D’Experten hu gesot…famill3

D’Experten hätte gesot – sou huet et den Educatiounsminister, en Donneschdeg, den 24.11.2016 an der Chamber declaréiert – et wär fir kleng Kanner kee Problem ganz schnell, eng friem Sprooch ze léieren!

D’Sproochenexperten schwätzen sech dofir aus, an ënner gewëssen Conditiounen ass et och woer.

Mä, Här Minister, hutt Dir dann och di aner Experten gefrot?

Hutt Dir mam Murielle Lemvoka, Orthophonistin, geschwat?« mat engem Joer ass d’Sprooch nach an engem Stadium deen immens fragile ass, an d’Kand leescht eng enorm Aufgab, déi Wierder ze verstoe léieren, Konzepter ze ergräifen (dat ass e Stull, dat ass en Dësch,…), an lues a lues déi Wierder och ze reproduzéieren. Et ass fir mech ee schlechten Zäitpunkt mat enger zweeter Sprooch unzefänken. Ech ka mir virstellen, datt et d’Kand méi destabiliséiere géif wéi soss eppes. An et huet net onbedéngt dofir besser Chancen fir herno déi Sproochen gutt ze kënnen. Am Géigendeel. »

Hutt Dir, Psychothérapeuten, wéi d’Caroline Zintz, consultéiert: « Les enfants n’ont pas de difficultés pour apprendre. Ils sont des génies. Mais, la base fondamentale pour apprendre est la dose d’amour qu’ils reçoivent. Si la dose est bien comblée, alors ils sont prêts pour explorer ce qui se passe autour d’eux. Mais vouloir forcer à tout prix, l’apprentissage de plusieurs langues dès la petite enfance, forcer à tout prix la socialisation, pour que l’enfant ne soit pas timide, forcer l’instruction, etc., est un leurre : l’apprentissage, la socialisation se feront tout naturellement si l’enfant a autour de lui les personnes qui l’aiment et en lesquelles il peut avoir confiance. »

Hutt Dir d’Buch vum Céline Alvarez, « master en sciences du langage » gelies: « Les lois naturelles de l’enfant »

 « Les experts du développement de l’enfant sont aujourd’hui très clairs: les deux premières années sont réellement capitales. Le secret, c’est l’amour… L’amour n’est pas le premier mot qui vient à l’esprit lorsque l’on aborde le sujet de l’apprentissage, et il s’agit d’une erreur fondamentale… L’amour est le levier de l’âme humaine ».

Hutt Dir den Dr Brisch consultéiert? Bindung geht vor Bildung“: Die Ergebnisse zeigen, dass sich das Risiko für eine unsichere Bindungsentwicklung nur dann erhöhte, wenn die Zahl der Fremdbetreuungsstunden hoch war, das Kind, also schon im ersten Lebensjahr, viele Stunden in er Krippe fremdbetreut wurde., wenn Pflegekräfte ständig wechselten.“ 

Hutt Dir mat Educatricen aus de Crèchen geschwat?, wéi zum Beispill, d’Brigitte: « Esou däerf et net weidergoen! Bei engem Grupp (3 Méint-2 Joer), mat 21 Kanner ass Kaméidi, Stress, an Bëbeeën hu keng Rou!!

E Message un eis Politiker: Et geet ëm Kanner! Wgl, lauschtert den Educatricen no, si ginn Iech deen Abléck an hir Aarbecht, deen d’Realitéit eriwwerspigelt….. Si sinn 8-10 Stonnen um Terrain, Dir net.http://www.famill.lu/?page_id=3589

An dEducatrice J., déi eis hiren Temoignage ginn huet: « Ech schaffe selwer an enger Maison Relais an hunn do all Dag mat ville Kanner ze dinn, déi net méi dat kréien, wat si brauchen. Dorop reagéieren dës Kanner: permanent Kläppereien an Aggressiounen. Ouni Ursaach gëtt op aner Kanner ageschloen. Mä dat ass net ouni Ursaach, just kënnen di aner Kanner net dofir. Allerdings och net déi Kanner, déi sou verhalensopfälleg sinn. Si weisen eis just dass si onglécklech sinn….. »

Hutt Dir mat Léierinnen geschwat, wéi z.B. d’Isabelle? « Eng gefestegt Mammesprooch ass d’Basis fir d’Léieren vu weideren Sproochen.« http://www.famill.lu/?page_id=701

Sidd Der Iech bewosst, dass a Schweden, d’Psychopharmaka säit dem Joer 2000 bei de Mammen ëm 400 % gestiegen ass ? Dass méi Suiciden, méi « tentatives de suicides », méi Depressiounen ze verzeechne sinn?

Hutt Dir d’Interview mat der däitscher Sozialpädagogin, Katrin Bauer, gelies, déi dat hei seet: « … der Stress der Trennung bleibt. Es wäre besser, die Kinder könnten während der ersten drei Jahre bei ihrer Mutter bzw. in ihrer Familie bleiben. Das müsste ohne jeglichen finanziellen Druck möglich sein. Es wäre besser, unmittelbar in die Familie zu investieren – als in Einrichtungen. (Fondation « Für Kinder ») http://www.fuerkinder.org/kinder-brauchen-bindung/aus-erfahrung-praxisbeitraege/601-ich-kann-und-will-das-nicht-mehr

Här Minister, duerch di vill Temoignagen gesitt Der, dass mer un engem Punkt ukomm sinn, wou et net esou ka weidergoen. Ee Kand ass anescht wéi dat anert, a wat fir dat eent fërderlech ass, ka fir en anert, dramatesch Konsequenzen hunn.

D’Madame Familljeministesch hat eng Kéier gesot: „All Mamm wëll fir hiert d’Kand dat Bescht“: wann ech gelifft, dann ënnerstëtzt d’Mammen an hirem Choix, dass se dat kënnen ëmsetzen, wat hinnen um Häerz läit. Ier et fir eis Gesellschaft ze spéit ass…

Mat respektvolle Gréiss

Isabelle Schmit-Mines

05.12.2016

Liest och den Temoignage vum J., Educatrice: « Ech kann net méi »

 an d’Buch: « Kinder brauchen Mütter » vum Hanne K. Götze

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *