst onbedéngt vill méi ënnerstëtzt ginn. Mir gesinn de Problem, bei ganz Deeg schaffen, wou d’Elteren an d’Kanner net vill Kontakt kënnen mateneen hunn. An et ass awer dat, wat gefërdert gëtt, obwuel de Minister Meisch, mir perséinlech gesot hat, hallef Deeg, wär ideal. Eng Familljepolitik muss och gesinn, wéi d’Leit hiren Alldag geréieren an dat ass mat 40 St/Woch, wann ee Kanner huet, bestëmmt ganz schwiereg.

      Répondre
      • 16 février 2017 à 20 h 30 min
        Permalink

        Ech ginn aech ganz recht, dass deels schaffen méi muss ënnerstëtzt ginn. Mä ech fannen glaeichzäiteg, dass een als Mamm misst finanziell entschiedegt ginn fir di Oarbescht déi een doheem leescht wann een sech dofir decidéiert ganz doheem ze bleiwen, well et ass 24/7 Oarbescht! An di Hausoarbescht matt de Kanner muss virun allem als Solch unerkannt ginn. De Fait dass d’Männerwelt nach ëmmer decidéiert waat Oarbescht as, a waat net, a waat derwäert ass, méi oder manner remunéréiert ze ginn, beweis,t dass mer als Froaen nach wäit ewech vun der Emanzipatioun sinn, déi engem jo eigentlech de Choix soll loossen wéi ee well säi Liewen gestalten. Daa gellt iwwregens fir Männer a Froaen. Béid Geschlechter hunn allzeoft net de Choix, a wann et ëm d’Erzéiung vun de Kanner geet, mussen d’Elteren kënnen decidéieren wéi, wou, wéi oft se hier Kanner wëllen betreien loossen (wann iwwerhaapt) a net ee friemen Politiker, deen net onbedéngt d’Wuel vun de Kanner am Kapp huet. Dofir as d’Erzéiung vun de Kanner vill ze wichteg, a gëtt awer leider ëmmer méi zur Masseneinrichtung wou d’Kanner als Individuuen ze kuerz kommen. Traureg mä wouer…

        Répondre
        • 27 février 2017 à 23 h 00 min
          Permalink

          Ah, kréien déi Mammen, déi nach 40 Stonnen an der Woch schaffen, Haushalt a Kanner hunn, och méi an der Paie dann!? Déi hunn och een 24Stonnen Job an daat vergësst jiddereen… ech hun alt bis Moies 2 Auer, mäi Stoot gemaach an sinn um 6 Auer rëm op der Fréischicht gewiecht… an ech muss schaffen goen well mer soss net iwwer d’Ronnen kommen, sinn säit 10 Joer a keng Vakanz gewiecht an hunn 2 kleng Autoen, well hei d’Busverbindung net klappt… sou ech well dann w.e.g méi an der Paie!

          Répondre
  • 5 juin 2018 à 21 h 00 min
    Permalink

    Ech sinn am Moment nach am cp, an mir kraust et, rëm schaffen ze goen, dann huet meng Maus 8 Méint. Ech ginn 20 Stonnen schaffen an meng Kanner ginn dann zesummen 45 Stonnen an Créche resp an MR. Mir kraust et virun deem Gerenns wat op eis duer kënnt, deem Groussen seng Aktivitéiten no der Schoul, falen wahrscheinlech flach well dat zäaitlech alles net méi raus geet. 20 Stonnen schaffen vir eng normal Pay- Auto deen all Dag kascht, km mécht, verschleisst, eng kleng Maus, déi Moies scho gestresst gëtt, den Dag ass nach net un. Verstitt mech net falsch, si frou op menger Aarbecht, awer meng Kanner si mir eigentlech méi wichteg…

    Répondre