« Ech kann net méi… »

 

Témoignage vum J., Educatrice

D’J. hat de Bréif geschriwwen: « Wat di mer eise Kanner un? », deen op RTL; am Tageblatt an op Famill.lu publizéiert gouf.

« Et ass mir säit dem Bréif ëmmer méi schlecht op der Aarbecht gang, hunn et ëmmer manner gutt verdroen, dat Ganzt. Souwuel wat mat de Kanner geschitt wéi och d’Personal, wat do schafft. Sou vill Läit, déi méi un hirem Handy wéi un de Kanner interesséiert sinn. Déi guer keng Loscht hunn, iergend eppes ze maachen. E permanente Wiessel vum Personal, ganz schlëmm. Abee, ech hunn mech entscheed, ze kënnegen.

Mä all Dag sinn ech frou, dass ech do eraus sinn a bedaueren déi aarme Kanner, déi mussen vu fréi bis spéit an dem Kaméidi sinn. Ech fäerten zwar, et ass definitv net méi erwënscht, dass eng Mamm oder e Papp, doheem no senge Kanner kuckt. D’Konsequenzen sinn net ofzegesinn…»

05.12.2016

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *