mère et fille« Bemutterung ist out… »

Um Neijoerspatt vun der DP huet d’Ministesch da gesot, wéi d’Regierung, esou vill Guddes an der Familljepolitik gemaach hätt. Fir verschidden Elteren, jo, villäicht. A fir di aner? Dass et eng Politik ass, déi diskriminéiert an net all d’Elteren, resp., all Kand respektéiert, dovunner gëtt net geschwat…

Dass di eng de Congé parental bezuelt kréien an di aner mat eidlen Hänn do stinn, dovunner gëtt net geschwat, obwuel et eng Kéier geheescht hat: « All Kand ass eis d’selwecht Wäert« .

All Kand entwéckelt sech anescht, all Kand huet säin eegene Rhythmus. A wat fir dat eent Kand fërderlech ass, kann fir dat anert dramatesch Konsequenzen hunn. Muss dann net, all Kand an deenen éischten Joeren, wou et sech opbaut, wou d’Fundament vun senger Personalitéit geschafe gëtt, wou et soll säin Equiliber fannen, dee Kader gebuede kréien, deen genau him entsprécht? Awer:

« Bemutterung ist out, Fremdbetreuung ist in.
Wir bezahlen beinahe jeden um nach den Kindern zu schauen,
ausser ihre Mütter
 » (Peter S. Cook)

Demokratie heescht, all Elteren an hirer Tâche ze hëllefen. Demokratie géif hei heeschen, den Elteren, de Choix loossen an all Choix z’ënnerstëtzen.

Heiansdo entscheeden just e puer Honnert Euro am Mount doriwwer, ob eng Fra muss schaffe goen oder net, fir datt d’Famill iwwer d’Ronne kennt (ëmmerhinn kascht et jo och vill Geld seng Kanner an d’Crèche oder bei d’Dagesmamm ze ginn, do ginn also och rëm Sue verluer). Pensiounsofsécherungen oder Allocatiounen géifen der enger oder anerer Fra d’Entscheedung doheem ze bleiwen méi liicht maachen (sou wéi dat bis viru kuerzem mat der allocation d’éducation de Fall war). Virun allem geet et awer dorëms, wéi wichteg et ass, dass d’Kanner an den éischten 3 Joer an am beschten nach doriwer raus, kënnen a Rou doheem opwuessen. Wat ech aus de Crèchen a Maisons Relais’en héieren a liesen (meeschtens vun Educatricen, déi do schaffen) léisst mer d’Hoer zu Bierg stoen. Et ass fahrlässeg an irresponsabel vum Staat, déi aktuell Richtung bäizebehalen. » (Marie-Claire Wenkin-Philippe)

Ass et richteg, nëmmen déi eng z’ënnerstëtzen an déi aner net? Et geet ëm Suen, déi di eng kréien an di aner net. Et geet awer och ëm de Prinzip. An enger Demokratie huet all Mënsch d’Recht, selwer säin « projet de vie » ze decidéieren. An hei, an esou enger fundamentaler Fro, wéi den Equiliber vun engem Kand, däerf et d’Diskriminatioun net ginn.

Wou bleiwen dann d’Elteren als Betreier?

Aner Länner haten eis et scho virgemaach. A mir bretzen eis, dass mir elo modern sinn an fir de Kanner hir Zukunft suergen...

Awer… di skandivanesch Länner, déi massiv, d’Kanner an de Crèchen ënnerbruecht haten an d’Mammen op den Aarbechtsmaart geschéckt haten, sinn vun hirer Politik erof. Ze vill Gewalt, ze vill Ongléck, ze vill Suiciden – scho bei Kanner – ze vill Kanner, déi d’Schoul ofgebrach hunn, waren d’Konsequenzen vun där Familljepolitik.An esou seet et ganz däitlech, den Michaël Gorbatschov, fréieren Präisident vun der Sowjetunioun:

Heute engagieren sich die Frauen in der wissenschaftlichen Forschung, sie arbeiten auf Baustellen, in der Industrie und haben daher nicht mehr genügend Zeit um ihren täglichen Pflichten zu Hause nachzukommen – dem Haushalt, die Erziehung der Kinder und der Schaffung einer familiären Atmosphäre. Wir haben erkannt, dass viele unserer Probleme – im Verhalten vieler Kinder und Jugendliche, in unserer Moral, der Kultur und der Produktion – zum Teil durch die Lockerung der familiären Bindungen und die Vernachlässigung der familiären Verantwortung verursacht werden. Dies ist ein paradoxes Ergebnis unseres ernsthaften und politisch gerechtfertigen Wunsches, die Frau dem Manne in allen Bereichen gleichzustellen. » (aus dem Buch: « Kinder brauchen Mütter » vum Hanne K. Götze, Ares Verlag).

Mir soen net, et dierf keng Mamm méi schaffe goen, mä et gëtt dramatesch, wann all Mamm, quasi obligéiert gëtt, hiert Kand an friem Hänn ze ginn. Sou seet et dann och den Michael Gorbatschov: « Die Kollektiverziehung war es, die uns zerstört hat.«  Soll dat, de Modell fir d’Zukunft sinn?

Isabelle Schmit-Mines

16.01.2017

 

Liest och op dësem Site:

Iwwert de Choix vum fräien Bierger, e Lieserbréif vum Marie-Andrée Faber-Schanen

Den Herbert Renz-Polster ass Invité bei der Ouverture vum psycho-edukativen Zentrum Mamerhaff

Kinder brauchen Mütter

De Staat als Elteren

Agenda

2 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

One thought on “« Bemutterung ist out »

  • 6 janvier 2018 à 17 h 42 min
    Permalink

    Dat schéinst wat e Kand kann hunn, ass eng gebuergen, mat vill Léift an ouni Stress gefëllte Kandheet. Kanner sinn eis Zukunft. Wann e Bam keng staark Wuerzele ka schloen, well en als klenge Bam ëmmer gerësselt a verplanzt gëtt, kann en nimools e grousse staarke Bam ginn.

    Répondre