Loosst d'Kanner, KANNER sinn!

Loosst d’Kanner, KANNER sinn!

En dréngenden Appell un d’Politik, d’Patronat, d’Decideuren…

2 Temoignagen vun Fraen, déi um Terrain schaffen, weisen, wéi dréngend d’Situatioun sech muss fir d’Kanner änneren:

deen een vum Brigitte, Educatrice: E Message un eis Politiker!

an deen aneren vum Isabelle, Léierin: (On)-Zefriddenheet an den Impakt op d’Schoul!

Lauschtere mer emol deene no, déi all Dag um Terrain sinn mat de Kanner, lauschtere mer den Experten no, déi sech mat der klenger Kandheet auserneen gesat hunn.

Si soen et alleguer: e Kand kann näischt léieren, wann et dem Stress ausgesat ass.

« … en proie au stress, notre organisme libère notamment du cortisol. Le cortisol s’attaque à nos structures cérébrales: le développement de nouveaux neurones est freiné, voire entravé, leurs connexions également, notamment dans les circuits de la mémoire ».

Sou seet et ganz einfach an däitlech, d’line Alvarez an hirem wonnerbare Buch « Les lois naturelles de l’enfant » (Editions Les Arènes).

Eng ze fréi an ze laang Trennung vun den Elteren: bedeit Stress.

Vu Moies fréi, an der Schoul, duerno an d’Maison-relais bis Owes (spéit): bedeit Stress.

Wéini gëtt emol endlech agesinn, dass d’Erzéiung vun engem Kand, net e léiwen passe-temps ass, mä eng liewenswichteg Aufgab fir di ganz Gesellschaft, haut a mar.

D’Politik ass gefrot, onbedéngt, séier eppes z’ënnerhuelen fir dass d’Elteren, reell ënnerstëtzt ginn an hirer Erzéiungsaarbecht. Kee Kand, keng Elteren, halen à la longue dat aus, wat vun hinnen haut verlaangt gëtt.

Entweder, den Elteren de Choix loossen, déi wëllen ganz fir hir Kanner do sinn – an hinnen och eng finanziell Hëllef ginn, sou wéi deenen Elteren, déi vum chèque-service profitéieren – oder travail à temps partiel encouragéieren, travail à domicile. An, firwat net, de Patronen, bei de Soziallaaschten, ënner d’Äerm gräifen, wann si temps partiel ubidden, sou wéi mer et an eiser grousser Ëmfro schonn proposéiert haten.

D’Gesellschaft vu mar gëtt gestaltet vun dene Kanner, déi haut nach kleng sinn. Mä wann si elo schonn dat Fundament net hunn, wat se onbedéngt brauchen, fir sech gesond ze entwécklen, dann ass och keng gesond Gesellschaft méiglech.

Wann alles nëmmen op eng Kaart gesat gëtt, déi vun de Finanzen, ouni den mënschlechen Aspekt ze berücksichtegen, dann hu mer mar vill krank Erwuessener, well se a klenge Joeren, schonn ze vill matgemaach hunn. Well se schonn dunn e Wrack waren.

Da wëll ech net wëssen, wéi et dann fir di zukünfteg Generatiounen ausgesäit.

All Verantwortlechen huet net nëmmen Verantwortung fir elo ze droen, mä och fir mar, an dat geet net ouni d’Kanner!

Isabelle Schmit-Mines

10.10.2016

Liest och an dëser Editioun:

Kindererziehung im 21. Jahrhundert, e Lieserbréif vum Jutta Lux-Hennecke http://www.famill.lu/?p=3597

Gëft fir d’Entwécklung vum Gehiir vum Sarah Bock http://www.famill.lu/?p=3344

Agenda: STEP, FAMILYLAB, HOMESCHOOLING, Service RASSELBANDE

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

4 thoughts on “En dréngenden Appell

  • 11 octobre 2016 à 12 h 56 min
    Permalink

    Daer trefft den Nol op de Kapp. Schaffen selwer 20 Stonnen an enger Maison-Relais a gesinn Kanner déi iwwedréint sinn, oft iwwerfuedert sinn mat eisem Kompetenzsystem. Ofschalten ass bei eis onméiglech och wann maer hinnen Relaxasiounsräim ubidden, ass et net dat selwecht wéi doheem op senger Mëscht mat sengen Elteren an Gesëchter. Hei misst den Choix fir méi doheem ze bleiwen ausgebaut ginn.

    Répondre
  • 11 octobre 2016 à 18 h 14 min
    Permalink

    Dat schéinst wat e Kand kann hunn, ass eng gebuergen, mat vill Léift an ouni Stress gefëllte Kandheet. Kanner sinn eis Zukunft. Wann e Bam keng staark Wuerzele ka schloen, well en als klenge Bam ëmmer gerësselt a verplanzt gëtt, kann en nimools e grousse staarke Bam ginn.

    Répondre
  • 12 octobre 2016 à 7 h 33 min
    Permalink

    Dir schwätzt engem aus der Séil! Wéi gär géif ech och mei bei mengen Kanner sinn, an lo schaffen ech nach just 30St, hunn trotzdeem d’Gefill, ech wier net vill bei hinnen, dann wëll ech mir guer net virstellen wat d’Fraen, déi 40St schaffen, durchman. De Kanner an der Mamm geet et einfach besser, wann sie méi gemeinsam Zäiten hunn, fir Sachen z’ënnerhuelen, ze spillen, etc. Béid Säiten sinn dann einfach éei ausgeglach an manner gestresst! Dat Mënschlecht schéngt haut an eiser Geldregierender Welt, näischt méi Wäert ze sinn.

    Répondre
  • 6 avril 2017 à 13 h 27 min
    Permalink

    Erschreckend:
    L’Essentiel vum 9/03/2017: « Au Luxembourg, on comptait 1,47 enfant par femme en 2015 contre 1,66 en 2001, soit une baisse de 0,19%, une des plus fortes diminutions d’Europe. » … « Sous le seuil des 2,1 nécessaires au renouvellement d’une génération. »
    Lien: http://www.lessentiel.lu/fr/luxembourg/story/28218823

    Répondre