Chrëschtdag, dat Fest, dat di meescht vun eis gären hunn, dat Fest, op dat d’Kanner voll Opreegung waarden.

Chrëschtdag, di Traditioun, déi mer net wëlle mëssen.

Chrëschtdag, di Traditioun, déi méi wéi je wichteg ass an dëser ongwëssener Zäit. Wichteg fir d’Kanner, deene vill Repèren ewechgeholl ginn. Wichteg, iwwerhaapt fir eis Mënschen, well mer Repèren brauchen fir eis am Liewen erëmzefannen. Mir brauchen se fir eis Plaz ze definéieren, fir ze wëssen, wat an eisem Liewen wichteg ass an déi Richtlinn ze behalen.

Chrëschtdag, eis Traditioun, déi mer onbedéngt mussen bäibehalen, egal wat e gewëssenen Trend eis wëll virschreiwen.

Mee, wat spiere mer bei Chrëschtdag? Geet et duer, eis Cadoen ze verschenken, e schéinen Dësch ze preparéieren, gutt z’iessen? Duerfir brauche mer kee Chrëschtdag!

Neen, Chrëschtdag spiere mer eppes ganz Besonneches. An d’Kanner sinn speziell sensibel op hir ënnerlech Stëmm, déi hinne seet, dass do eppes Magesches existéiert, eppes, wat eis depasséiert.

Mir spieren et jo och bei aner Evénementer an eisem Liewen: firwat si mer zu Tréine beréiert, wa mer e Puppelche gesinn? Firwat ass eist Häerz esou voll vu Léift wa mer d’Laachen vun engem klenge Kand gesinn? Firwat si mer faszinéiert vun engem liichtegen Stäerenhimmel oder vun engem wonnerbaren Sonnenopgang oder Sonnenënnergang?

Et ass dat, wat mer a Chrëschtdag erëmsichen: dat Grandiost, di Zougehéiergkeet zu enger Harmonie, zu enger Léift, déi iwwer eis geet. Duerfir feiere mer jo och Chrëschtdag mat deene Mënsche, déi eis am Nootsten stinn.

De Mënsch ass kee Roboter, dee gesteiert gëtt, deen nëmmen rationell an eng Schinn gedréckt gëtt, wou d’Gefiller näischt ze sichen hunn.

Nee, mir sinn Mënschen mat Gefiller, mat Léift, mat Empathie, mat Bienveillance vis-à-vis vun anere Mënschen. All Mënsch huet e gewëssenen « sens du sacré », wéi den Frédéric Lenoir et esou schéin seet*. Et sinn déi Elementer, déi eis als Mënsch differenzéieren.

A mir däerfen se net opginn, soss ass et dramatesch ëm d’Zukunft vun eise Kanner, ëm eis Welt bestallt.

Looss mer déi Léift, déi Freed, déi mer an eis spieren, weider-a weiderginn: iwwerleeë mer, wat mer alles kënnen erreechen, wann een deen aneren ustécht – méi gesond wéi e Virus!!

Duerfir wënsche mer iech, ganz schéin Deeg, Deeg, wou d’Léift an d’Harmonie, Iwwerhand hunn.

Och fir dat Neit Joer, wënsche mer, dass d’Welt nees e Liichtbléck kritt.

Isabelle Schmit-Mines

21.12.2023

*“L’Odyssée du sacré“, Frédéric Lenoir (Editions Albin Michel)

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *