BabyEng Äntwert, op eng Diskussioun um Facebook:

Congé parental, am Sënn fir d’Kand?

Net all Kand ass dofir geeegent, mat 3 Méint schonn an eng Friembetreiung ze kommen, net all Famill huet de Choix vun enger gudder Betreiungsméiglechkeet, bei wäitem sinn net all Crèche gutt (heefeg iwwerlueden), an di mannste Kanner si glécklech doriwwer, wa se e ganzen Dag vu Moies 7 bis Owes 6 vun den Elteren an dem Doheem getrennt ginn.

Mir verdäiwele net, mä probéieren et an dat richtegt Bild ze réckelen: di bescht Betreiung fir e Bébé a klengt Kand ass op éischter Plaz doheem(ausgeschloss si Plaze wou d’Kand net gutt ëmsuergt gëtt ouni hei missen den Detail ze nennen). Wann de Choix net ginn ass, da soll d’Infrastruktur wéinstends qualitativ héichwäerteg sinn. Et ass bewisen, dass Kanner ganz vill Stress hunn wa se ze laang friembetreit ginn. A verschidde Faktore verschlëmmeren dat (ze vill Kanner, ze grouss Gruppen, Personal, dat Vierschrëfte krut wéi z.B. d’Kanner net dierfen op den Aarm ze huelen, fir ze tréischten). Dir géifft Iech gruggelen wann Dir hannert verschidden hir Kulisse kinnt kucken. A firwat mir op eng gläich Ënnerstëtzung pochen: Den Eltere gëtt Glawes gemaach, dass d’Kand an der Crèche genee sou gutt versuergt ass, Nee, souguer besser, wéi doheem. Dat ass e kompletten Iertum. Finanziell ass et och net richteg: een, deen d’Kand doheem selwer versuergt, erspuert dem Staat iwwer 2000€/Mount pro Kand, do wier et e Klacks wann de Bäitrag an eng Pensiounskees déi Zäit géif vum Staat gedroe ginn. Mä Dir hutt et och scho richteg erkannt, firwat eppes ënnerstëtzen, wat si (Politiker) net fërdere wëllen. D’Fra ass méi wichteg an der Beruffswelt wéi doheem, an do komme verschidden Hürden och ganz gutt (deiere Wunnengsmaart, als Beispill) dass di meescht sws keng aner Optioun hu, wéi ganzdags schaffen ze goen. Aner Länner beweisen, dass et och aanescht geet: An Dänemark ass de CP net méi laang wéi bei eis, mä d’Mentalitéit an der Beruffswelt eng ganz aner, do ass et normal wann een eng Auszäit hëllt fir d’Famill, oder beim kranke Kand doheem bleiwt, kee gëtt dowéinst gemobbt (wat hei heefeg de Fall ass!). Hei kënnt et heefeg vir, dass d’Kand krank an d’Crèche bruecht gëtt wann de Congé opgebraucht ass a keng aner Optioun an Aussiicht. (Krank Kanner doheem, all Respekt, mä och dat geet net ëmmer).

An nach: wat heescht Vereenbarkeet, wann den Zäitpensum bei engem dee ganzdags schafft deen ass: 85% fir de Beruff an 15% fir d’Kanner?! Do ass keng Zäit fir d’Famill! Flexibel Modeller, Homeworking, an real Familljefrëndlechkeet an der Beruffswelt, dat ass et wat de Staat ënnerstëtze sollt, dat ass et wat den Elteren an dem Kand gutt deet!! (An net dass Betriber eleng musse kucken eens ze ginn!.) De neie Modell vum Congé parental ass villäicht méi flexibel, awer wat huet e Kand dovun, seng Mamm oder säi Papp 1x méi an der Woch ze gesinn an déi aner Deeg praktesch guer net? De Modell sollt als Noutléisung gëllen, mä ass sécher keen Idealfall. Et sinn och eng ganz Partie negativ Saache geännert ginn, wou d’Leit sech nach net bewosst sinn.

Kuckt all déi Saache mol aus der Perspektiv vum Bébé/Kand, wéi géift Dir dat fannen, di 2 Mënschen op dëser Welt, déi Dir am meeschte gären hutt, kaum ze gesinn ausser de Weekend (also 2 op 5 Deeg)?

Zu gudder Lescht: Et ass och net richteg, dass sech just déi di am beschte verdéngen, eventuell kënne leeschten eng Zäit doheem ze bleiwen, et ass net de Verdéngscht, dee soll de Choix ginn – an do ereecht de neie C.P eng Verschlechterung! Souvill zum Thema Sozialstaat…

Wär et net och méi gerecht, dass déi Elteren, déi hir Kanner net an eng Betreiungsstruktur ginn, e Steierboni géife kréien, well se jo soss keng Ënnerstëtzung kréien…?

Méi Elteren, manner Staat

17.10.2016

0 0 0 0 0

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *