goetze, Kinder brauchen Muetter« Kinder brauchen Mütter«  vum Hanne K. Götze, mat engem Virwuert vum Wolfgang Bergmann

D’Buch ass e Plaidoyer fir d’Mammen, e Plaidoyer, dat eis ëmmer nees drun erënnert, wéi dat zart Wiesen, de Puppelchen, esou vill vun senger Mamm, vun hirer Léift, vun hirer Präsenz ofhängt. Räich un Informatiounen an un Hannergrondinformatiounen, léisst een dëst Buch net esou séier aus der Hand. Ganz feinfühleg,erklärt eis d’Hanne K. Götze, wéi wichteg, d’Mamm-Kand Bezéiung ass, wéi dat ganzt Wiesen, de ganze Kierper, wéi d’Häerz vun enger Mamm alles an sech huet, fir dat Kand, wat si kritt huet, op di beschten Aart a Weis, an d’Liewen eranzebegleeden. Mä, dës, esou wichteg Bezéiung, gëtt an eise Géigenden ermoossen ënnerschätzt an ëmmer manner unerkannt.

Sinn d’Mammen ersetzbar ginn?, freet d’Hanne K. Götze. Aner Leit kënnen engem Puppelchen z’iessen ginn (wann d’Nieren net méi richteg ënnerstëtzt gëtt), anerer kënnen mat ëm schwätzen, anerer kënnen et op den Aarem huelen. Sou, wéi mer dann haut gesot kréien, d’Betreiungsstrukturen wären gutt fir d’Kand, kënnt dann elo lues a lues d’Meenung erop, eng Mamm wär tatsächlech ersetzbar…

E Puppelchen, deen awer net genuch „Mamma“ huet, spiert eng Sehnsucht an sech, déi en säi Liewe laang ka belaaschten.

Fir d’Hanne K. Götze, ass di Aggressivitéit, vun där mer och ëmmer méi an de Schoulen héieren, Kanner, déi ronderëm sech schloen, Material futti machen, sech selwer d’Hoer ausrappen, asw, eng Konsequenz vun ze fréier an ze laanger Friembetreiung.

Eng aner Konsequenz kann och di Passivitéit sinn, déi mer bei Jugendlecher ërëmfannen, Jugendlecher, deenen alles egal ass, sou wéi se mol ausgesinn. Dem Hanne K. Götze geet et net drëms, e schlecht Gewëssen ze maachen, si weess och, dass d’Elteren oft keen aneren Choix hunn, wéi hir Kanner an eng Betreiungsstruktur ze ginn.Hir Suerg ass, dass mer bemol an engem System dra sinn, deen op eng Kéier ganz séier ka generaliséiert ginn.

es geht mir darum, aufzuklären und zu warnen vor einem Betreuungssystem, das, wenn es zur Norm wird, den Kindern, den Müttern und den Familien, nicht bekommt – und dass damit, wenn man diese Zusammenhänge zu Ende denkt, auch unserm ganzen Volk nicht zuträglich ist. Es geht mir darum, dass wir Erwachsenen aufwachen und unsere Kinder vor kinderfeindlichen Tendenzen in unserer Gesellschaft schützen. »

Si selwer ass an der DDR opgewuess, do, wou di meeschte Kanner an enger Betreiungsstruktur waren (si waren net obligatoresch, mä „et war eben esou“).

Deen Dag, wou dat klengt Hanne an d’Crèche komm ass, vergësst si ni. Obwuel hatt schonn 2 ½ Joer al war, war et fir dat klengt Meedchen e schwéiere Broch an eng onschëllesch, frou Kandheet. Hatt huet net verstanen, firwat seng Mamm bemol fort war, firwat hatt beemol esou eleng do stong. Natierlech, sinn d’Educatricen haut méi léif mat de Kanner, wéi fréier, mä getrennt ze sinn vun senger Mamm, war fir dat klengt Kand ganz schlëmm. Et konnt nach just kräischen, et konnt net spillen, et konnt net iessen.

An Hand vu ville Beispiller, vun konkrete Fäll, vu villen Referenzen op Psychiatren, Pediatren, déi honnerten an honnerten Fäll analyséiert hunn, gëtt d’Hanne K. Götze eis e ganz kloere Message: mir mussen neess an eiser Gesellschaft unerkennen, dass d’Mamm, fir e Kand dat Wichtegst ass: « Warum Muttersein keine Rolle, sondern eine Notwendigkeit ist«  sou heescht e Kapitel am Buch.

Wéi si selwer Mamm gouf, war kloer, fir si a fir hire Mann, dass si sech selwer géif ëm d’Kanner këmmeren. Wat si elo schockéiert, ass, dass hei am Westen, geschwënn dat selwecht geschitt wéi an der DDR.

An all eis Fërder-, Sproochen-, Sozialprogrammer, kënnen näischt bréngen, wa mer net dem Kand säi Rhytmus, seng Individualitéit respektéieren. Di riets Hemisphäre (zoustänneg fir d’Emotiounen, d’Intuitioun) entwéckelt sech fir d’éischt, duerno eréicht, di lénks Hemisphäre. Gëtt dat engem net ze denken?

A wann mer schonn beim Thema Intelligenz sinn, déi eis Ministren jo och wëllen mat alle Weër fërderen, bréngt d’Hanne K. Götze nach konkret Beispiller vu Kanner, wou se sech freet, ob d’Intelligenz wierklech méi am Grupp gefërdert gëtt…

Kinder brauchen Mütter vum Hanne K. Götze (Arès Verlag) Suite>>

(09.01.2017)

 


Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

2 thoughts on “Kinder brauchen Mütter

  • 4 mai 2018 à 19 h 25 min
    Permalink

    De Ben, 5 Joer, war mat senger Bomi n der Natur an si hunn d’Blumme gekuckt. « DNatur ass Magie », sot en. D’Kanner spieren eppes wat iwwer eist Gehiir ewech geet.

    Répondre
  • 23 mai 2018 à 9 h 57 min
    Permalink

    Natur ist alles, was der Mensch nicht geschaffen hat

    Répondre