Virun 14 Deeg hunn ech mam Chloé, enger jonker Mamm, geschwat, déi virun 6 Méint e Puppelchen kritt huet. Si huet mer gesot, wéi glécklech se ass an dat hätt se sech ni konne virstellen.

Dat Klengt ass esou häerzech, et ass eng Freed, wann et Moies erwächt, an et laacht esou léif. Da kënnen mer eis Zäit huelen fir gemittlech ze babbelen an ze laachen.“

Ënner Tréinen huet se mer dunn awer verzielt, wéi schwéier et fir si ass, deem permanenten Drock vun dobaussen Stand ze halen.

Si soll elo drun denken fir nees schaffen ze goen, kritt se vun alle Säite gesot, „eng jonk Fra soll schaffe goen, an et wees ee jo ni wat am Liewen passéiert,“ etc., etc. „Wann si an hire Mann de Congé parental Vollzäit hätten, dann hätten se d’Bindung jo zum Kand gutt kéinten opbauen“, asw.

Firwat misst ech dann elo, dat Kand, ob dat ech esou laang gewaart hunn a friem Hänn ginn? Jo, ech muss dann natierlech op sou munches verzichten, mee wat ass dann heiansdo op e Restaurant verzichten, wat ass dann, op e puer Kleeder ze verzichten, wann ech weess, dat Klengt ass frou?

An nach eppes: wat wär dann no deene 15 Méint, wou dat Klengt dann all Dag doheem war, ëmmer ee vun eis bei him war, an duerno? Da komme mer all eréischt géint Owes heem. Jidderee midd, séier eppes giess, an an d’Bett? Esou stellen ech mer d’Familljeliewen net vir. Vill Leit mussen dat matmaachen, dat ass ganz schlëmm. Anerer gi jo och eens, mee fir mech selwer, neen. Ech wëll dat net, déi Zäit wou hatt kleng ass kënnt ni méi erëm.“

Et stëmmt, déi Zäit ass fort. An esou wéi den Dr Herbert Renz-Poster seet: „D’Kand huet en Agenda, eng ënnerlech Auer, wou villes opgebaut gëtt. Dat sinn, Empathie, deen anere Mënsch verstoen, op en eragoen, seng eegen Emotiounen kontrolléieren, an net, z.B. fir alles an d’Luucht goen. Dat geschitt eben duerch eng enk Bindung mat enger oder zwou Vertrauenspersounen, déi mat him kuschelen, mat him schwätzen, op déi et sech ka verloossen, déi sech Zäit huelen. Sproochen, Mathematik kann et nach ëmmer léieren, dat anert net.“

De Congé parental fir de Papp ass jo gutt fir de Papp a fir d’Kand. Mee, éischtens erlaabt mengem Mann seng Aarbecht et net, dass hien 6 Méint fort bleift an zweetens, hu mer dach all méi dovunner, wann hien ee Mol d’Woch sech intensiv kann mat deem Klengen beschäftegen“, seet d’Chloé weider.

Dann héiere mer dann, dass den Educatounsminister seet, di Kanner, déi an enger Betreiung sinn, hunn e kloeren Virdeel. „D’Wëssenschaft gëtt just eng Äntwert dorobber,, nämlech e guddene Encadrement, méiglechst fréi. Dee kann an der Famill sinn, mee mir hu keng Garantie, datt en do stattfënnt.“ **

A wat fir eng Garantie hu mer dann an enger Friemberteiung? Wann eng Mamm, e Papp weess, dass se hirem Kand alles kënne ginn, wat et brauch, firwat ginn si net ënnerstëtzt? D’Chloé kann sech nach arrangéieren, mee fir vill Familljen ass et net méiglech. An do muss eppes geschéien: et geet net, dass et Kanner ginn, déi 12 Stonnen an enger Friembetreiung sinn ouni hir Elteren ze gesinn.

Firwat musse mer dann permanent bastelen, Alternative sichen, amplaz déi Mënschen ze froen, déi dem Kand am Nootste stinn an hinnen de Choix loossen, de reelle Choix fir dass kee méi deen onmënschleche Stress muss matmaachen.

« Warum soll mühsam eine Ersatzbindungsperson konstruiert werden, wenn in den meisten Fällen, das Original zur Verfügung steht « , sot di gréng Politikerin Lena Kürchner an engem Bréif… un di Gréng.*

Och deen Elterendeel, de bereet ass doheem ze bleiwen fir seng Kanner misst och eng finanziell Hëllef zegutt hunn.

Wéi oft héier mer dann dass vill Kanner net frou sinn, nervös an opgedréint sinn? Wéi oft héiere mer dann dass d’Educateuren se kaum nach packen? Firwat ginn si net gefrot, wat hir Meenung ass? Géife mer dann eng Wourecht héieren, déi mer net gäeren héieren?

D’Kanner sinn eis Zukunft a mir mussen alles maachen, dass se autonom an zefridden Erwuessener ginn. Dat geet net wa mer hinnen dat ewech huelen, wat se am néidegsten brauchen. D’Gesellschaft vu mar wäert deier bezuelen, wa mer haut, de Kanner hir Besoine ignoréieren.

Isabelle Schmit-Mines

21.08.2023

Vater Mutter Staat“, Rainer Sadler, Ludwig Verlag

** Chamberblietchen, Séance vum 9. März 2023

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *