Däitlech méi ?

« Däitlech méi«  ass d‘Schlagwuert vun der DP op dem Propagandabliedchen, dat an eis Boîte geflunn koum.

Däitlech méi Kafkraaft ?

Richteg ass, datt net nëmmen vum neien Congé parental ausschliesslech Elteren profitéieren, déi allen zwee schaffen gin.

Souguer déijéineg, déi wéinst der Erzéiung vun hiren Kanner nëmmen hallefdags berufstäteg sinn, an duerfir eigentlech op eng besonnesch Hëllef ugewisen wären, fir iwwert d‘Ronnen ze kommen, hunn, wann een d‘Steieren an déi sonsteg Abgaben ofrechent, en

däitlecht méi grousst Lach am Porte-Monnaie,

wéi virdrun. Dat konnt een e puermol um Radio an an den Norichten héieren.

Ass dat nëmmen e Rechefeeler, oder steet dohanner d‘Absicht, datt d‘Elteren sollen nach méi ausser Haus schaffen gon?

Wou bleift do di sozial Gerechtegkeet ?

Däitlech méi Zäit fir d‘Famill ?

Als Paradebeispill steet do, dat een och kënnt an Zukunft een Dag an der Woch fräi huelen…

Fir mech bedeit et, datt dann e Bebe vun dräi Méint, nach just d‘Recht huet, seng Mamm, 1 vun 5 Schaffdeeg an der Woch fir sech ze hunn, an also an deem Fall muss

Däitlech méi Zeit an der Crèche

verbréngen.

Däitlech méi Chance fir d‘Kanner ?

Ass et net zynesch ze behaapten datt Elteren sech net sou gutt ëm hir Kanner këmmeren, net sou individuell op si agoen an si net sou gutt fërderen këinten, wéi dat an enger Betreiungsstruktur de Fall wir!! Do kann een nëmmen soen :

Dätlech méi Stress a Friembetreiung !

Kuckt och : John Bowly: Die Wichtigkeit der Mutter-Kind-Bindung in den ersten Jahren

Marie-Andrée Faber

23.10.2016

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *