Vergangenheet?

Stellungnahm zu 2 interessant Reportagen di rezent um Site vun « Science.lu » publizéiert goufen.*

Wann een d’Artikele liest, gesäit een, dass, verschidde Punkte net erfiergehuewe ginn, an dass d’Vue op d’Thema Kannerbetreiung verfälscht gëtt, zu Gonschte vum aktuelle Modell, awer net zu Gonschte vun de Kanner selwer .

1. Zum Thema Elterecongé: d’Statistik seet kloer, dass vill Pappe mëttlerweil vum Elterecongé profitéieren. Wat awer net gesot gëtt, ass, dass di fraktionéiert Formel, vun 8 St. /Woch, dem Kand net onbedéngt vill, fir eng besser Bindung zum Papp bréngt. Et ass 1 Dag pro Woch manner an enger Friembetreiung, awer wéi vill hëlleft et dem Papp an dem Kand, duerch deen een Dag, eng besser Bindung zueneen opzebauen? Wéi vill hëlleft de fräien Dag dem Papp, sech komplett sengem Kand ze widmen, ouni dass dat de „Bomi-Bopi Besichdag“ oder „Dokter-Kiné-xyz…RDV Dag gëtt“, deen dann eng Zweckentfriemung mat sech bréngt, well et eventuell deen eenzegen Dag an enger Schaffwoch ass, wou sech dat arrangéiere léisst?

De Vergläich ass gemaach ginn, tëschent dem alen an deem neien Elteregeld. Wat awer net kloer erausgehuewe gouf, ass, dass sech beim alen Elteregeld (also, de fixe Montant, deen Eltere krute fir beim Kand ze bleiwen), Steier an Sozialkäschte fräi war. Deen Deel gouf vum Staat iwwerholl an abezuelt. Mam neien Elteregeld ass et keng Kompensatioun méi, mä en Ersatzgehalt mat alle Konsequenzen.

2. Ënnert dem Punkt, wat d’Virdeeler vun der Kannerbetreiungspolitik zu Lëtzebuerg sinn, gëtt ee Punkt opgelëscht, dee leider verschéinert duergestallt ginn ass.

Sie ist vorteilhaft für berufstätige Eltern, insbesondere für Mütter (Bousselin, 2022). Dies könnte die Gleichstellung der Geschlechter fördern, da die traditionelle Arbeitsteilung verringert wird und beide Elternteile ihre beruflichen und familiären Aufgaben besser vereinbaren können.“

Zwar huet eng Fra mëttlerweil gläich Rechter wéi e Mann, verdéngt hiert eegent Geld an huet di selwecht Fräiheeten – trotzdem si mer nach wäit ewech vun enger gläicher Rolleverdeelung a gläiche Salairen (wou Fraen oft manner verdéngen wi Männer, am gläiche Beruff).

Di gläich Verdeelung vun allen Aufgaben op d’Koppel ass nach net ukomm a brauch sécher nach. Mä souguer wann et esou wier, läit et an der Natur vun der Fra, als Mamm, dee méi sozialen an feifillegen Deel z’iwwerhuelen, vis-à-vis vum Mann. Et gëtt kee Gläich, mä en Ergänzen!!

Vu Natur aus, këmmert sech eng Mamm éischter prioritär ëm hiert klengt Kand wéi dass si sech dem Beruf wëll zouwennen. Dass d’Fra, aus Notzen fir d’Wirtschaft (a mat richtegem Hiweis op de Koalitiounsvertrag vun Lissabon), aus dëser Roll erausgedrängt gouf, doriwwer gëtt kaum e Wuert verluer – vun der Mann-ofhängeger Hausfra an d'(finanziell) onofhängeg Businessfra mat Kannererzéiung ledeglech nach niewelaanscht.

Déi di dodrënner leiden, sinn d’Kanner, déi mëttlerweil heefeg, weder de Papp nach d’Mamm, méi wéi e puer kleng Stonnen pro Dag ze gesi kréien. An dësem Sënn kann ee net vu Verréngeren vun Aarbechtsdeelung schwätzen, mä éischter vu vergréissertem Aarbechtspensum.

Well och, wann op där enger Säit eppes derbäi komm ass, ass op där anerer Säit nämlech keng Reduktioun komm. Kanner verlaangen onverännert vill vun hieren Elteren, a brauchen dat selwecht, haut wéi deemols.

Wa fréier d’Eltereroll war, dass de Mann schaffe goung an d’Fra doheem bei de Kanner bliwwen ass, huet sech elo dozou gewandelt, dass béid Elteren heefeg Vollzäit schaffe ginn, kee bei de Kanner doheem ass, dass d’Kanner hir Eltere just nach um Feierowend gesinn, an d’Elteren allebéid niewend deem Berufflechen nach villes op der Leescht hunn. Vu Vereenbarkeet si mer soumat nach wäit ewech, well de Score fällt an dësem Modell nämlech 8 zu 2 aus: 8 Undeeler un Zäit vun den Elteren fir d’Aarbecht, an 2 Deel fir d’Kanner.

Méi Elteren, manner Staat

19.11.2023

*1. „Die Entwicklung des Elternurlaubs in Luxemburg aus Sicht einer Wissenschaftlerin“

https://science.lu/de/familie-und-beruf/die-entwicklung-des-elternurlaubs-luxemburg-aus-sicht-einer-wissenschaftlerin

*2. „Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg“

https://science.lu/de/familie-und-kinder/vor-und-nachteile-der-allgemeinen-kinderbetreuung-luxemburg

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *